
|
|
Dräifaltegkeet - 30./31.5.2026
Dräifaltegkeet - 30./31.5.2026
„Glauben heißt, die Unbegreiflichkeit Gottes ein Leben lang auszuhalten.“ Sou huet et dee groussen Theolog Karl Rahner mol formuléiert. Wat ass Glawen? Dat ass eng vun deene Froen, déi mir och als sougenannt gleeweg Chrëschten nawell net liicht beäntwerte kënnen. Haut feiere mir d'Fest vun deem dräifaltege Gott. Dee Begrëff vun der Dräifaltegkeet kënnt eis dobäi nach zimmlech liicht aus dem Mond. Awer fir ze erklären an ze verstoen, wat domat gemengt ass, léist eis dann dach mat grousse Fragezeechen do stoen. Wien a wéi ass Gott? Gëtt et eng Äntwert op déi Fro? Gott ass ee Geheimnis, dat am leschten net ze begräifen, net ze verstoen ass. Loosse mir eist Staune viru Gott einfach an eis Feier mat eran huelen. Froe mir seng Gnod fir eis un.
Här eise Gott, du bass eise Papp. Här, erbaarm dech. Här Jesus Christus, du hues eis erléist. Christus, erbaarm dech. Hellege Geescht, du begleets eis am Liewen. Här, erbaarm dech.
Dagesgebiet
Herr, himmlischer Vater, du hast dein Wort und deinen Geist in die Welt gesandt, um das Geheimnis des göttlichen Lebens zu offenbaren. Gib, daß wir im wahren Glauben die Größe der göttlichen Dreifaltigkeit bekennen und die Einheit der drei Personen in ihrem machtvollen Wirken verehren. Darum bitten wir durch Jesus Christus.
Dieu notre Père, tu as envoyé dans le monde ta Parole de vérité et ton Esprit de sainteté pour révéler aux hommes ton admirable mystère; donne-nous de professer la vraie foi en reconnaissant la gloire de l'éternelle Trinité, en adorant son Unité toute-puissante. Par Jésus Christ
Guter Gott, du zeigst uns Menschen dein dreifaches Gesicht, so wie du bist. Im Vater bist du uns Schöpfer, im Sohn bist du uns Leben, im Heiligen Geist bist du uns Liebe. Immer bleibst du im Dialog mit uns Menschen. Lass uns das Geheimnis deines Wesens immer tiefer erfassen und den Menschen durch unser Leben von deiner Liebe Zeugnis geben. Darum bitten wir durch Christus, unseren Bruder und Herrn. Amen.
Liesungen: Ex 34,4-9 / 2 Kor 13, 11-13 / Joh 3, 16-18
Lesung aus dem Buch Exodus. In jenen Tagen stand Mose früh am Morgen auf und ging auf den Sinai hinauf, wie es ihm der HERR aufgetragen hatte. Die beiden steinernen Tafeln nahm er mit. Der HERR aber stieg in der Wolke herab und stellte sich dort neben ihn hin. Er rief den Namen des HERRN aus. Der HERR ging vor seinem Angesicht vorüber und rief: Der HERR ist der HERR, ein barmherziger und gnädiger Gott, langmütig und reich an Huld und Treue: Sofort verneigte sich Mose bis zur Erde und warf sich zu Boden. Er sagte: Wenn ich Gnade in deinen Augen gefunden habe, mein Herr, dann ziehe doch, mein Herr, in unserer Mitte! Weil es ein hartnäckiges Volk ist, musst du uns unsere Schuld und Sünde vergeben und uns dein Eigentum sein lassen!
Gepriesen bist du, HERR, du Gott unserer Väter. Gerühmt und verherrlicht in Ewigkeit. Gepriesen bist du im Tempel deiner heiligen Herrlichkeit. Gerühmt und verherrlicht in Ewigkeit. Gepriesen bist du, der in die Tiefen schaut und auf Kerubim thront. Gerühmt und verherrlicht in Ewigkeit. Gepriesen bist du auf dem Thron deiner Herrschaft. Gerühmt und verherrlicht in Ewigkeit. Gepriesen bist du am Gewölbe des Himmels, gerühmt und verherrlicht in Ewigkeit.
Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an dir Gemeinde in Korinth. Im Übrigen, Brüder und Schwestern, freut euch, kehrt zur Ordnung zurück, lasst euch ermahnen, seid eines Sinnes, haltet Frieden! Dann wird der Gott der Liebe und des Friedens mit euch sein. Grüßt einander mit dem heiligen Kuss! Es grüßen euch alle Heiligen. Die Gnade des Herrn Jesus Christus und die Liebe Gottes und die Gemeinschaft des Heiligen Geistes sei mit euch allen!
Halleluja. Halleluja. Ehre sei dem Vater und dem Sohn und dem Heiligen Geist. Ehre sei dem einen Gott, der war und der ist und der kommen wird. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. Gott hat die Welt so sehr geliebt, dass er seinen einzigen Sohn hingab, damit jeder, der an ihn glaubt, nicht verloren geht, sondern ewiges Leben hat. Denn Gott hat seinen Sohn nicht in die Welt gesandt, damit er die Welt richtet, sondern damit die Welt durch ihn gerettet wird. Wer an ihn glaubt, wird nicht gerichtet; wer nicht glaubt, ist schon gerichtet, weil er nicht an den Namen des einzigen Sohnes Gottes geglaubt hat.
Lecture du livre de l'Exode. En ces jours-là, Moïse se leva de bon matin, et il gravit la montagne du Sinaï comme le Seigneur le lui avait ordonné. Il emportait les deux tables de pierre. Le Seigneur descendit dans la nuée et vint se placer là, auprès de Moïse. Il proclama son nom qui est: LE SEIGNEUR. Il passa devant Moïse et proclama: «LE SEIGNEUR, LE SEIGNEUR, Dieu tendre et miséricordieux, lent à la colère, plein d’amour et de vérité. » Aussitôt Moïse s’inclina jusqu’à terre et se prosterna. Il dit: «S’il est vrai, mon Seigneur, que j’ai trouvé grâce à tes yeux, daigne marcher au milieu de nous. Oui, c’est un peuple à la nuque raide ; mais tu pardonneras nos fautes et nos péchés, et tu feras de nous ton héritage.»
R/ À toi, louange et gloire éternellement! Béni sois-tu, Seigneur, Dieu de nos pères: R/ Béni soit le nom très saint de ta gloire: R/ Béni sois-tu dans ton saint temple de gloire: R/ Béni sois-tu sur le trône de ton règne: R/ Béni sois-tu, toi qui sondes les abîmes: R/ Toi qui sièges au-dessus des Kéroubim: R/ Béni sois-tu au firmament, dans le ciel, R/
Lecture de la deuxième lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens. Frères, soyez dans la joie, cherchez la perfec-tion, encouragez-vous, soyez d’accord entre vous, vivez en paix, et le Dieu d’amour et de paix sera avec vous. Saluez-vous les uns les autres par un baiser de paix. Tous les fidèles vous saluent. Que la grâce du Seigneur Jésus Christ, l’amour de Dieu et la communion du Saint-Esprit soient avec vous tous. Alléluia. Alléluia. Gloire au Père, et au Fils, et au Saint-Esprit: au Dieu qui est, qui était et qui vient! Alléluia.
Évangile de Jésus Christ selon saint Jean. Dieu a tellement aimé le monde qu’il a donné son Fils unique, afin que quiconque croit en lui ne se perde pas, mais obtienne la vie éternelle. Car Dieu a envoyé son Fils dans le monde, non pas pour juger le monde, mais pour que, par lui, le monde soit sauvé. Celui qui croit en lui échappe au Jugement; celui qui ne croit pas est déjà jugé, du fait qu’il n’a pas cru au nom du Fils unique de Dieu.
Priedegt
Haut um Fest vun der Dräifaltegkeet steet d'Fro am Raum, wien a wéi Gott ass. D'Theologie huet iwwer laang Joerhonnerten ewech ëmmer nees versicht mat Theorien a Biller eist Verstoe vu Gott ze léisen an ze beschreiwen. Da kucke mir an eis Bibel an och do entdecke mir ee Sichen no Biller fir Gott. Wien a wéi ass Gott also?
Haut hu mir als Liesung aus dem AT ee ganz wichtegen Abschnitt aus dem Buch Exodus héieren. D'Vollek Israel war um Wee duerch d'Wüst. Villes war beschwéiert an d'Gedold war uerg strapazéiert. De Mose um Bierg huet d'Tafele vum Gesetz vu Gott iwwerreecht kritt a kënnt zeréck. Do danzen si ronderëm ee gëlle Kallef. Et ass wuel dëst och ee Bild fir eis Zäit. Mir sinn an eisem Liewen des Ëfteren desorientéiert a froen eis, wou da Gott ass an eisem Leed a Misär, wou hien dann agräift an hëlleft, wou hien dann ze spieren ass. Well mir Zweiwel u Gott a sengem Wee hunn, loosse mir eis hiräissen zu anere Weeër, déi eis méi einfach a méi no schéngen. Op emol ass alles besser, wat virun eise Féiss läit. De Mënsch ass och haut esou gestréckt, dass hien éischter op dat kuckt, wat primär eng Léisung, eng Hëllef, eng Befriddegung schaaft. Een abstrakte Gott, deen ech net gesinn an net upake kann, fält aus eisem Denken eraus. Mir danzen dann och ëm eis gëlle Kaalwer, déi present sinn, déi mir kënnen upaken.
D'Buch Exodus erzielt am Kapitel 32 an 33 virun eiser Liesung, wéi d'Vollek vu Gott offält, wéi et ëm dat gëlle Kallef danzt a wéi Gott an de Mose da reagéieren. Dat si Reaktiounen, wéi mir si alleguer och géife weisen am Fall, wou mir hannergaange gi wieren. Mä da geschitt dat Besonnescht, dat eis Gott beschreift. Gott ass net deen, deen esou séier opgëtt. An och seng Roserei ass hei am Buch Exodus dach ganz kleng a kuerz. De Mose soll, nodeems hien aus Roserei déi éischt Tafele mat dem Gesetz zerschloen hat, erëm neier aus Steen haen. Da soll de Mose nach eng Kéier op de Bierg kommen a mat Gott an een intime Kontakt trieden. Gott zitt sech also och no deem grousse Broch vum Vertrauen duerch d'Vollek net einfach zeréck. Neen, hie bleift deen, deen hien ëmmer war an ass. Hien bleift een Uspriechpartner, op dee Verlooss ass. Hie bitt vun sech aus een neien Ufank un.
Eis Liesung beschreift dann och am Vers 6 (Ex 34, 6), wéi Gott ass. Gott ass baarmhäerzeg a gnädeg. Hien handelt aus renger Léift. Dobäi kënnt et net drop un, op de Mënsch seng Léift wierklech verdéngt hätt. Nee, Gott beschenkt einfach esou. An dann ass hien och extreem gedëlleg mat dem Mënsch. Hien ass einfach zouverlässeg.
D'Buch Exodus ass awer och ganz däitlech doran, dass Gott net einfach alles duerchgoe léist. De Vers 7, deen an eiser Liesung an der Mass net gelies gëtt, weist ee Gott, deen de Mënsch eescht hëlt. De Mënsch muss sech am Klore sinn, dass seng Aktiounen eben och Konsequenzen hunn. Dem Härgott seng Léift a Gedold si kee Fräifaartsschäi fir de Mënsch. Dofir bemierkt de Schreiwer vum Buch Exodus dat hei: "Er bewahrt tausend Generationen Huld, nimmt Schuld, Frevel und Sünde weg, aber er spricht nicht einfach frei, er sucht die Schuld der Väter bei den Söhnen und Enkeln heim, bis zur dritten und vierten Generation." (Ex 34, 7)
Si mir Mënsche vun haut eis am Kloren, dass eist Handelen och Konsequenzen huet? Mir liewen dacks an der Mentalitéit, dass mir alles dierften. Iwwer d'Konsequenze vun eisen Aktiounen denke mir ganz dacks guer net no. Kuckt an eis Welt! Jidderee lieft a genéisst, profitéiert vun allem, wat op hien zoukënnt an danzt am wuertwiertleche Sënn ëm säi gëlle Kallef. Awer wat dat alles da mat eiser Welt mécht, iwwerleeë mir eben net.
Ech fannen dofir dat Bild, dat eis d'Buch Exodus hei am 34. Kapitel vu Gott zeechent, duerchaus äusserst wäertvoll a wichteg fir eis Zäit. Gott verzeit eis an ass gedëlleg. Awer mir mussen trotz allem Verantwortung iwwerhuelen.
An eiser Liesung werft sech de Mose viru Gott nidder. Hien ass sech senger klenger Gréisst viru Gott bewosst. Si mir Mënsche vun haut eis nach bewosst, dass mir eigentlech ganz butzeg kleng si vis-à-vis vu Gott, vis-à-vis vun der Schëpfung, vis-à-vis vun der Gréisst vun der Welt. An awer féiere mir eis op wéi d'Hären. Vill Misär a Leed an der Welt entsteet duerch eis arrogant Haltung, déi net méi mierkt, wéi kleng de Mënsch an deem Ganze vum Kosmos ass, och wann hien sech gëlle Kaalwer selwer schafe kann.
Vläicht sollte mir eis all emol froen, wat eis perséinlech gëlle Kaalwer sinn, déi mir ubieden. An der Liesung vun haut mécht de Mose eng ganz éierlech Evaluatioun vu sengem Vollek. Hien ass bereet unzeerkennen, dass Villes schif gelaf ass. Wéi ass dat haut? Gesi mir nach, dass och mir méi wéi op engem Punkt änlech falsch leien? Éierlechkeet mat sech selwer, dat ass et, wat Gott sech wënscht. Nëmmen da kann een neie Wee gesicht a fonnt ginn. Gott ass voll vu Baarmhäerzegkeet a Léift. Hien huet Gedold mat eis a gëtt eis ëmmer erëm eng nei Chance. Awer en neien Ufank kann nëmme geléngen, wann d'Asiicht an déi eege Feeler do ass.
Fridden a Gerechtegkeet an eiser Welt kann et deemno och nëmme ginn, wann all Säit hier Feeler agesäit a bereet ass eppes zum Gudden ze veränneren. Gott steet an deem Fall dann och op eiser Säit a geet mat eis.
Fürbitten
Viru Gott, eise Schëpfer an Erléiser, brénge mir eis Gebieder:
* Fir all Mënschen, déi op der Sich sinn no engem Liewe vun Erfëllung, dass si dech als liewege Gott spiere kënnen an sech net nëmmen op dat verloossen, wat si am Moment gesinn. Härgott, héier eis.
* Fir all, déi sech fir Fridden a Versönung asetzen, dass si Weeër fannen, d’Mënschen an d’Natioun zesummen ze féieren. Härgott, héier eis.
* Fir all, déi sech Léift wënschen an erhoffen, dass si selwer Léift an hirem Liewe verkënnegen. Härgott, héier eis.
* Fir all, déi de Glawe verkënnegen, dass si net midd ginn a mat Begeeschterung vun hirem Glawe schwätzen. Härgott, héier eis.
* Fir all, déi ëm ee léiwe Mënsch traueren, dass si Trouscht fannen an dass all eis Verstuerwen an denger Géigewaart liewen. Härgott, héier eis.
Mir soen dir Merci, dass du bäi eis bass an eis begleets. Dech luewe mir, elo an ëmmer. Amen.
II.
Entrainés dans le mouvement d’amour qui unit le Père, le Fils et le Saint-Esprit, demandons à Dieu de veiller aux besoins de notre monde. Dieu de paix et d’amour, écoute-nous. – Prions pour notre Église; que l’Esprit de Dieu, souffle d’unité et de paix, la garde fermement attachée au Christ, à son amour et à son exemple. – Prions pour ceux et celles qui ont reçu le don de gouverner; que Jésus, visage du Père, soit pour eux une source d’inspiration quotidienne. – Prions pour ceux et celles qui vivent loin de leur famille; que l’amour du Dieu Père, Fils et Esprit leur apporte réconfort et paix du cœur. – Prions pour les personnes engagées dans leur communauté chrétienne; que la grâce du Seigneur Jésus Christ, l’amour de Dieu le Père et la communion de l’Esprit Saint soient toujours avec elles pour les soutenir et les dynamiser. Dieu notre Père, toi qui as montré tout ton amour pour le monde en acceptant l’offrande de ton Fils unique, écoute nos demandes et daigne les exaucer, par Jésus, le Christ, notre Seigneur. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Gott, eise Papp, mir ruffen däin Numm un iwwert Brout a Wäin. Helleg dës Gowen an huel mat hinnen och eis selwer un, fir datt mir fir éiweg dir gehéieren. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen.
Sanctifie, Seigneur notre Dieu, le sacrifice sur lequel nous invoquons ton nom très saint; et, par cette eucharistie, fais de nous-mêmes une éternelle offrande à ta gloire. Par Jésus.
Gott, in deinem Namen haben wir die Gaben von Brot und Wein gebracht. Sie sollen für uns zum Zeichen deiner Gegenwart unter uns werden. Mit diesen Gaben nimm unsere Gemeinschaft an, damit du auf ewig in unseren Herzen und in den Herzen aller Menschen leben kannst. Durch Christus unseren Herrn. Amen.
Hochgebet – „Dank sei dir, Gott I“
Präfation
V/A: Danket
dem Herrn, denn er ist gut. Halleluja, danket ihm, Halleluja.
Wir
loben dich, Vater, weil du bei Jesus warst und ihn nicht allein
gelassen hast,
A: Danket dem Herrn, …
Mit Christus und mit allen Engeln und Heiligen rufen wir zu deiner Ehre:
Sanctus
Gütiger
Vater, wir haben erkannt und geglaubt:
Vater,
wir bitten dich, dieser Geist wandle Brot und Wein für uns,
Da
er die Seinen liebte, die in der Welt waren, liebte er sie bis zur
Vollendung.
NEHMET
UND ESSET ALLE DAVON:
Ebenso
nahm er nach dem Mahle den Kelch,
NEHMET
UND TRINKET ALLE DARAUS:
Geheimnis
des Glaubens
Vater, du hast uns Jesus zu
unserem Heil gesandt.
A: Danket
dem Herrn, …
Du
bist allezeit in ihm geblieben,
Wie das Weizenkorn, das in der
Erde stirbt und reiche Frucht bringt,
A: Danket
dem Herrn, …
Gott,
unser Vater, verbinde uns mit allen, die den Namen deines Sohnes
tragen:
Wir
bitten dich für die Verstorbenen.
Zusammen mit Maria und ihrem
Gatten Josef,
Durch ihn
und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Quelle unbekannt
Vaterunser
Egal wéi eng Virstellung mir eis vu Gott maachen, eng Iddi ass net ze iwwertreffen an dat ass déi, dass hie wéi ee gudde Papp ass. Loosse mir dofir froen, wéi Kanner, déi voller Vertrauen de Papp ëm Hëllef uruffen: Vater unser im Himmel, …
Friddensgebiet
De Geescht vu Gott weist eis de Wee vum Fridden a vun der Versönung. Vun dësem Geescht ugereegt biede mir eisen Här ëm säi Fridde fir eis a fir d'ganz Welt: Här Jesus Christus, kuck net op eis Feeler a Sënden, mä op eise gudde Wëllen. Schenk eis al däi Fridden. De Fridde sief mat iech all.
Schlussgebiet
Dräifaltege Gott. Mir hunn an dëser Feier eppes vun denger Léift erfueren. Begleet du eis mat dengem Geescht, wa mir elo dohinner zeréckginn, wou eist deeglecht Liewe stattfënnt. Sief grad do bäi eis, wa villes deng Presenz wëllt verdrängen. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen.
Dreifaltiger Gott, in deinem Namen sind wir zusammengekommen, um miteinander zu feiern und die Gemeinschaft zu erleben, um dir zu danken und dich zu bitten. Schenke uns und allen Menschen Vertrauen zu dir, dass wir bei dir „zu uns“ finden können und wir bei dir immer geborgen sind – heute und in Ewigkeit. Amen.
Puissions-nous trouver, Seigneur, le salut de l'âme et du corps dans le sacrement que nous avons reçu, tandis que nous affirmons notre foi en la Trinité, éternelle et sainte, comme en son indivisible Unité. Par Jésus.
Gott, wir nennen dich Vater und Mutter, und doch bist du weit mehr für uns als Vater und Mutter. Wo Menschen in deinem Namen zusammenkommen, rufen sie zu dir, danken dir und bitten dich. Du hast dich den Menschen gegenüber auf verschiedene Weise beziehungswillig gezeigt. In dir finden wir Liebe und Gemeinschaft, weil du Liebe und Gemeinschaft bist. Schenke allen die an dich glauben, ein unbändiges Vertrauen, in dir zu sich zu finden, mit dir ihr Leben bestehen zu können. Darum bitten wir....
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement


