Sonndesmass vu Jonglënster (15.12.2024)


Home Back Print Kontakt

Klick op d’Bild w.e.g. fir de Video zu starten

Sonndesmass
Den 15. Dezember gouf d’Sonndesmass vu Jonglënster iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Jonglënster séngt d’Mass ënnert der Direktioun vum Luc Nilles. Op der Uergel begleet de Laurent Felten.

D’Chorale Sainte-Cécile Jonglënster

Fir d’Feierlechkeete vun 250 Joer Lënster Kierch huet de Lënster Gesank vill musikalesch Highlights gesongen. Mee och fir 2025 sti grouss Projeten u wéi z.B. de Concert Ons Mamm vu Lëtzebuerg, Sonndes den 18. Mee 2025 an der Lënster Kierch am Kader vu 400 Joer Oktav.

Aktuell stinn 32 passionéiert Sängerinnen a Sänger ënnert der Direktioun vum Luc Nilles a gi begleet op der Uergel vum Laurent Felten. Kommt a sangt mat! Kontaktéiert eis op info@LensterChorale.lu a kuckt och op www.LensterKierch.lu.

Eis Prouwe sinn donneschdes vun 19:30 bis 21:00 Auer am Centre Culturel, 8 rue du Village zu Jonglënster (keng Prouwen an de Schoulvakanzen).

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Choralvorspiel über "Nun komm, der Heiden Heiland" BWV 599 Johann Sebastian Bach
Agangslidd Jubilez Jean-Baptiste du Jonchay
Kyrie Missa XVII Adventus et Quadragesima Mag. 415
Zwëschegesank In meinem Gott jubelt mein Herz Mag. 597,2
Alleluia Halleluja Mag. 532,2
No der Priedegt Choralvorspiel über "Nun komm, der Heiden Heiland" BuxWV 211 Dietrich Buxtehude
Gowelidd Hellege Mäerten Patrick Colombo
Sanctus Missa XVII Adventus et Quadragesima Mag. 416
Agnus Dei A Mass for Peace Karl Jenkins
Kommioun (Uergel) Choralbearbeitung über "Nun komm, der Heiden Heiland" BWV 659 Johann Sebastian Bach
Kommiounslidd Lead me Lord Samuel Sebastian Wesley
Schlusslidd Tauet, Himmel, den Gerechten Mag. 813
Sortie (Uergel) Choralbearbeitung über "Nun komm, der Heiden Heiland" BWV 661 Johann Sebastian Bach

Links:

Sonndesmassen

Online Pastoral

Dëse Video op Youtube

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement