Vergelt’s Gott dem Uesweller Organist Alphonse Ries


Home Back Print Kontakt

Iwwer 60 Joer Organist a sengem Heemechtsduerf - dofir kucke mir dëser voller Dankbarkeet op den Alphonse Ries vun Uesweller an invitéieren jiddereen dem Fons Sonndes, den 12. Mäerz um 10.30 Auer an der Houmass zu Uesweller an duerno bei engem Patt fir säi joerzéngtelaangen Dingscht Merci ze soen.

Nodeems de Vic Schaminé, Dirigent an Organist am Duerf stënterlech gestuerwe wor, hat „Maesch Fons“ de Wee op Iechternach bei de Basilikaorganist fir Uergelcourse geholl. Esou konnt hien den 1. Januar 1959 d’Relève iwwerhuelen. Wéi ech virun 13 Joer mäin Dingscht op der Ennersauer ugefaangen hunn, wor de Fons net just fir d’Sonndesmassen, ma all Kéiers, wann eppes an der Kierch wor, prett fir de musikaleschen Asaz. Minutéis huet hie sech op d’Masse virbereed, iwwerluecht, wat fir eng Lidder passe kéinten an e Programm opgestallt, deen hien doheem op senger elektronescher Uergel astudéiert hat. Nodeems de Fons den Alter, wou esouguer Kardineel hiert Poopstwahlrecht ofgi mussen, zënter enger Zäit iwwerschratt an der Lescht e puer Suergen mat den Aan hat, huet hien zejoert seng Organistepensioun ugefrot. Vergelt’s Gott, léiwe Fons, fir déi vill Dingschter fir eis Gemeinschaft an och fir de lokale Männerkierchechouer, an deems Dir zënter dem 4. Januar 1954 aktive Member sidd.

Léif Jonk vun Uesweller a vun den Uertschafte ronderëm, wéi sengerzäit säi Virgänger fir den Alphonse Ries ass och haut eise Basilikasorganist gäer bereed Iech Uergelcoursen ze ginn. Dat wier mat dee schéinste Kado, dee mir dem Fons maache kéinten, wann een aus dem Duerf oder der Gemeng de Flambeau, deen hien esou laang um Uesweller Duxall héichgehalen huet, weiderdroe géif.

Luc Schreiner

Links:

Personalia

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement