Sonndesmass vun Iechternach (10.11.2024)


Home Back Print Kontakt

Klick op d’Bild w.e.g fir de Video zu starten

Sonndesmass
Den 10. November gouf d’Sonndesmass vun Iechternach iwwerdroen. De Chouer vun der Par Regioun Iechternach "Saint Willibrord" séngt d’Mass ënnert der Direktioun vum Marc Juncker. Op der Uergel begleet de Jos Majerus. D’Mass gouf um 10.30 Auer als Tëleesmass live op apartTV an RTL ZWEE an als Stream op cathol.lu iwwerdroen.

De Chouer vun der Par Regioun Iechternach "Saint Willibrord"

Säit e puer Joer schléissen sech déi verschidde Kierchechéier aus der Par vun der Regioun Iechternach reegelméisseg zesumme, fir bei feierleche Geleeënheete Massen, Andachten a Concerten ze sangen, wéi zum Beispill d’Oktavmass an der Kathedral oder d’Erëffnungsandacht fir d’Feierlechkeeten zu Éiere vum hellege Willibrord.

De Chouer steet ofwiesselnd ënnert der Leedung vun den Dirigente vun deene verschiddene Chéier.

Dëst Joer, bei der Geleeënheet vum 170. Anniversaire vum Basilikachouer a vum 35. Anniversaire vun den Eechternoacher Massdéiner, séngt de Chouer vun der Par Regioun Iechternach d’Tëleesmass zum Ofschloss vun der Willibrordus Oktav. De Chouer steet ënnert der Leedung vum Marc Juncker, Dirigent vum Eechternoacher Basilikachouer, a gëtt op der Uergel begleet vum Jos Majerus, Titularorganist vun der Basilika.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Prélude sur "Statuit" P. Theodor Grünberger
Introitus Statuit Chant grégorien
Kyrie Vater-unser-Messe Lorenz Maierhofer
Gloria Vater-unser-Messe Lorenz Maierhofer
Tëschegesank Kündet den Völkern Mag. 912,4
Alleluja Alleluia Colin Mawby
Credo Credo III
Gowelidd O helleg Ierd Max Menager
Sanctus Vater-unser-Messe Lorenz Maierhofer
Vater unser Eise Papp am Himmel Mag. 1095 / Jean-Marie Kieffer
Agnus Dei Vater-unser-Messe Lorenz Maierhofer
Kommiounslidd Uergel
Wir beten an Nach Norbert Hauner (1777)
Schlusslidd Schau, heilger Apostel Mag. 898 1,2,5
Sortie (Uergel) 1. Satz (Moderato) aus Orgelsonate Nr. 4 Josef Rheinberger

Links:

Sonndesmassen

Online Pastoral

Dëse Video op Youtube

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement