
|
|
8. Sonndeg am Joereskrees C - 1./2.3.2025
8. Sonndeg am Joereskrees C - 1./2.3.2025
Léif Matchrëschten! Et ass Fuessonndeg. Nach ëmmer si vill Mënschen, déi op dësem WE feieren an sech verkleeden. De Mënsch brauch esou ee Ventil, wou e ka munches lass ginn, wat him Suerge mécht. Awer och am Alldag kann de Schäi falsch sinn. Munch Mënsche weisen net dat, wat si wierklech sinn an denken. Och do verstoppen si sech ganz dacks hannert enger Mask. Heiansdo ass et einfach Angscht, heiansdo gi Mënschen och dozou gedriwwen, fir sech ze verstoppen. D’Evangelium vun haut schwätzt eng däitlech Sprooch. Mir sollen éierlech sinn, jo och, wa mir aus wat fir Grënn och ëmmer eis net esou richteg trauen eist eigentlech Gesiicht ze weisen. Leeë mir eis Masken of a stelle mir eis esou, wéi mir sinn, virun eisen Här a froe mir hien ëm säin Erbaarmen.
Här, Jesus Christus, du bass eise festen Halt am Liewen. Kyrie eleison. Här, Jesus Christus, du féiers eis an alle schwéiere Situatioune vum Liewen. Christe eleison. Här, Jesus Christus, du méchs eis fräi vun aller Nout. Kyrie eleison.
Dagesgebiet
Allmächtege Gott, deng Vorsehung bestëmmt de Laf vun Allem a vum Schicksal vun de Mënschen. Féier eis Welt op de Weeër vun denger Uerdnung, fir datt deng Kierch am Fridden däin Optrag erfëlle kann. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, déi Jong, eisen Här, hien, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft a regéiert an all Éiwegkeet. Amen.
Nous t’en prions, Seigneur: accorde-nous de vivre dans un monde où les événements se déroulent selon ton dessein de paix, et où ton Église connaisse la joie de te servir dans la sérénité. Par Jésus.
Gott, unser Vater, du hast uns in Liebe nach deinem Abbild geschaffen und in uns die Kraft und die Fähigkeit hineingelegt, gut zu leben, den Menschen in Güte zu begegnen, gut zu sein. Erfülle uns in dieser Feier mit deinem Geist, der uns antreibt, das Gute zu tun zu deiner Ehre und zum Heil der Menschen. Darum bitten wir dich durch den, der uns ein Beispiel gegeben hat, wie auch wir leben und handeln sollen, deinen Sohn Jesus Christus, unseren Bruder und Herrn.
Liesungen: Sir 27, 4-7 (5-8) / 1 Kor 15, 54-58 / Lk 6, 39-45
Lesung aus dem Buch Jesus Sirach. Im Sieb bleibt, wenn man es schüttelt, der Abfall zurück; so entdeckt man den Unrat eines Menschen in seinem Denken. Der Brennofen prüft Töpferware und die Erprobung des Menschen geschieht in der Auseinandersetzung mit ihm. Den guten Boden eines Baumes bringt seine Frucht zum Vorschein; so das Wort die Gedanken des Herzens. Lobe keinen Menschen, ehe du nachgedacht hast; denn das ist die Prüfung für jeden!
Kv Gut ist es, dem Herrn zu danken.
Gut
ist es, dem Herrn zu danken, *
Der
Gerechte sprießt wie die Palme, *
Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Schwestern und Brüder! Wenn sich aber dieses Verwesliche mit Unverweslichkeit bekleidet und dieses Sterbliche mit Unsterblichkeit, dann erfüllt sich das Wort der Schrift: Verschlungen ist der Tod vom Sieg. Tod, wo ist dein Sieg? Tod, wo ist dein Stachel? Der Stachel des Todes aber ist die Sünde, die Kraft der Sünde ist das Gesetz. Gott aber sei Dank, der uns den Sieg geschenkt hat durch unseren Herrn Jesus Christus. Daher, meine geliebten Brüder und Schwestern, seid standhaft und unerschütterlich, seid stets voll Eifer im Werk des Herrn und denkt daran, dass im Herrn eure Mühe nicht vergeblich ist!
Halleluja. Halleluja. Haltet fest am Worte Christi; dann leuchtet ihr als Lichter in der Welt. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas. In jener Zeit sprach Jesus in Gleichnissen zu seinen Jüngern: Kann etwa ein Blinder einen Blinden führen? Werden nicht beide in eine Grube fallen? Ein Jünger steht nicht über dem Meister; jeder aber, der alles gelernt hat, wird wie sein Meister sein. Warum siehst du den Splitter im Auge deines Bruders, aber den Balken in deinem eigenen Auge bemerkst du nicht? Wie kannst du zu deinem Bruder sagen: Bruder, lass mich den Splitter aus deinem Auge herausziehen!, während du selbst den Balken in deinem Auge nicht siehst? Du Heuchler! Zieh zuerst den Balken aus deinem Auge; dann kannst du zusehen, den Splitter aus dem Auge deines Bruders herauszuziehen. Es gibt keinen guten Baum, der schlechte Früchte bringt, noch einen schlechten Baum, der gute Früchte bringt. Denn jeden Baum erkennt man an seinen Früchten: Von den Disteln pflückt man keine Feigen und vom Dornstrauch erntet man keine Trauben. Der gute Mensch bringt aus dem guten Schatz seines Herzens das Gute hervor und der böse Mensch bringt aus dem bösen das Böse hervor. Denn wovon das Herz überfließt, davon spricht sein Mund.
Lecture du livre de Ben Sira le Sage. Quand on secoue le tamis, il reste les déchets; de même, les petits côtés d’un homme apparaissent dans ses propos. Le four éprouve les vases du potier ; on juge l’homme en le faisant parler. C’est le fruit qui manifeste la qualité de l’arbre ; ainsi la parole fait connaître les sentiments. Ne fais pas l’éloge de quelqu’un avant qu’il ait parlé, c’est alors qu’on pourra le juger.
R/ Il est bon, Seigneur, de te rendre grâce!
Qu’il
est bon de rendre grâce au Seigneur,
Le
juste grandira comme un palmier,
Vieillissant,
il fructifie encore,
Lecture de la première lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens. Frères, au dernier jour, quand cet être périssable aura revêtu ce qui est impérissable, quand cet être mortel aura revêtu l’immortalité, alors se réalisera la parole de l’Écriture : La mort a été engloutie dans la victoire. Ô Mort, où est ta victoire ? Ô Mort, où est-il, ton aiguillon ? L’aiguillon de la mort, c’est le péché ; ce qui donne force au péché, c’est la Loi. Rendons grâce à Dieu qui nous donne la victoire par notre Seigneur Jésus Christ. Ainsi, mes frères bien-aimés, soyez fermes, soyez inébranlables, prenez une part toujours plus active à l’œuvre du Seigneur, car vous savez que, dans le Seigneur, la peine que vous vous donnez n’est pas perdue.
Alléluia. Alléluia. Vous brillez comme des astres dans l’univers en tenant ferme la parole de vie. Alléluia.
Évangile de Jésus Christ selon saint Luc. En ce temps-là, Jésus disait à ses disciples en parabole : « Un aveugle peut-il guider un autre aveugle ? Ne vont-ils pas tomber tous les deux dans un trou ? Le disciple n’est pas au-dessus du maître ; mais une fois bien formé, chacun sera comme son maître. Qu’as-tu à regarder la paille dans l’œil de ton frère, alors que la poutre qui est dans ton œil à toi, tu ne la remarques pas? Comment peux-tu dire à ton frère: “Frère, laisse-moi enlever la paille qui est dans ton œil”, alors que toi-même ne vois pas la poutre qui est dans le tien ? Hypocrite! Enlève d’abord la poutre de ton œil ; alors tu verras clair pour enlever la paille qui est dans l’œil de ton frère. Un bon arbre ne donne pas de fruit pourri; jamais non plus un arbre qui pourrit ne donne de bon fruit. Chaque arbre, en effet, se reconnaît à son fruit : on ne cueille pas des figues sur des épines ; on ne vendange pas non plus du raisin sur des ronces. L’homme bon tire le bien du trésor de son cœur qui est bon ; et l’homme mauvais tire le mal de son cœur qui est mauvais : car ce que dit la bouche, c’est ce qui déborde du cœur.
Priedegt
Mir feieren haut de Fuessonndeg. D’Fuesent ass traditionell déi Zäit, wou mir eis mat enger gewësser Béisaartegkeet lëschteg maachen iwwert déi, déi do uewe sinn. D’Fuesent war esou ee klengt Ventil, dat den Iwwerdrock bäi de Mënsche géint hier Ënnerdréckung vun deenen, déi regéieren oder kommandéieren, ofgebaut huet. Mat Humor ass op d’Feeler vun deenen Dichtege gekuckt ginn. Heiansdo brauch de Mënsch ee klengen Ausgläich, andeems hien sech iwwer dëst an dat amuséiert an och alt emol echt falscht Verhalen opdeckt.
Falscht Verhalen op ze décken ass sécherlech net ganz falsch. Et féiert awer dacks liicht dozou, dass dat eegent Verhalen net méi objektiv gesi gëtt. Sinn ech selwer esou perfekt a korrekt? Hunn ech keng Feeler? De Mënsch tendéiert allgemeng dozou, fir sech selwer als gutt ze gesinn. Et si meeschtens déi aner, déi eppes net gutt maachen. Haut am Evangelium steet dofir dem Jesus seng däitlech Manung: „Warum siehst du den Splitter im Auge deines Bruders, aber den Balken in deinem eigenen Auge bemerkst du nicht?“ (Lk 6, 41)
Kucke mir an eis Welt eraus, sou gesi mir ëmmer nees dëst Muster am Verhalen. Op an der Politik, an der Wirtschaft oder an der Kierch siche mir no de Schëllegen, fir dat, wat net gutt leeft. Et sinn ëmmer erëm „déi aner“, ni mir selwer, déi ee Feeler gemaach hunn. Sou laang alles gutt gelaf ass, huet keen sech drëm gekëmmert. Leeft eppes aus dem Rudder, da siche mir gläich no Schëllegen a sinn och direkt do mat eiser perséinlecher Meenung, wéi een et dach besser gemaach hätt. Et ass schonn interessant sech dëst Spill vum Mënsch méi genee un ze kucken. Sou laang ech d’Feeler vun iergendengem anere ka benennen a mech doriwwer kann opreegen, brauch ech mech net ëm dat eegent Feelverhalen ze këmmeren.
Am Moment huet eis ganz Welt dem Uschäin no e puer grouss Feinden, déi vun alle Säiten als déi Schëlleg um Misär eraus gestrach ginn. Do ass an den USA den Trump, a Russland de Putin, an Israel den Netanjahu asw. Mir fannen ëmmer nees esou Leit, op déi mir alles kënne projezéieren, wat net richteg leeft. Dass all des Leit ganz däitlech grouss Feeler gemaach hunn an nach ëmmer maachen, wëll ech net ofstreiden. Awer och mir sinn eben net fräi vu falschem Verhalen.
Egal wou mir hikucken, mir fannen ëmmer nees Saachen, déi absolutt net an der Rei sinn. De Jesus ermaant eis haut, fir als éischt bäi eis selwer un ze fänken. Wa jidderee viru senger eegener Dier géif kieren, da wier alles schéi propper, heescht et. Wéi gesot, dat wëll net heeschen, dass mir grouss Feeler net sollen ukloen. Awer wa mir dat maachen, musse mir eben och mat engem kritesche Bléck op eis selwer kucken. Mir verdrängen eis eege schlecht Säiten a projezéieren si all ze dacks op anerer.
Et gëtt dee berüümten Ausdrock vun engem „Heuchler“. Heuchler si Mënschen, déi sech selwer op engem richtege Wee gesinn, wärend déi anerer sech ieren. Dat eegent falscht Verhale gëtt ausgeblent. Mir hunn dat mat groussem Schmäerz an eiser Kierch an deene leschte Jore missten erliewen. Mam Fanger huet eis Kierch gären op all déi Béis gewisen. Dat falscht Verhalen an den eegene Reien awer ass vertuscht ginn. „Du Heuchler! Zieh zuerst den Balken aus deinem Auge; dann kannst du zusehen, den Splitter aus dem Auge deines Bruders herauszuziehen.“ (Lk 6, 42b) Genee dee Saz seet eis als Kierch de Jesus haut. Hie seet en och zu ganz ville Mënschen, déi esou gären iwwer anerer urteelen.
Als Chrëschten hu mir eng laang Geschicht. Villes war gutt. Villes war awer eben och schlecht. Aus Feeler kann ee selwer léieren. An eisem kierchlechen Ëmgang mat Mënschen, déi net an eng definéiert Norm gepasst hunn, hu mir déi nawell séier ausgeschloss. Vläicht wier et elo grad un der Zäit d’Aen op ze maachen an nei ze gesinn, wéi een an der Zukunft dat alles kéint besser maachen. Wann een déi eege Schwächten erkennt an unhëlt, da kann een d’Schwächte bäi anere Mënsche wuel och mat méi enger grousser Liichtegkeet unhuelen an toleréieren. Mir sinn dobäi Mënschen, déi léieren, déi léiere generéis a frëndlech ee mat deem aneren ëm ze goen. Wa mir selwer esou vis-à-vis vun anere sinn, kréie mir och selwer an der Reegel Generositéit a Frëndlechkeet erëm geschenkt. Dat Entscheedend ass, dass ech net als éischt anerer wëll ännere mä, dass ech mech änneren. Et ass genee dat, wat de Jesus haut am Evangelium vun eis fuerdert.
Kierchekritesch muss ee soen, dass dat och de Problem vun eiser Kierch war an nach ëmmer ass, dass mir wollten a wëllen d’Mënschen änneren. Sécher war dat an enger duerchaus gudder Intentioun geduecht. Allerdéngs war d’Ausféierunge ganz dacks zimmlech veruechtend vis-à-vis vu ville Mënschen. No all de Skandaler fält eis dat elo op de Kapp. Natierlech ass dëst net nëmmen an der Kierch esou. Och an allen anere Beräicher gëllt dat Prinzip. Grad dofir ass et wichteg ëmmer nees op dem Jesus säi Wuert vun haut ze lauschteren. Et ass universal gülteg. Vum Kardinol Carlo Maria Martini gëtt et ee schéint Wuert an dëser Saach: „Die wichtigste Verhaltensregel, die Jesus uns lehrt, ist die: Wenn ich weiß, dass der andere aus dem gleichen Holz geschnitzt ist wie ich, dass er ähnliche Stärken und Schwächen hat wie ich, dann gibt diese Nähe auch Kraft, den anderen zu mögen. Wenn ich mich vom anderen gedrängt fühle und mir denke, dass er böse ist und ich gut bin, dass er schwach ist und ich stark bin, dann mag ich ihn nicht. Wenn ich weiß, dass wir alle im selben Boot sitzen, dann weckt dieser Gedanke in mir Mitgefühl und Liebe.“[1] Ech mengen, méi gëtt et dozou net ze soen.
[1] Hei zitéiert no: Franz Kamphaus, Den Armen eine frohe Botschaft bringen. Inspirationen zum Lukas-Jahr, Patmos Verlag Ostfildern 2021, S.158.
Fürbitten
Loosse mir zu Gott bieden, hien dee fir vill Mënschen een Halt ginn ass:
* Fir all, déi Verantwortung droen an der Kierch, an der Gesellschaft, an der Politik, an der Wirtschaft an an der Wëssenschaft. Härgott, héier eis.
* Féier eis Kierch ëmmer méi zu enger Eenheet. Kuck dobäi och besonnesch op eis Pargemeinschaft. Härgott, héier eis.
* Fir all Mënschen, déi a Krichs- an a Krisegebidder vun eiser Welt mussen aushalen. Härgott, héier eis.
* Fir all déi, déi op der Flucht sichen an eng nei Heemecht sichen. Härgott, héier eis.
* Fir all déi, déi getäuscht goufen am Liewen an déi enttäuscht si vun eiser Gemeinschaft. Härgott, héier eis.
* Fir all déi krank an eeler Mënschen, déi elo net mat eis feiere kënnen. Härgott, héier eis.
* Fir all eis léif Verstuerwen, déi mir gär haten an déi mir vermëssen. Härgott, héier eis.
Gott, du bass éierlech a gutt zu eis. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen.
II.
Dieu veut que l’humanité parvienne à sa pleine maturité éthique et spirituelle. Prions-le avec ardeur, afin que ce souhait se réalise de plus en plus dans notre monde. Que ta vie grandisse en nous, Seigneur. – Prions le Seigneur pour tous ceux et celles qui se réclament de son nom; qu’il leur apprenne à vivre à ta manière, dans la miséricorde et la bonté. – Prions le Seigneur pour tous les gens qui ont fait le pari du bien sur le mal; qu’il leur fasse porter du fruit en abondance. – Prions le Seigneur pour les personnes qui assument des responsabilités au sein de notre société; qu’il les garde de tout aveuglement. – Prions le Seigneur pour l’ensemble de nos communautés; qu’il leur accorde de prendre une part toujours plus active à son projet de salut. Accueille favorablement notre prière, Seigneur. Conduis ton peuple toujours davantage vers la plénitude de la vie. Nous te le demandons par Jésus, ton Fils, notre Seigneur. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Gudde Gott, du selwer hues eis d’Gowen geschenkt, déi mir op däin Altor leen. Huel si un als Zeeche vun eiser Veréierung a gëff eis d’Kraaft zu engem Liewen no dengem Wellen, fir datt mir eng Kéier deen éiwege Loun empfänken. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen.
Seigneur Dieu, ce qui est offert en l’honneur de ton nom, c’est toi qui le donnes, et tu reconnais dans ces offrandes notre attachement à ton service; nous implorons ta bonté: que ta largesse, d’où vient notre mérite, contribue à notre récompense éternelle. Par le Christ, notre Seigneur.
Guter Gott, nimm diese unsere Gaben an und verwirkliche in uns allen deinen Traum von einer besseren Welt, einer Welt, in der jeder bereit ist, für andere da zu sein. Darum bitten wir durch Christus, unseren Bruder und Herrn.
"Versöhnung" II - Der Bund des Friedens PRÄFATION
Wir
danken dir, Gott, allmächtiger Vater,
Dein
Geist bewegt die Herzen, wenn Feinde
wieder
mitein an der sprechen.
SANKTUS
Herr
aller Mächte und Gewalten,
gepriesen
bist du in
Darum
feiern wir die Versöhnung,
die
Christus uns er wirkt hat, und bitten dich:
Heilige
diese Gaben durch deinen Geist,
Denn
bevor er sein Leben hingab, um uns zu befreien,
Nehmet
und esset alle davon:
Ebenso
nahm er nach dem Mahl
den
Kelch, dankte wiederum,
Nehmet
und trinket alle daraus:
Geheimnis des Glaubens:
Herr,
unser Gott.
Wir
bitten dich, nimm auch uns
an
in deinem Sohn und
Wie
du uns hier am Tisch deines Sohnes versammelt hast,
Durch
ihn und mit ihm und in ihm ist dir,
Gott,
allmächtiger Vater,
Vater Unser
Loosse mir zesumme virun eise Papp trieden an hien ëm all dat froen, wat mir fir d’Liewe brauchen. Maache mir dat mat deene Wierder, déi eisen Här Jesus eis geléiert huet: Vater Unser …
Friddensgebiet
Den éischte Schrëtt hin zum Fridden ënnertenaner ass d’Zefriddenheet mat sech selwer, am Fridde si mat sech selwer. Froe mir Gott, dass hien eis Häerzer mat Fridden erfëllt, fir dass mir de Fridde vun Häerzen och anere wënsche kënnen an dass Fridden ass an eis, duerch eis, mat eis an ëm eis.
Schlussgebiet
Baarmhäerzege Gott, du hues eis an dëser Moolzecht d’Gof vum Heel geschenkt. Däi Sakrament soll eis Kraaft ginn an dëser Zäit an an der kommender Welt dat éiwegt Liewen. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen.
Tu nous as rassasiés, Seigneur, par ce don qui nous sauve, et nous implorons ta miséricorde: par ce même sacrement qui nous fortifie en cette vie, rends-nous, dans ta bonté, participants de la vie éternelle. Par le Christ, notre Seigner.
Herr Jesus Christus, hab Dank dafür, dass wir dir begegnen durften im Sakrament des Wortes und des Tisches. Lass uns dadurch gestärkt und ermutigt hinausgehen in unseren Alltag und in die Welt, in die wir hineingestellt sind als Botinnen und Boten des Evangeliums. Begleite uns auf unseren Wegen, damit wir nicht müde werden in unserem Dienst. Darum bitten wir dich am Ende dieser Feier und alle Tage unseres Lebens.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement



