
|
2. Sonndeg am Joereskrees B - 16./17.1.2021
Léif Matchrëschten! "Rabbi ... wo wohnst du?", déi Fro héiere mir herno am Evangelium. Wou wunnt de Jesus? Wou wunnt Gott? Naja, wa mir an eis kathoulesch Traditioun kucken a gesinn, wéi eng Mystik mat eise Kierche bedriwwe ginn ass, da kéint ee vläicht soen: Gott wunnt am Tabernakel. Sou ass et jiddefalls iwwert Generatiounen de Leit agetriichtert ginn. Awer ass dat eng korrekt Äntwert? De Martin Buber seet: Gott wunnt do, wou een hien era léist! Gott wëll effektiv bäi eis sinn, an eisem Häerz, an eiser Gemeinschaft, an eisem Liewen. Gott ass net agespaart an engem Tabernakel. Gott ass definitiv gären an eis selwer. Nëmmen da, wa mir eist Liewen mat him gestalten, ass hien bäi eis. Da wunnt hien ënnert eis, mat eis, an eis. Maache mir eis also selwer op a bereede mir him an eis eng Wunnecht. Froe mir eisen Här Jesus ëm seng Gnod an säin Erbaarmen. Kyrie:
Här, Jesus Christus, du bass d’Zil vun all eise Wënsch. Här, erbaarm dech. Dagesgebiet
Här, allmächtege Gott, du stees iwwert dem Himmel an iwwert der Äerd. Du hues Muecht iwwert d’Häerzer vun de Mënschen. Dofir komme mir mat Vertrauen béi dech; stäerk all, déi sech em d’Gerechtegkeet an d’Léift an eiser Welt beméien, a schenk eiser Zéit déi Fridden. Dieu éternel et tout-puissant, qui régis l’univers du ciel et de la terre : exauce, en ta bonté, les prières de ton peuple et fais à notre temps la grâce de la paix. Par Jésus Christ. Gott, du Schöpfer von Welt und Menschen, deine Güte und Menschenfreundlichkeit ist in deinem eingeborenen Sohn auf Erden erschienen. Wir bitten dich: Öffne unsere Augen für seine Zeichen und stärke unsern Glauben an die Kraft deiner Liebe durch ihn, Jesus Christus, deinen Sohn. Liesungen: 1 Sam 3,3b-10.19 / 1 Kor 6, 13c-15a.17-20 / Joh 1, 35-42 Lesung aus dem ersten Buch Samuel. R Mein Gott, ich komme; deinen Willen zu tun macht mir Freude. Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Halleluja. Halleluja. Wir haben den Messias gefunden, den Gesalbten des Herrn. Die Gnade und die Wahrheit sind durch ihn gekommen. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. Lecture du premier livre de Samuel. R/ Me voici, Seigneur, je viens faire ta volonté. Lecture de la première lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens. Alléluia. Alléluia. En Jésus Christ, nous avons reconnu le Messie: par lui sont venues la grâce et la vérité. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Jean. Priedegt
Léif Matchrëschten! "Wou wunns du?" Des Fro ass schonn interessant. Wou ech wunnen ass am Prinzip do, wou ech och doheem sinn. "Wou ass däin Doheem?", kéint een dofir vläicht och des Fro lo ëmformuléieren. Doheem ass een, wou ee ganz bäi sech ass, wou een sech am Normalen wuel spiert, a Sécherheet, wou een a senger ganzer Intimitéit lieft. Doheem kann ee soen an denken, wat engem wichteg ass. Doheem ass Gebuergenheet an och Liewen. "Rabbi, wou wunns du?" Wou ass de Jesus doheem, wou huet hien seng déifsten Intimitéit, säi eigentlecht Liewen? "Da kamen sie mit und sahen, wo er wohnte, und blieben jenen Tag bei ihm." De Jesus léist déi Jünger, déi him d’Fro no sengem Wunnen gestalt haten, matkommen an säin "Doheem" erliewen. Wou hie gewunnt huet, kann een sech lo echt froen. Am Matthäusevangelium beispillsweis heescht et: "Jesus antwortete ihm: Die Füchse haben Höhlen und die Vögel des Himmels Nester; der Menschensohn aber hat keinen Ort, wo er sein Haupt hinlegen kann." (Mt 8, 20) De Jesus huet also wuel kaum eng echt Wunnecht, wou hien dauerhaft lieft. Mä wat kann eist Evangelium da mengen, wann hien déi Jünger do invitéiert, fir mat ze kommen an ze kucken, wou hien wunnt? Kucke mir mol nach eng Kéier an eisen Text vum Evangelium. Déi éischt Wierder iwwerhaapt, déi d’Johannesevangelium eis iwwermëttelt, déi de Jesus seet, ass eng Fro: "Was sucht ihr?" Wat wëll dir, wat sich dir? Dat réiert un eng Grondstruktur vun eisem mënschlechen Dosinn an der Welt. Wat d’Mënschen charakteriséiert, ass seng Sich no Sënn a Erfëllung am Liewen. Mir Mënschen wëllen a Gléck an a Freed liewen. Mir wëllen Fridden a Gebuergenheet. Mir wëllen Wuelergoen. Genee dat gëtt hei ugeschwat. D’Äntwert vun de Jünger deit et un. "Wou wunns du?", ass net einfach eng Fro no enger Plaz. Et ass d’Fro no der Plaz, wou dës ganz "Liewensfülle" sech realiséiert. Et ass ganz einfach d’Fro no deem echte Sënn vum Liewen, no Sécherheet a Gebuergenheet. De Jesus gëtt dofir och hei schonn vum Evangelist Johannes als déi Instanz presentéiert, déi eng Äntwert op d’Fro vun de Jünger gëtt. "Kommt und seht!", ass dem Jesus seng Äntwert. Kommt an dir wäert gesinn wéi a wou ech liewen, wien a wat ech sinn, wat mäin Angebot, meng Botschaft fir dës Welt ass. "Kommt, loosst iech op eng nei Erfarung an!" Dat ass dem Jesus seng Invitatioun. Hei geet et ganz däitlech net ëm eng Wunnecht, ëm een Haus. Neen, hei geet et ëm ee Programm vum Liewen, ëm d’Botschaft vum Messias un sech. Natierlech, wann een sech op dee Jesus do aléist, da kann d’Erfarung scho ganz zwiispälteg sinn. Des Erfarung ka frou maachen, mä eben och ganz "verstörend" wierken. Virun allem kann si d’Liewen vun deem, dee kucke kënnt, gehéiereg duercherneen an a Gefor bréngen. Dëst Sech-Aloossen op de Jesus kann deemno ganz däitlech Konsequenzen hunn. "Sie blieben jenen Tag bei ihm." D’Jünger si beim Jesus bliwwen. Dat griichescht Verb "menein", "μένειν" (bleiwen) ass ee Schlësselbegrëff an der Sprooch vum Evangelist Johannes. Et beschreift dat passend Verhältnis tëschent dem Jesus a senge Frënn. Beim Jesus bleift een, wann een a senger Léier, a senger Botschaft bleift. Dann ass een op der gudder Säit vum Liewen, dann huet ee gewëssermoossen gewonnen. Dat bleift een och a Gott. "Da kamen sie mit und sahen, wo er wohnte, und blieben." "Sie kamen, sahen, blieben." Mat engem klengen Schmunzelen muss ech hei un ee ganz berüümten Aussproch denken vum bekannten Réimer, dem Caesar: "Veni, vidi, vici." "Ich kam, ich sah, ich siegte!" Jo de Kontext ass ee ganz aneren. An awer, mech iwwerkënnt hei eng gewëssen Vergläichsméiglechkeet. Den Caesar huet deemools agegraff a gewonnen. Awer hien huet als éischt emol missten sech op de Wee maachen. Dann huet hie misste kucken. Hien huet also missten d’Lag aschätzen a beurteelen. Duerno konnt hien eben d’Schluecht gewannen. Ass dat da net och hei beim Jesus esou änlech. Als éischt muss ech mech zu him hin op de Wee maachen. Genausou wéi dem Johannes seng Jünger, déi als éischt dem Jesus nogelaf sinn. Duerno hu si misste kucken. Si hu sech als éischt ee Bild vum Jesus a senger Botschaft misste maachen. An da schliisslech sinn si bliwwen. Jo domadder waren si op der gewonnener Säit. Si haten eng nei Siicht an een neie Sënn vum Liewen gewonnen. "Sie kamen, sahen, blieben." Mä elo si mir och bäi eis. Si mir nach op der Sich no echtem Sënn vum Liewen? Si mir nach bereet eis op de Wee ze maachen hin zu deem Jesus a senger Botschaft? Si mir nach bereet eis des Botschaft unzekucken, si ze beurteelen, si éierlech ze bewäerten an ze froen no deem, wat fir eis kéint wichteg sinn? Wa mir des zwee éischt Schrëtt net maachen, da kënne mir och net an der Botschaft bleiwen. Nëmme wa mir eis selwer och engagéieren, eis selwer op de Wee an op d’Sich maachen, kënne mir eppes Neies entdecken. Alles, wat mam Jesus a senger Botschaft zesummenhänkt, muss mat engem Froen ufänken. Och mir mussen eis froen, wou de Jesus wunnt a mir mussen eis dann op hien aloossen. Et ass liicht eppes einfach ze refuséieren. Mä ganz dacks géif des Zréckweisung wuel anescht ausgoen, wann een sech d’Méi gemaach hätt, dat wat een ofleent, emol kennen ze léieren. "Wou wunns du?", ass deemno déi entscheedend Fro och fir eis. Nëmme wa mir bereet sinn ze froen an ze sichen kënne mir och fannen. D’Botschaft vum Jesus muss also och vun eis ëmmer nees nei gesicht an entdeckt ginn. Si léist eis nom Sënn vun eisem Liewe froen. Eis Sich, eis Fro léist eis iwwerhaapt liewen. Schonn de Profet Amos huet dat gesot: "Ja, so spricht der HERR zum Haus Israel: Sucht mich, dann werdet ihr leben! ... Sucht den HERRN, dann werdet ihr leben." (Am 5, 4.6) Ech wëll meng Gedanken mat engem a mengen Aen schéine Lidd ofschléissen. Lidd: Suchen und fragen, hoffen und sehn (am däischen GL 457 oder am lëtzebuerger Laudate Dominum 378)
Fürbitten
Jesus Christus, ass deen, op deen esou vill Mënschen wärend Joerhonnerte gewaart hunn. Ville Mënschen huet hien nei Hoffnung a Freed bruecht. Dofir wëlle mir him elo och eis Uleies virdroen:
Här Jesus Christus, mir soen dir Merci fir de Glawen, dee mir dierfen un dech hunn a fir all dat Gléck, wat mir erliewen. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen. Le Seigneur invite mystérieusement chacun et chacune de nous à le suivre. Il nous appelle par notre nom comme il l’a fait pour Samuel et Pierre. Aujourd’hui encore, il attend notre réponse. Tournons-nous vers lui avec confiance et présentons-lui les besoins de tous nos frères et sœurs
Dieu notre Père, ton Fils Jésus a répondu à ton appel en allant jusqu’au bout de l’amour. Accorde-nous de te suivre avec la même ferveur. Nous te le demandons par le Christ, Jésus, notre Seigneur, qui vit et règne avec toi dans l’unité du Saint-Esprit, pour les siècles des siècles. Amen. Gowegebiet
Härgott, schenk eis d’Gnod, des Feier mat Eescht ze vollzéien. All Kéiers, wou mir d’Eucharistie feieren, léis du eis deng Léift a Presenz spieren. Looss eis aus dësem Affer nei Kraaft schäffen. Seigneur, accorde-nous la grâce de vraiment participer à cette eucharistie; car chaque fois qu’est célébré ce sacrifice en mémorial, c’est l’oeuvre de notre rédemption qui s’accomplit. Par Jésus. Gott und Vater, das Brot und der Wein auf diesem Altar sind Zeichen unserer Hingabe. Sei in unserer Mitte, wenn wir das Mahl deines Sohnes feiern, bis er wiederkommt: Jesus Christus, unser Herr. Hochgebet - „Berufung“
Sanctus Dich, liebender Gott, feiern wir in dieser Stunde. Ergreife nun diese Gaben durch deinen Heiligen Geist Denn in der Nacht der Entscheidung nahm er inmitten seiner Jünger das Brot, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Dann nahm er den Kelch, dankte dir wieder NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens: Dein Sohn ist durch Leiden und Tod zurückgekehrt in die grenzenlose Freiheit Uns aber hat er aufgetragen, uns selbst und alle vorzubereiten Sei mit deinem Heiligen Geist stets in uns und unter uns. Du versagst keinem deine Liebe, wie sehr er auch vor dir versagt haben mag. Darum haben wir auch Zuversicht für unsere verstorbenen Schwestern und Brüder, Und in diesem Vertrauen bitten wir für uns selber und für alle, Schenke uns zusammen mit (der/dem hl. N. und) allen Heiligen, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
De Jesus ass eise grousse Brudder. Hie wëll eis mathuelen, do wou hie lieft. Hie léist eis andauchen an d’Räich vu sengem Papp. Hie wëll eis uleeden, dass mir dëst Räich an eiser Welt ausbreeden a verwierklechen. Biede mir mat him zu Gott, eisem Papp: Vater Unser ... Friddensgebiet
Wierkleche Fridden gëtt et do, wou d’Presenz vu Christus gelieft gëtt, wou Mënschen seng Léift ze spiere kréien. Maache mir selwer eist Häerz op fir de Fridde vu Christus. De Fridden vun eisem Här sief mat iech all. Schlussgebiet
Baarmhäerzege Gott, du hues eis mat dem Brout vum Liewen gestäerkt. Erfëll eis mat dem Geescht vun denger Léift, fir datt mir all een Häerz an eng Séil ginn. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. Pénètre-nous, Seigneur, de ton esprit de charité, afin que soient unis par ton amour ceux que tu as nourris d’un même pain. Par Jésus. Gott, du Geber aller guten Gaben, im Brot, das wir gebrochen, im Becher, den wir miteinander geteilt haben, hast du uns ein Zeichen deines kommenden Reiches geschenkt. Lass die Gabe, die wir empfangen haben, Frucht tragen in unserem Leben und zum Aufbau deines Reiches in der Welt beitragen. Darum bitten wir durch Christus, unsern Herrn. Segen
Der Herr segne euch und behüte euch.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement