Merci Luc Santer

Koschterei Gonnerenger Kierch


Home Back Print Kontakt

No ronn 10 Joer huet eise Koschter Luc Santer säin Amt als Koschter opginn aus perséinleche Grënn. Hien huet säin Déngscht mat vill Léift a Kompetenz gemaach. Mir soen him e grousse Merci fir seng Aarbecht an déi diskret mënschlech Art a Weis, mat där hien säin Déngscht erfëllt huet. Mir wënschen him all Guddes fir säi weidere Wee.
Eng Ekipp këmmert sech elo ëm d’Kierch an datt se all Dag op- an zougespaart gëtt: Jeannie Berns-Mangen, Claudine Bertemes-Wolff, Liliane a Camille Reuland-Effner. Mir sinn dankbar, datt si mat hirem Engagement dofir suergen, datt d’Kierch am Duerf lieweg bleift.

Francis Erasmy

Links:

Personalia

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement