Mass vun der Giischterklaus (11.08.2024)


Home Back Print Kontakt

Klick op d’Bild w.e.g fir de Video zu starten

Sonndesmass
Den 11. August gouf d’Houmass vun der Giischterklaus iwwerdroen. D’Chorale réunie Rouspert-Ueswëller séngt ënnert der Direktioun vum Csaba Fazekas, begleed op der Uergel vum Jos Majerus.

D’Chorale réunie Rouspert-Ueswëller

Op der Giischterklaus hu mir keng eege Chorale, ma mir freeën eis verschidde musikalesch Formatioune fir eis Muttergotteswoch begréissen ze kennen. Méi eng enk Relatioun hu mir mat de Männergesangveräiner vu Rouspert an Uesweller, déi dës Telésmass musikalesch gestalten. Zënter 2003 sange si als Chorale réunie zesummen.

Esou wéi mir all Sonndeg op der Giischterklaus eis Mass gestalten, esou ass och fir dëse Gottesdéngscht bewosst e Programm erausgewielt gi, deen déi vum II. Vatikanesche Konzil gewënschte Participatioun vun alle Gleewegen erméiglecht. Soss am Joer sangen eis Männer ënnert der Direktioun vum Csaba Fazekas gäre Chouerstécker vu Gregorianik iwwert klassesch Wierker bis zäitgenëssesch Kompositiounen. Nom Schoulufank fänken donneschdes owes d’Prouwen nees un. Nei Sänger sinn ëmmer wëllkomm.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée Andante alla marcia Felix Mendelssohn Bartholdy
Agangslidd Girster Pilgerliedlein Pierre Schilling
Kyrie Missa de angelis / Missa VIII Choraliter
Gloria Missa de angelis / Missa VIII Choraliter
Tëschegesang Kostet und seht / Ps 34 Mag 471
Alleluja Halleluja Colin Mawby
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Deinem Heiland
Sanctus Missa de angelis / Missa VIII Choraliter
Anamnes Geheimnis vum Glaawen Mag 1092
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Missa de angelis / Missa VIII Choraliter
Kommioun Panis Angelicus César Franck
Schlusslidd J’irai la voir un jour LD 635
Sortie Fuga in G BWV 577 Johann Sebastian Bach

Links:

Sonndesmassen

Online Pastoral

Dëse Video op Youtube

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement