
|
Ouschternuecht 3.4.2021
Liichtfeier
An der Nuecht op den Ouschtersonndeg hin versammele mir eis ëm een neit Feier. Dëst Feier soll wéi d’Mënschen schonn zënter Joerdausenden spieren an erfueren, neit Liicht bréngen. Et soll eis Angscht virun der Däischtert, de Suergen, der Trauer an der Krankheet verdreiwen. Mir wënschen eis een Enn vun eisen aktuellen Suergen. Dëst Feier soll eis Mutt maachen, sou dass mir nei Hoffnung schäffen. Mir feieren Ouschteren, d’Opersteeung vum Doud vun eisem Här Jesus Christus. Ouschteren ass den Iwwergang vun der Däischtert an d’Liicht, vum Doud an d’Liewen, vun der Trauer an d’Freed, vun der Gefaangenschaft an d’Fräiheet. Mir verbannen eis mat eisen eeleren Schwësteren a Bridder am Glawen, mat de Judden, déi Pascha feieren an sech un hier Befreiung aus der Sklaverei erënneren. Dës Nuecht soll eis mat hinnen zesumme verbannen an eis gemeinsam hëllefen fir den Asaz fir eng wierklech fräi Welt fir all Mënsch an dëser Welt. Loosse mir dofir antrieden an d’Mysterium vun dëser héich helleger Nuecht. Loosse mat engem frouen Häerz, mat Hoffnung an Zouversiicht des Nuecht feieren. Seenen vum Ouschterfeier
Lasst uns beten: Virbereeden an Ufänken vun der neier Ouschterkäerz
Wo es Brauch ist, ritzt nun der Priester mit einem Griffel ein Kreuz in die Kerze, darüber zeichnet er den griechischen Buchstaben Alpha, darunter den Buchstaben Omega, zwischen die Kreuzarme schreibt er die Jahreszahl. Dabei spricht er:
In das eingeritzte Kreuz kann der Priester fünf Weihrauchkörner einfügen in nebenstehender Reihenfolge; dabei spricht er:
Der Priester zündet am Feuer die Osterkerze an und spricht dabei:
Prozessioun an d’Kierch
Déi nei Ouschterkäerz gëtt an d’Kierch eragedroen an d’Leit fänken hier Käerzen un der Ouschterkäerz un. Dräimol gëtt gesongen: Lumen Christi! Christus, das Licht! Deo gratias. Dank sei Gott. Duerno gëtt dat feierlecht Ouschterluef gesongen, den "Exultet". Frohlocket, ihr Chöre der Engel, frohlocket, ihr himmlischen Scharen, lasset die Posaune erschallen, preiset den Sieger, den erhabenen König! Lobsinge, du Erde, überstrahlt vom Glanz aus der Höhe! Licht des großen Königs umleuchtet dich. Siehe, geschwunden ist allerorten das Dunkel. Auch du freue dich, Mutter Kirche, umkleidet von Licht und herrlichem Glanze! Töne wider, heilige Halle, töne von des Volkes mächtigem Jubel. ... Wuertgottesdéngscht
An der Ouschternuechtfeier sinn 9 Liesungen virgesinn, 7 aus dem Alen Testament (AT) an 2 aus dem Neien Testament (NT). Et mussen wéinstens 3 Liesungen aus dem AT gelies ginn an déi 2 aus dem NT. Dobäi dierf de Basistext vun der Ouschternuechtfeier, den Duerchzuch duerch d’Rout Mier, ni feelen. No all Liesung aus dem AT gëtt ee Psalm gesongen an ee Gebiet gemaach. No der leschter Liesung aus dem AT gëtt dann erëm fir d’éischt de Gloria gesongen. Well dëst Joer op Uroden vun der Diözes nëmmen dräi Liesungen aus dem AT solle gebraucht ginn schloen ech déi folgend Texter vir fir ze meditéieren a bidden hei eng kuerz Aféierung dozou. I. Genesis 1,1-2,2 Um Ufank vun de Liesungen vun der Ouschternuecht steet d’Erzielung vun der Schëpfung aus dem Buch Genesis. Vill falscht Verständnis begleet ëmmer nees grad dësen Text. Dobäi ass dëst een Text vun der Opklärung an enger Zäit, wou d’Mënschheet nach insgesamt magesch geduecht huet. D’Welt war voll vu Gëtter. Praktesch alles gouf als gëttlech ugesinn. D’Sonn, de Mond, d’Stären a sou weider waren an den Aen vun de Mënschen Gëtter. Des Erzielung ass Opklärung an deem Sënn, dass si ganz kloer seet, dass all déi Erscheinungen vun der Natur eben net Gëtter sinn. Et si erschafen, materiell Erscheinungen, déi vun deem eenzege Gott an d’Dosinn geruff sinn. Dat war fir déi deemoleg Zäit, haut virun iwwer 2500 Joer eng ganz revolutionär Erkenntnis. Och wa mir haut mat eisem Wëssen eis Welt nach wesentlech aneschters gesinn, sou ass dëst dach awer ee ganz wichtegen Schrëtt an der Geschicht vun der Erkenntnis vun eiser Welt duerch de Mënsch. De Bericht vun der Schëpfung schwätzt sécher a Wierder vun deemools. Hien ass a bleift awer ee vun deenen ganz bedeitenden Zeechnesser vun dem kulturellen an denkeresche Liewen vum Mënsch an et ass ganz einfach och ee wonnerschéint Lueflidd op d’Schëpfung am Ganzen. II. Exodus 14,15-15,1 Déi zweet Liesung ass de Basistext vun eiser Ouschternuechtfeier. Mir schwätzen zwar hei bäi eis vun Ouschteren, wat an deenen germaneschstämmegen Sproochen zu munchen Diskussiounen féiert. Mä den eigentlechen Numm, deen aus dem Juddentum kënnt ass eben “Paschafest”, am franséischen “pâques”. All déi romanesch Sproochen gebrauchen dëse wesentlech méi korrekten Ausdrock fir eist Fest vun Ouschteren. “Pascha” heescht am Hebräeschen oder Aramäeschen “Vorüberschreiten“. D’Strof vu Gott geet laanscht d’Judden. D’Vollek vu Gott gëtt gerett aus der Gefaangenschaft an aus der Sklaverei. Gott erléist säi Vollek. Gott wëll och eis erléisen aus all deem, wat eis nidder dréckt a kleng mécht. Gott ass een absolutte Frënd vum Liewen. Gott steet fir Fräiheet. Hien wëll all Mënschen zu fräien a froue Mënsche maachen, ouni Leed a Misär, ouni Nout an Doud. III. Ezechiel Ez 36,16-17a. 18-28 “Wenn das Herz sich wertlosen Dingen zuwendet, dann rollt die Krone zu Boden!” Sou seet et den hellegen Johannes vum Kräiz. An der Geschicht vun Israel hat d’Vollek d’Häerz net ëmmer bäi Gott a bäi senger Botschaft. Dacks stoungen weltlech Interessen am Virdergrond. D’Muecht ass zu enger grousser Versuchung ginn. Wann ee Vollek sou an eng "Gottvergiessenheet" geréit, da geet och ëmmer ee Stéck vun der Würd verluer an dat gesellschaftlecht Matenaner geréit op eng schif Bunn. Da verléiert ee Vollek seng Séil, jo och säi Liewen. Gott awer sicht säi Vollek ëmmer nees vun Neiem. Hien sicht och eis. Hien wëll och eis begleeden a leeden am Liewen. Hien wëll, dass eist Häerz sech un him orientéiert, fir nei Liicht an d’Liewen ze bréngen. Gloria Dagesgebiet
Gott, du hast diese Nacht hell gemacht durch den Glanz der Auferstehung unseres Herrn. Erwecke in deiner Kirche den Geist der Kindschaft, den du uns durch die Taufe geschenkt hast, damit wir neu werden an Leib und Seele und dir mit aufrichtigem Herzen dienen. Darum bitten wir durch Jesus Christus. Dieu qui fais resplendir cette nuit très seinte par la gloire de la réssurection du Seigneur, ravive en ton Église l’esprit filial que tu lui as donné, afin que, renouvelés dans notre corps et notre âme, nous soyons tout entiers à ton service. Par Jésus Christ. Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. (Röm 6, 3-11) Kv Halleluja, Halleluja, Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. (Mk 16, 1-7) Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains. R/ Alléluia, alléluia, alléluia ! Évangile de Jésus Christ selon saint Marc. Daffeier
Voller Freed dierfe mir all sinn. Christus ass operstanen. En Zeechen vum Liewen ass d’Waasser an dem mir all gedeeft goufen. Mir wëllen elo d’Kraaft vum Härgott op dëst Waasser ruffen an eis nei un eis eegen Daf erënneren. Allerhellgelitanei Seegensgebiet iwwer d’Dafwaasser Dafverspriechen
An der Faaschtenzäit hu mir eis op dëst Fest vun Ouschteren virbereet. Mir wëllen elo mat der ganzer Kierch eist Dafverspriechen erneieren an eis esou nei zu Christus bekennen. Dofir froen ech iech all, léif Matchrëschten: Gleeft dir un den Härgott, de Papp, den Allmächtegen, deen Himmel an Äerd erschaf huet? Ech gleewen. Gleeft dir u Jesus Christus, säin eenzege Sonn, eisen Här, dee gebuer ass vu Maria, der helleger Jongfra, dee gelidden huet a begruewe gouf, dee vun den Doudegen operstan ass dee sëtzt rietserhand vum Papp, deen all Muecht huet? Ech gleewen. Gleeft dir un den Hellege Geescht, un déi helleg kathoulesch Kierch, un d’Gemeinschaft vun den Hellegen, gleeft dir, datt d’Sënde verzie ginn, datt déi Doudeg operstinn an un en éiwegt Liewen? Ech gleewen. Den allmächtegen Härgott, de Papp vun eiser Här Jesus Christus, huet eis aus dem Waasser vun der Daf an aus dem Hellegen Geescht ee neit Liewen geschenkt an eis all Sende verzieën. Hien huet eis beruff fir dem Jesus séi Wee nozegoen an all Mënschen zu sech ze féieren. Hie soll eis duerch seng Gnod a Jesus Christus, eisem Här, bewahren zum éiwege Liewen. Amen. Seenen vun de Leit mat dem neien Dafwaasser Fürbitten
Mir hunn déi gutt Noriicht héieren: Jesus Christus lieft. Duerch d’Daf si mir opgeholl a seng Gemeinschaft. Mä mir sollten eis awer och ëm déi aner Mënschen këmmeren. Dofir wëlle mir elo zesummen bieden:
Jesus Christus, du bass eise Brudder an eisen Här, dir vertrauen mir eis un, well du hues och eis erléist. Dech luewen an éiere mir elo an ëmmer an éiweg. Amen. II.
Christ, notre pâque, est ressuscité. Avec cette joie que nul ne pourra nous ravir, prions le Père de faire resplendir sur nous la grâce de la résurrection.
Dieu notre Père, en cette nuit de Pâques, tu nous rappelles que la lumière a triomphé des ténèbres et que la vie l’a emporté sur la mort. Écoute et exauce nos prières au nom du Ressuscité, Jésus Christ, ton Fils, vivant pour les siècles des siècles. Amen. Eucharistiefeier Gabengebet
Herr, unser Gott, nimm die Gebete und Gaben deines Volkes an und gib, dass diese österliche Feier, die im Opfer des wahren Osterlammes ihren Ursprung hat, uns zum ewigen Heil führt. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn. Avec ces offrandes, Seigneur, reçois le sprières de ton peuple; fais que le sacrifice inauguré dans le mystère pascal nous procure la guérison éternelle. Par Jésus. Hochgebet
Präfation von Ostern I: Sanctus Ja, du bist heilig, großer Gott, du bist der Quell aller Heiligkeit. Darum kommen wir vor dein Angesicht und feiern in Gemeinschaft mit der ganzen Kirche das Hochfest der Auferstehung unseres Herrn Jesus Christus. Durch ihn, den du zu deiner Rechten erhöht hast, bitten wir dich: Sende deinen Geist auf diese Gaben herab und heilige sie, damit sie uns werden Leib und Blut deines Sohnes, unseres Herrn Jesus Christus. Denn am Abend, an dem er ausgeliefert wurde und sich aus freiem Willen dem Leiden unterwarf, nahm er das Brot und sagte Dank, brach es, reichte es seinen Jüngern und sprach: Nehmet und esset alle davon: Das ist mein Leib, der für euch hingegeben wird. Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, dankte wiederum, reichte ihn seinen Jüngern und sprach: Nehmet und trinket alle daraus: Das ist der Kelch des neuen und ewigen Bundes, mein Blut, Geheimnis des Glaubens. Darum, gütiger Vater, feiern wir das Gedächtnis des Todes und der Auferstehung deines Sohnes und bringen dir so das Brot des Lebens und den Kelch des Heiles dar. Wir danken dir, dass du uns berufen hast, vor dir zu stehen und dir zu dienen. Wir bitten dich: Schenke uns Anteil an Christi Leib und Blut und lass uns eins werden durch den Heiligen Geist. Gedenke deiner Kirche auf der ganzen Erde und vollende dein Volk in der Liebe, vereint mit unserem Papst N, unserem Bischof N und allen Bischöfen, unseren Priesternund Diakonen und mit allen, die zum Dienst in der Kirche bestellt sind. Gedenke auch jener, die an diesem Osterfets aus dem Wasser und dem Heiligen Geist zum neuen Leben geboren wurde, denen du alle Sünden vergeben hast. Gedenke (aller) unserer Brüder und Schwestern, die entschlafen sind in der Hoffnung, dass sie auferstehen. Nimm sie und alle, die in deiner Gnade aus dieser Welt geschieden sind, in dein Reich auf, wo sie dich schauen von Angesicht zu Angesicht. Vater, erbarme dich über uns alle, damit uns das ewige Leben zuteil wird in der Gemeinschaft mit der seligen Jungfrau und Gottesmutter Maria, mit deinen Aposteln und mit allen, die bei dir Gnade gefunden haben von Anbeginn der Welt, dass wir dich loben und preisen durch deinen Sohn Jesus Christus. Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, in der Einheit des Heiligen Geistes alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit. Amen. Vaterunser
De Jesus war an senger gréisster Nout iwwerzeegt, dass Gott als Papp fir hien do wier. A senger Opersteeung huet sech Gott als deen erwisen, dee wierklech iwwer allem Leed an iwwer dem Doud steet. Biede mir an eiser Nout, wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater Unser ... Friddensgebiet
An der Opersteeung huet all Ongerechtegkeet an all Onfridden een Enn fonnt. Et ass dat Zeechen, dass d’Gewalt an den Doud net dat lescht Wuert hunn. Mir selwer kënnen awer hëllefen, dass elo scho méi Fridden an eiser Welt ass. Froe mir ëm d’Hëllef vu Christus, deem operstanenen Här fir des Aufgab. Här Jesus Christus kuck op eise gudde Wëllen a schenk eis all däi Fridden. De Fridden vun eisem Här Jesus Christus sief mat iech all. Schlussgebet
Herr, unser Gott, du hast uns durch die österlichen Sakramente gestärkt. Schenke uns den Geist deiner Liebe, damit deine Gemeinde ein Herz und eine Seele wird. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn. Pénètre-nous, Seigneur, de ton esprit de charité, afin que soient unis par ton amour ceux que tu as nourris du sacrement pascal. Par Jésus.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement