32. Sonndeg am Joereskrees B - 10.11.2024

Hubertusmesse Berdorf, 10. November 2024 (Amphithéatre Brechkaul)


Home Back Print Kontakt


Hubertusmesse

Berdorf, 10. November 2024


Gebet


Gütiger Gott, du hast dem heiligen Hubertus die Liebe zur Natur und zur Jagd gegeben. Lass uns, so wie er, in gottgefälliger Weise mit Wild und Wald umgehen und gib, dass auch wir den Weg des Glaubens gehen. Darum bitten wir durch Christus, unsern Herrn. Amen.


Fürbitten


Täglich sehen, hören und lesen wir in den Medien von Hass, Kriegen, Morden und menschlichen Größenwahn in der Welt.

Wir erfahren aber auch Nachrichten über gemeinschaftliche Hilfe, Toleranz und Nächstenliebe. In den Anliegen unserer Zeit bitten wir zu Gott, unserem Vater :


1 : Wir bitten dich, gib uns den Willen und die Kraft, den nachbarschaftlichen Frieden und die friedvolle Natur zu bewahren. Gott, unser Vater, wir bitten dich, erhöre uns.


2 : Gib den verantwortungsvollen Politikern in Europa und in allen Krisengebieten der Welt den Willen und die Kraft, ein friedliches Miteinander der Völker und Staaten anzustreben. Gott, unser Vater, wir bitten dich, erhöre uns.


3 : Hilf uns, den Menschen, die bei uns Schutz suchen, nicht mit Angst, Misstrauen oder Hass zu begegnen. Gott, unser Vater, wir bitten dich, erhöre uns.


4 : Looss eis bäi de Juegten dat Gemeinschaftlecht net vergiessen : d’Léift an den Equiliber vun der Natur, d’Chance, als Frënn ënnerwee ze sinn an duerno zesummen en Iessen ze deelen. Gott, eise Papp, erhéier eis.


5 : Gëff eis d’Wäitsiicht, dass mir d’Suerge vun der Welt eescht huelen an eis all Dag asetzen fir déi, déi keng Stëmm hunn an eiser Welt vu Leeschtung a Wuesstum. Gott, eise Papp, erhéier eis.


6 : Ouni dat Gefill an d’Léift zu der Traditioun giff et dës Feier net ginn. Mir denke ganz besonnesch un all déi, déi virunn eis d’Traditioun vun der Haupeschmass héich gehalen hunn, déi déi eis hir Werter vum Respekt vun der Natur mat op de Wee ginn hunn an elo schonns an den éiwege Fridden agaange sinn. Gott, eise Papp, erhéier eis.


Père très saint, voici nos prières que nous avons exprimées : le souci du respect de la nature et de la chasse, l’égalité entre les différents partenaires qui vivent sur notre terre, le respect de ceux qui n’ont personne à les soutenir, la paix de nous-mêmes et la paix mondiale, sans oublier ceux qui nous ont transmis cette belle tradition de la messe en l’honneur de Saint Hubert. Exauce nos prières, nous te prions par Jésus Christ, notre frère. Amen.



Priedegt


Es ist des Jägers Ehrenschild, dass er beschützt und hegt sein Wild, waidmännisch jagt wie sich’s gehört, den Schöpfer im Geschöpfe ehrt. (Oskar von Riesenthal a sengem Buch vun 1880 « Waidmannsheil »).

Wat seet een zu engem erfollegräiche Jeeër ? Am bekanntesten ass wuel de Begrëff Weidmannsheil. Dee Begrëff dréckt de Wonsch fir eng erfollegräich Juegt aus, bedeit awer och de Glöckwonsch fir eng erfollegräich Juegt. Merci gesot gëtt sech ënnert de Jeeër mat Weidmannsdank. Sou gegoogelt, an sou wäert et wuel an däischsproochege Gebidder sinn, oder sou war et.

D’Juegt kennen a schätze geléiert hunn ech duerch de Jeeër a menger Famill, den Tom. Bis dohinner hat ech eng gutt Relatioun zur Natur, ouni dass een et kéint méi nennen. Ech hunn d’Natur respektéiert, hunn se awer a Rou gelooss, an si mech och wäitgehendst.

Nun hu mir awer an de leschte Joren méi oft déi eegen Dynamik vun der Natur erliewt, dass d’Natur eppes Lieweges ass, eppes wat ee kenne muss, wat ee respektéieren a schütze muss, well et soss geféierlech Ausmoossen unhëllt déi deen ach sou schlaue Mënsch net kontrolléiere kann. Héichwaasser een zweemol a menger Kannerzäit, ouni perséinlech Follge fir mech, sou dass ech et konnt vergiessen, 6mol an engem Joer Ufank den 90er Joren, och ouni persiénlech Follgen, an elo all Joer Héichwaasser, nët

ëmmer ouni perséinlech Follgen, also elo méi bedroolech.

Lo kann ee soen, dass et dat fréier och ginn ass, dass do och Äiszeiten a méi waarm Zäiten sech ofgewiesselt hunn, dass et gutt war, dass een et deemools eben net verstanen huet, dass d’Welt awer weider gaangen ass. An awer, haut wëssen a kenne mir méi, mir kënnen eis Saachen erklären, well mir jo awer fortschrëttlech an intelligent sinn, an awer komme mir der Welt an der Natur net hannendrunn. Mat eidelen Hänn sti mir do, a kucken no, an d’Katastrophe wiesselen sech of. Op der enger Säit stinn déi mat de Léierbicher, d’Pharisäer fir a reléisen Termen ze schwetzen, op der anerer Säit déi, deenen alles egal ass, oder déi näischt hunn an näischt ännere kënnen oder wëllen… dat wat kloer ass a wat eis irgendwéi eene kann, ass : de perséinleche Spaass muss bleiwen. Vergiess ginn déi, déi längst kee Spass méi hu kënnen well hir Situatioun auswegslos ass.

Keng Angscht, ech wëll Iech de Spaass nët huelen, ech versiche just eis Welt an de Mënsch e bëssi ze beschreiwen an an e Kader ze setzen.

Oft sti mir do mat eidelen Hänn, mir musse bal wéi d’Wittfra an der Lesung nach eng leschte Kéier iessen an da stierwen.

Oft kucke mir iwerflächlech, si séier do mat eisen Urteeler an eisem Verurteelen.

Eng Grupp, déi et nawell gäeren ofkritt, sinn d’Jeeër. All Clicheeë si mer bekannt. Nu froen ech mech, wéi et an eise Bëscher an op de Felder giff ausgesinn, wann si net do wären a fir e gewëssenen Equiliber vum Wëldbestand giffe suergen. Wéi wär et dann eréischt mat dem Wëldschued ? Dann hätte mir längst och an den Dierfer en Zonk ronderëm eis Terrainen. Niewent deem, dass d’Jeeër vill an de Bëscher sinn an nom Wëld kucken, krank Déieren identifizéieren, gesinn si och, wéi et mam Bësch selwer ass, wéi eng Beem krank sinn, a mussen ëmgemaach ginn. Vill vun hinnen kucken net nëmmen op d’Déier, mee och op de Baambestand an hëllefen do mat.

Ech hunn do zimmlech Respekt virunn dem Engagement, wat wäit iwwer d’Zäit, wou d’Juegten opsinn, erausgeet.

Kloer, dass no enger Juegt gefeiert gëtt, mee dat gesellschaftlecht a gesellecht gehéiert och zu enger gelongener Juegt. Wivill besser schafft et sech zesummen, wann een éierlech befrënd ass, wann een en Deel vum Liewen deele kann ?

Ee vun de Problemer an eiser Kierch zbsp ass, dass mir keng Zäit méi hunn fir un gesellschaftleche Momenter deelzehuelen. D’Leit kennen eis net méi genuch, a mir kennen d’Leit net méi, duerfir sinn d’Kierchen zum Deel eidel.

Déi Gruppen, wou mënschlech eng Bindung ass, wou een zesummenhält, do ass ee bereet, méi ze investéieren.

Den Hl Hubertus, deen als Pfalzgrof um Haff vum Theuderich III zu Paräis, spéider zu Metz um Haff vum Pippin dem Mëttleren, mat deem hie wuel Famill war, geliewt huet, ass nom Doud vu senger Fra als Einsiedler an d’Bëscher vun den Ardenne gaangen, wou hien apostolesch täteg war. 705 ass hie Bëschof ginn vun Tongeren-Maastricht, 716 huet hie säi Bëschofssëtz op Léck verluecht an huet do d’Lambertuskierch baue gelooss. Wuel dee wichtegste Saz an der Biographie awer ass, dass hien als fürsorgleche Wohltäter bekannt war.

Fürsorglech Wohltäter, si mir dat ? Kenne mir dat ? Kënne mir dat ?


Wann ech d’Hirschlegend kucken, dass den Hubertus sech duerch d’Erscheinung vun engem Hirsch mat engem Kräiz am Geweih deefe gelooss huet, da muss ech och hir Interpretatiounen kucken. Déi eng Interpretatioun seet, dass doduerch (déi Erscheinung) den Hubertus vun enger Jeeër zu engem Nët-Jeeër ginn ass. Déi aner Interpretatioun seet, dass hien vun engem brutale Jeeër zu engem chrëschtlech-gemäßegte Jeeër ginn ass. Ass mir amfong déi sympateschst Interpretatioun.

Ech wënschen eis, dass mir net waarden, bis d’Schëff vun eiser gudder aaler Äerd ënner gaangen ass, mee dass mir eis Verantwortung huelen, an eis all Dag asetzen fir de Schutz vun der Natur an der Schöpfung. Net géintenaner, mee matenaner.

De Jeeër wënschen ech eng glécklech Hand, dass se mat Häerz a Séil a Verstand fir den Equiliber an der Natur suergen an eis Welt sou e Stéck méi harmonesch maachen.

Am Evangelium huet et geheescht, dass déi aarm Wittfra méi ginn huet wéi déi aaner, déi just eppes ginn hu vun hirem Iwerfloss, während d’Wittra eppes ginn huet, wat se konnt ginn, och wann dat net vill war. Schenken am Sënn vum Jesus heescht, eppes ze ginn an tatsächlech a Gedanke bäi deem ze sinn, deem ech eppes ginn, an net bäi mir. Ech hunn deen aneren am Bléck, an ech ginn him e Stéck vu mir.(Kommentar vum Gérard Kieffer am Lëtzbuerger Wort vumFreideg, 8. November)


E klengt Gedicht fir d’Jeeër zum Ofschloss :

Das Schiessen allein macht den Jäger nicht aus.

Wer weiter nichts kann, bleibe besser zuhaus.

Doch wer sich ergötzt an Wild und Wald,

Auch wenn es nicht blinzelt und knallt,

Und wer noch hinaussieht zur jagdlosen Zeit

Wenn Heide ung Holz sind vereist und verschneit,

Wenn mager die Äsung und bitter die Not

Und hinter dem Wild einherschleicht der Tod,

und wer ihm dann wehret, ist Waidmann allein,

Der Heger, der Pfleger kann Jäger nur sein. (Hermann Löns, Der Heger)


Hand op d’Häerz : Schenken eis Jeeër (net och) e Stéck vu sech fir d’Natur ouni op sech ze kucken? Schenke mir e Stéck vun eis ouni op eis ze kucken ? Si mir fürsorgliche Wohltäter am Liewen ? All zesummen ?




Mass vum 27. Oktober
Klick op d’Bild fir de ganzen Text als PDF!
Mass vum 24. November

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement