|
Hochfest der Aufnahme Mariens in den Himmel A - 14./15.8.2023
Léif Matchrëschten! An der Mëtt vum August, wou mir all iergendwéi dach ee wéineg an enger besonnescher Stëmmung sinn, fält dat grousst Fest vun der Muttergottes, d’Fest vun hirem Ophuelen an den Himmel. Vum Numm hier ass d’Fest scho fir eis Oueren ganz problematesch an eiser haiteger Zäit. Vun der Iddie hier allerdéngs ass et ee Fest, dat eis selwer ee Bléck soll opmaachen op eis Zukunft bäi a mat Gott. Wënsche mir eis net och, dass mir ganz, also mat eiser Perséinlechkeet bäi Gott dierfe sinn, wann eise Wee hei an der materieller Welt zu Enn geet? De Sproochgebrauch an d’Virstellungen aus fréieren Zäiten mussen eis net méi zousoen. Awer d’Gefill, dass mir bäi an a Gott gebuerge sinn, kann eis da schonn hëllef eist Liewen schéin a glécklech ze liewen. Kucke mir mat Maria op Christus a ruffen mir hien ëm déi Gnod un, déi hien senger Mamm scho geschenkt huet. Kyrie
Här Jesus Christus, du nenns déi séileg, déi op däi Wuert lauschteren. Dagesgebiet
Allmächtiger, ewiger Gott, du hast die selige Jungfrau Maria, die uns Christus geboren hat, vor aller Sünde bewahrt und sie mit Leib und Seele zur Herrlichkeit des Himmels erhoben. Gib, daß wir auf dieses Zeichen der Hoffnung und des Trostes schauen und auf dem Weg bleiben, der hinführt zu deiner Herrlichkeit. Darum bitten wir durch Jesus Christus. Dieu éternel et tout-puissant, tu as fait monter jusqu’à la gloire du ciel, avec son âme et son corps, Marie, la Vierge immaculée, mère de ton Fils: fais que nous demeurions attentifs aux choses d’en haut pour obtenir de partager sa gloire. Par Jésus Christ. Allmächtiger, ewiger Gott, du hast Maria, die uns das Heil der Welt, Jesus Christus, geboren hat, mit Leib und Seele in der Herrlichkeit des Himmels vollendet. Bewahre uns auf dem Weg des Glaubens, ermutigt durch die Hoffnung im Blick auf Maria, und in der Gewissheit, dass du auch an uns Großes tun wirst. Darum bitten wir durch Jesus Christus. Liesungen: Offb 11, 19a; 12, 1-6a.10ab / 1 Kor 15, 20-27a / Lk 1, 39-56 Lesung aus der Offenbarung des Johannes. Kv Selig bist du, Jungfrau Maria, du stehst zur Rechten des Herrn. – Kv Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korínth. Halleluja. Halleluja. Aufgenommen in den Himmel ist die Jungfrau Maria. Die Engel freuen sich und preisen den Herrn. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas. Lecture de l’Apocalypse de saint Jean. R/ Debout, à la droite du Seigneur, se tient la reine, toute parée d’or. Lecture de la première lettre de saint Paul Apôtre aux Corinthiens. Alléluia. Alléluia. Aujourd’hui s’est ouverte la porte du paradis : Évangile de Jésus Christ selon saint Luc. Priedegt
Léif Matchrëschten! Haut feiere mir d’Fest vum Ophuelen vu Maria an den Himmel. Sécher sinn eis perséinlech Virstellungen, wat den Himmel a wat dëst Ophuelen ka bedeiten, ganz ënnerschiddlech. Et mécht am iwwregen och kee groussen Sënn iwwert deen dogmateschen Inhalt vum Fest ze philosophéieren, well och do komme mir u keen Enn. D’Virstellungen sinn einfach ze verschidden. Mä interessant sinn awer eis biblesch Texter vun dësem Dag. Do gëtt eis engersäits am Evangelium déi beschtens bekannten Geschicht vum Besuch vun der Maria bäi hirer Cousine Elisabeth erzielt a passend dozou eng äusserst mysteriéis Geschicht vun der Gebuert aus der Offenbarung, aus der Apokalypse. Gebuert, neit Liewen ass also éischter d’Thema vun eisen zwee Texter. Vum Doud vun der Maria, vun hirem Ophuelen an den Himmel gëtt do net geschwat. Also genee vun deem, wat mir eigentlech haut feieren, héieren mir näischt aus der Bibel. Mir kënnen och näischt dozou héieren, well d’Bibel erzielt eis näischt iwwert d’Enn vun der Maria hirem Liewen. Wichteg ass der Bibel, hiert Liewen als Mamm vum Jesus, als déi Fra, déi dem Messias ee mënschlecht Liewen geschenkt huet. Wichteg ass der Bibel och, zumindest emol an der Liesung aus der Offenbarung, dass dëst Kand, dat soll gebuere ginn, net fir jiddereen an dëser Welt wëllkomm ass. Vun Ufank un gëtt et bedreet a verfollegt. An eben och d’Mamm muss flüchten an sech an d’Wüüst zeréckzéien. Wien ass des Fra an der Liesung? An der Theologie gëtt bis haut doriwwer diskutéiert. Ass et d’Maria, d’Mamm vum Jesus? Oder mengt de Schreiwer vun dësem Text vläicht och schonn d’Kierch, d’Gemeinschaft vun deenen, déi u Jesus Christus als Messias gleewen? Dee groussen Theolog Hans-Urs von Balthasar seet, dass d’Maria an der Apokalypse zur Kierch gëtt, well gesot gëtt, , de Draach hätt a senger Roserei iwwer d’Fra ugefaangen ’Krieg zu führen mit den übrigen ihrer Nachkommschaft, denen, die Gottes Gebote befolgen und am Zeugnis über Jesus halten’."1] De Balthasar zitéiert hei aus dem Buch vun der Offenbarung, nëmmen puer Sätz no eiser Liesung vun haut. Wa mir haut an eis Welt kucken, da kéint een duerchaus mengen et wier esou. Wa mir gesinn, wéi op ville Platzen Chrëschten grausaamst verfollegt an ëmbruecht ginn, da kënne mir dee schrecklechen Draach gesinn, deen aus Roserei all Mënschen wëll ëmbréngen, déi u Jesus Christus gleewen. D’Situatioun vun der Verfolgung a vum Leiden vu ville Chrëschten ass fir eis haut äusserst aktuell. D’Liesung gëtt dofir och present fir eis haut. D’Verfolgung vu Mënschen, déi u Christus gleewen ass Realitéit. Dat misst eis opmierksam gi loossen. Dat misst eis oprëselen a wakereg maachen. An der Offenbarung gëtt et dann awer eben och Hoffnungszeechen. D’Kand dat gebuer gëtt, gëtt an den Himmel opgeholl an d’Mamm kritt eng Plaz an der Wüüste ugebueden, wou si sécher ass. An um Enn vun eiser Liesung heescht et da ganz vertrauensvoll: "Jetzt ist er da, der rettende Sieg, die Macht und die Herrschaft unseres Gottes und die Vollmacht seines Gesalbten." (Offb 12, 10ab) Um Enn steet also dann dach dat Gutt als de Gewënner do an déi, déi u Christus gleewen gi gerett an erléist vun hirer Nout. Eis Welt ass net ëmmer ganz einfach. Vill Leed a Misär begleeden eis am Liewen. Sécher eis hei geet et lo wuel net ganz esou schlecht. Awer mir gesi jo, wéi vill Nout an aneren Géigenden ass. Mir gesinn eben och, dass grad Chrëschten zur Zäit vill verfollegt ginn. Haut ass deen Dag, wou mir eis mat dëser Situatioun sollen ausenanersetzen. Mam Bléck op d’Maria kréie mir Piste gewisen, wéi mir och haut kënnen aus deem Leed erëm zur Freed kommen. Als Chrëschten gleewe mir schonn, dass Gott an eist Liewen kann agräifen. Natierlech geschitt dat net einfach esou. Mir selwer mussen eis dorëms beméien. An eben do kann eis d’Maria als Mamm vum Jesus duerchaus ee Beispill ginn. An hirem Liewen gëtt et vill Bréch, vill Situatiounen, déi net einfach waren. Si hat Angscht an si huet sech Suerge gemaach. An trotzdeem konnt si mat Mutt no vir kucken. Grad dat gëtt haut am Evangelium däitlech. De Magnificat, dat Gebiet, wat si deemools gesot huet, oder wat den Evangelist Lukas hir dann an de Mond geluecht huet, bréngt all dat zur Sprooch. Dëst Gebiet ass wéi ee Psalm aus dem AT. An deem éischten Deel ass vun der Maria selwer rieds. Si lueft Gott fir all dat, wat hien un hir gewierkt huet. Si seet Merci fir déi grouss Gnod, fir d’Auserwielen als Mamm vum Jesus. Am zweeten Deel gëtt verwisen op dat, wat Gott um Vollek Israel gemaach huet. Déi laang Geschicht vun der Rettung gëtt ervirgestrach. Ëmmer nees huet dëst Vollek erlieft, wéi Gott sech senger erbaarmt huet, wéi hien gehollef huet, wéi hien si a Schutz geholl a gerett huet. Déi Kleng an Aarmséileg ginn erhuewen an déi, déi d’Muecht an der Hand hunn, ginn erniddregt. Ëmmer nees hu Mënschen erlieft, wéi Gott kann an des Weltgeschicht agräifen, wéi eben just deenen Ënnerdréckten a Benodeelegten gehollef gëtt. Dofir seet d’Maria an hirem Luef Merci. Dat ass et och, wat mir haut op hirem Fest wëlle feieren. Awer eben grad haut solle mir all déi net vergiessen, déi um Rand stinn, déi haut ënnerdréckt a verfollegt ginn. Haut ass et eben och un eis, dass mir deenen all dem Härgott säin Erbaarmen bréngen. Mir sollen eis am Numm vu Gott dëse Mënschen unhuelen an si erhiewen, si erëm an d’Liewen ruffen. Matt Läif a Séil an den Himmel opgeholl ass d’Maria. Dat ass eise Glawen. Dat ass den Inhalt vum Fest vun haut. Loosse mir all eis Bridder a Schwësteren, déi an Nout sinn, schonn emol lo mat Läif a Séil an eis Gemeinschaft, an eist Liewen erëm ophuelen. Da wiere mir all dem Himmel ee ganz grousst Stéck méi no komm. Amen. 1] Vgl. Hans Urs von Balthasar, Das Buch des Lammes. Zur Offenbarung des Johannes, Johannes Verlag Einsiedeln 2004, S. 87. Dë Balthasar zitéiert Offb 12, 17. Seegnung vum Wësch
Traditionell seene mir haut de Wësch. D’Kraider sinn een Zeechen vun der Ganzheet an der Gréisst vun der Schëpfung. Gott wëll, dass mir Mënschen mat Läif a Séil liewen, dass mir gesond a friddlech eist Liewen meeschteren. D’Kraider wëllen eis esou un seng Guttheet an u seng Suerg fir eis erënneren. Gott hält zum Mënsch. Mir dierfen ëmmer an iwwerall op seng Gnod an Hëllef vertrauen. Dës Gowen vun der Natur sollen eis un déi bleiwend Hoffnung op ee Liewen an der neier Schëpfung vu Gott, am Himmel, erënneren. Loosse mir dofir elo bieden: Herr, unser Gott, Fürbitten
Mir bieden zu Jesus Christus, un deem senger Säit d’Maria, seng Mamm, hier Vollendung fonnt am Räich vu Gott:
Jesus Christus, du bass deen éischten, dee vun den Doudegen erwächt gouf. All déi, déi dir trei sinn, ginn dir no an déi éiweg Freed. Gelueft bass du an all Éiwegkeet. II.
Nous prions Jésus-Christ, aux côtés duquel Marie, sa mère, a trouvé la perfection dans le royaume céleste de Dieu. * Aide tous les hommes qui sont livrés à l’abus de pouvoir et à l’humiliation. Seigneur, écoute-nous. * Soutiens les faibles, les pauvres, les affamés et les souffrants. Seigneur, écoute-nous. *Sois avec toutes les femmes qui attendent un enfant et protège-les. Seigneur, écoute-nous. * Par l’exemple de Marie, guide tous ceux qui essaient d’orienter leur vie vers toi en paroles et en actes et qui espèrent en toi. Seigneur, écoute-nous. * Par l’intercession de Marie, fais participer nos défunts à ta résurrection. Seigneur, écoute-nous. Jésus-Christ, tu es le premier à être ressuscité d’entre les morts. Tous ceux qui te sont fidèles te suivent, comme Marie, dans la joie éternelle. Tu es loué pour l’éternité. Gowegebiet
Allmächtiger Gott, unser Gebet und unser Opfer steige zu dir empor. Höre auf die selige Jungfrau Maria, die du in den Himmel aufgenommen hast, und entzünde in unseren Herzen das Feuer der Liebe, damit wir dich allezeit suchen. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn. Que s’élève jusqu’à toi, Seigneur, notre fervent sacrifice, et tandis qu’intercède pour nous la très sainte Vierge Marie, emportée au ciel, que nos coeurs, brûlants de charité, aspirent toujours à monter vers toi. Par Jésus. Präfation – „Aufnahme Mariens“
In Wahrheit ist es richtig und gut,mdir, allmächtiger Vater, zu danken Sanctus Hochgebet – "Magnificat"
Der dem Terror der Tatsachen nicht das letzte Wort überließ V/A: Du bist Licht und du bist Leben; Christus, unsere Zuversicht. Wir danken dir für Jesus, der selbst auf dich, unsern Gott, vertraute. Der beim Mahl mit den Seinen an sein Leben wie auch seinen Tod dachte. Seines Todes und seiner Auferstehung wollen wir jetzt gedenken. So bitten wir dich, allmächtiger Gott: Damals, Vater, brach er das Brot. Er dankte dir und gab es seinen Jüngern mit den Worten: NEHMET UND ESSET ALLE DAVON, Danach nahm er den Becher, dankte dir und reichte ihn seinen Jüngern mit den Worten: NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS, Geheimnis des Glaubens! Lass Jesus Christus in diesen Zeichen von Brot und Wein lebendige Wirklichkeit unter uns sein. V/A: Du bist Licht und du bist Leben; Christus, unsere Zuversicht. Und so bitten wir dich, Vater, für deine Kirche: Gib Weisheit und Kraft unserem Papst Franziskus, Gedenke in deiner Güte auch der Menschen, die einen besonderen Platz Mit deinem ganzen Volk, mit Maria, der Mutter des Herrn, dem heiligen Josef, ihrem Gemahl, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Loosse mir bieden, wéi eisen Här Jesus eis et geléiert huet: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
„Siehe, ich bin die Magd des Herrn.“ Ass dat net eng Aluedung un eis all, fir et der Maria nozemaachen? Lief deng Beruffung! Lief, wat an dir stécht! Awer wéi dacks scheitere mir un deem Alldeeglechen an dann ass de Fridden net méi do. Dofir biede mir: Här Jesus Christus kuck op eis a schenkt eis de Wëllen ëmmer nees eist Liewen un dir auszeriichten. Schenk eis däi Fridden. Schlussgebiet
Après nous avoir donné, Seigneur, le sacrement qui nous sauve, accorde-nous, par l’ntercession de Marie, la Vierge beinheureuse élevée au ciel, de parvenir à la gloire de la résurrection. Par Jésus. Gott, mit diesem heiligen Mahl durften wir unseren Glauben und unsere Hoffnung feiern, dass du nur eines mit uns im Sinn hast, uns das Leben in Fülle bei dir zu schenken. Dafür danken wir dir von ganzem Herzen durch Christus unseren Herrn. Segen
Der Segen Gottes, der Hoheit und Macht in Liebe verwandelt -
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement