Merci Germain Kinnen

Juni 2019


Home Back Print Kontakt

An dëse Wochen, wou d‘Sprangprëssëssioun geet, erënnere mir ons dankbar un den Här Germain Kinnen, fréiere Kiercherotsmember vun Hierber.
1935 zu Hierber „a Winz“ gebueren an do am Dezember 2018 gestuerwen, ass hien e Liewe laang sengem Haff a sengem Duerf trei bliwwen. Als Nofolger vu sengem Papp, dee Kiercherotspräsident wor, gouf hien 1969 an den Hierber Kiercherot gewielt, wou hien 2012 nach matgehollef huet dese Gremium nei ze beliewen, dunn awer aus gesondheetleche Grenn démissionnéiere musst.
Niewt senger Matsuerg ëm ons Duerfkierch an hieren zäitleche Bësetz loug „Winze Germ“ d’Sprangprëssëssioun ganz besonnesch um Häerz, wou hie mat senger Famill gäer matgaang ass. De begeeschterte Musikant wor ee vun deenen Hierber Jongen, déi Péngschtdënsdeg 1941 trotz dem Naziverbuet bannen an der Basilika de Sprangsprëssëssiounsmarsch gespillt haten an dunn hu missen duerch d’Sakristei an iwwert d’Gaardemaueren vun de Noperen aus dem Stëps maachen.
Mat sengem Fortgoen huet d’Hierber Duerfgemeinschaft nees ee vun hiere ganz typesche Charaktere verluer. Vun Häerze vertraue mir hien der Guttheet vum Härgott un, datt elo no deene leschte Jore voll Krankheet Heelung an Erléisung fir éiweg geschitt. Dem Anna a senge Kanner gellt ons Verbonnenheet am Gebied.

Luc Schreiner

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement