Pilgermass fir d’Par Regioun Iechternach Saint Willibrord

Sonndes, 6. November 2022


Home GoBack Print Kontakt

Willibrordusoktav 2022

Sonndes, 6. November 2022
Pilgermass fir d’Par Regioun Iechternach Saint Willibrord
Texter: 1 Kor 1, 18-25 / Mk, 16, 15-20 (Texter vum Hl Willibrord)

Oktavpriedegt vum Josiane Mirkes



1. Lesung 1 KOR 1,18-25

Lesung aus dem ersten Brief an die Korinther
Denn das Wort vom Kreuz ist denen, die verlorengehen, Torheit; uns aber, die gerettet werden, ist es Gottes Kraft.
Es heißt nämlich in der Schrift: Ich lasse die Weisheit der Weisen vergehen und die Klugheit der Klugen verschwinden.
Wo ist ein Weiser? Wo ein Schriftgelehrter? Wo ein Wortführer in dieser Welt? Hat Gott nicht die Weisheit der Welt als Torheit entlarvt?
Denn da die Welt angesichts der Weisheit Gottes auf dem Weg ihrer Weisheit Gott nicht erkannte, beschloß Gott, alle, die glauben, durch die Torheit der Verkündigung zu retten.
Die Juden fordern Zeichen, die Griechen suchen Weisheit.
Wir dagegen verkündigen Christus als den Gekreuzigten: für Juden ein empörendes Ärgernis, für Heiden eine Torheit,
für die Berufenen aber, Juden wie Griechen, Christus, Gottes Kraft und Gottes Weisheit.
Denn das Törichte an Gott ist weiser als die Menschen, und das Schwache an Gott ist stärker als die Menschen.


Evangelium MK 16,15-20

Aus dem Evangelium nach Markus
Dann sagte er zu ihnen: Geht hinaus in die ganze Welt, und verkündet das Evangelium allen Geschöpfen!
Wer glaubt und sich taufen läßt, wird gerettet; wer aber nicht glaubt, wird verdammt werden.
Und durch die, die zum Glauben gekommen sind, werden folgende Zeichen geschehen: In meinem Namen werden sie Dämonen austreiben; sie werden in neuen Sprachen reden;
wenn sie Schlangen anfassen oder tödliches Gift trinken, wird es ihnen nicht schaden; und die Kranken, denen sie die Hände auflegen, werden gesund werden.
Nachdem Jesus, der Herr, dies zu ihnen gesagt hatte, wurde er in den Himmel aufgenommen und setzte sich zur Rechten Gottes.
Sie aber zogen aus und predigten überall. Der Herr stand ihnen bei und bekräftigte die Verkündigung durch die Zeichen, die er geschehen ließ.


Priedegt

Léif Kanner, léif Elteren, Grousselteren, léif Leit alleguer, dëst Joer fält mir déi Éier zou, ze priedegen an der Willibrordusoktav. Et ass all Joer eng ganz besonnesch Woch, fir mech, als eent, wat hei aus der Géigend kënnt, wat hei am Lycée war, als Mataarbechterin vum Pastoralteam vun der Par an dëst Joer als eent vun 2 vun der „Doppelspitze“ vum „Groupe synodal“. Als Thema hunn ech gewielt: Eng lieweg Gemeinschaft - net op Sand gebaut. Eng Affirmatioun, oder eng Fro?

Ech si mir selwer net sécher an dësem Moment, mee ech hoffen, dass mir am Laf vun dëser Woch zesumme Weeër fannen, déi eis weisen, wéi mir als Gemeinschaft lieweg si kënnen, an op engem feste Fundament stoe kënnen, och nach an der Zukunft. Mir hunn hei zu Iechternach déi eenzegaarteg Chance, dass mir den Hl Willibrord hunn, deen eis begleet, ass hien dach an deem eenzegen Hellegegraf op lëtzebuerger Buedem begruewen. Schonn eleng dat misst eis, mindestens hei an der Géigend, stolz maachen, sou stolz, dass et eis matrappe kann, un der Kierch vu muer ze bauen, an net där vu virgëschter nozetraueren. A schonns si mir bäi der Synode.

658 ass de Willibrord an Nordhumbrien gebuer, de 7. November 739 stierft hien a sengem geléiften Iechternach, sou steet et an der „Heimat und Mission“, déi eis säi Liewen unhand vun de Fënsteren hei an der Basilika erkläert. Dohannen wann Dir rakommt an op den Altor kuckt, rechts, déi 1. Kierchefënster fänkt et un. D’Kierchefënster besteet aus 5 Deeler, wou déi 3 mëttelst zesummen hänken, a jeeweils an ënnen an uewen agedeelt sinn. Ennen dem Willibrord seng Mamm, d’Dramgesiicht vun der Mamm, sot den Här Seiler eis am Lycée, wéi hien eis seng Begeeschterung fir de Willibrord nobruecht huet. Dem Willibrord seng Mamm hätt bäi senger Gebuert oder kuerz virdrun, gedreemt, dass dat Kand, wat si kréie géif, eppes Grousses am Zesummenhang mat Kierch oder Glawe géif ginn. Hir Hänn sinn op, no uewe geriicht, offe fir dem Härgott säi Wëllen ze erfëllen, dëst ass d’Ausso vun dem Bild. Si muss dat wuel dem Willibrord sengem Papp gesot gehat hunn, well hien setzt de Willibrord op d’Schinn vum Glawen, vun der Gemeinschaft, wann Dir dat sou erlaabt ze soen, nodeems d’Mamm bäi der Gebuert oder no der Gebuert gestuerwe war, sou krute mir an der Schoul erzielt. Den neisten Erkenntnisser vum Rainer Neu no wier dat net sou gewiescht. Ob nun de Papp vum Willibrord nom Doud vun der Mamm entscheet huet, Einsiedler ze ginn, oder ob hien dat no der Gebuert vum Willibrord entscheet huet, an de Willibrord mat der Mamm eleng gelooss huet, ännert näischt um Willibrord sengem Wee an der kierchlecher Gemeinschaft. Déi Stralen no uewen, dat friddlecht Bild vun der Mamm, huet mech soulaang ech déi Fënstere kennen, ëmmer faszinéiert.

Dann e weideren Deel vun der Fënster uewen, wou de Willibrord am Alter vu 4 oder 6 Joer (ech hu béides geliest) op Ripon an d’Klouschter bruecht ginn ass, fir dass hien do géif erzu ginn, fir ass hien eng Formatioun géif kréien an an d’Fussstapfe vum Glawe gesat ginn. De klenge Willibrord, gekleet a rout, d’Faarf vum Hellege Geescht, gëtt de Mönche vu Ripon uvertraut. E klengt Kand, aus den Hänn vun der Famill, a friem Hänn, e Bild, wat Angscht maache kann a wat eis awer och Kraaft gi kann, Hoffnung. Gott ass mam Willibrord, Jesus Christus ass säi Weeweiser an den Hellege Geescht, d’Kraaft vu Gott dreift hien un.

Klengt alles plausibel, an awer! Sou einfach wat et net, bestëmmt net. Deemools huet dem Willibrord säi Papp, den zum Chrëschtentum konvertéiert war, Kraaft bäi Gott fonnt, fir eens ze ginn. Gott huet him eng aner Richtung gi fir säi Liewen, wéi hien sech zréckgezunn als Einsiedler, rechts an dem 5. Deel vun der Kierchefënster ze gesinn, wou hien dem weltleche Liewen ofgeschwuer huet, duerch den Doudekapp duergestallt. Den éischten Deel vun der Fënster weist dann, wou dem Willibrord déi éischt Tonsur geschnidde gouf, en Erkennungszeechen, dass hien sech ganz zu Gott hi kéiert en vue vu sengem geweite Liewen.

Nun, wat kann dat eis soe fir eng lieweg Gemeinschaft, eng lieweg kierchlech Gemeinschaft?

Wa mir haut an den Texter zum Fest vum Hl Willibrord kucken, fanne mir villäicht eng Spuer. D’Wuert vum Kräiz ass deenen, déi verluer ginn, „Torheit“, Dommheet, eis awer, déi gerett ginn, ass et Gottes Kraaft. Dëst soll eis net motivéieren, op déi aner erofzekucken. Mee et soll eis d’Aen opmaachen, dass et net onbedéngt einfach wäert sinn, an dass et och net duergeet, den einfache Wee ze goen. Mir ginn am Zeeche vum Kräiz, am Zeeche vum Leiden, wou hannendrun awer eng Form vu Weiderliewe steet, vun éiwegem Liewen, dat eis iwwer den Doud eraus dréit.

Keng Angscht, ech wëll eis d’Freed vum Willibrord net huelen a gefillt fir d’dausendste Kéier iwwer alles, wat an der Welt net geet, stoe bleiwen. Op dat wat net geet, solle mir kucken, mir sollen et eescht huelen, mee mir sollen net dobäi stoe bleiwen. E Beispill: ech kann mech och elo nach, no 2,5 Joer Corona all Dag selwer bedaueren, dass et deen nach gëtt, well et gëtt en nach. Ech ka mech erofzéie loossen, an doranner réieren, a bedaueren, dass et eis, wuel oder iwwel, dach Limite setzt. Ech kann awer och déi Bedreeung, déi dovunner ausgeet, als Warnung huelen a weider kucken, an den Owend einfach soen: Schéin, dass Dir hei sidd. Maache mir dat Bescht draus a genéisse mir eis Gemeinschaft. Wann ech mech, ouni Opleenung u verschidde „gestes barrières“ halen, souzesoen automatesch, brauch ech näischt dozou ze soen, a mech net erofzéien ze loossen.

D’Pist vun “mam Kräiz ze goen am Liewen” leed mech, a weist mir, wat wierklech wichteg ass. De Willibrord war vu Klengem un op d’Schinn vum Glawen gesat ginn. Hien ass duerch seng schoulesch Carrière einfach vertraut mat der Botschaft vu Gott ginn, an huet sech vun der Kraaft vum Hellege Geescht leede gelooss, undreiwe gelooss.

Sécher, haut ass et net méi üblech, dass eis Kanner just kënnen an eng Klouschterschoul goen fir eng Bildung, eng Ausbildung ze kréien. Deemools war dat schonn sou. De Willibrord huet dann duerno mat deene Kaarte gespillt, déi hien vu Klengem un an de Grapp kritt hat.

Wéi ass dat mat eis? Wat hu mir als Kaarten uvertraut kritt vun eisen Elterenhaiser? Wat hu mir als Kaarte kritt an der Schoul a spéider am Liewen? Vill vun eis sinn doheem nach am Glawen erzu ginn. Interessant ass villäicht, dass ech, vun doheem aus, ganz sécher mat Glawensschong beschenkt, dach awer net wierklech vertraut war mam Hl Willibrord. Et huet sech alles ëm eist Heemechtsduerf gedréit, an déi 9 Kilometer bis op Iechternach hu mir fir eist Glawensliewen net gemaach, an och net gebraucht ze maachen. Deemools war d’Kierch nach am Duerf. Eréischt am Lycée ass mir bewosst ginn, dass den Hl Willibrord eise Patroun hei zu Iechternach ass, an mir hunn all Joer mat Stolz a Freed de 7. November gefeiert. Mir haten souguer eng Mass, a mir hunn eis do weder gelangweilt, nach wier et a Fro komm, den Dag net dohinner ze goen. Wéi d’Zäiten sech geännert hunn.

Nun, Iech all, ass et nach wichteg. Wéi ass et mat der Wichtegkeet vum Glawen, déi mir un déi kommend Generatioune weider schenke sollen? Wat gi mir an der Kateches weider? Ass si un d’Liewe vun de Kanner a vun de Famillje gebonnen? Leeë mir Zeechness of vun dem, wat mir gleewen? Begeeschtere mir mat dem, wat mir mam Kräiz verbannen? Huele mir och onbequem Weeër a Kaf, och dann, wann d’Kräiz fir d’éischt mol Kräiz ass, also Leiden, Engagement, an Häerzensblutt oder Häerzensengagement verlaangt? Eng lieweg Gemeinschaft gëtt et net zum Nulltarif!

Mir hunn hei an der Basilika en Hellegegraf, dat Graf gëtt eis eng Aufgab, eng Motivatioun. Mir kënnen dat Graf lieweg gi loossen, andeems mir sou wéi de Willibrord a wéi d’Jünger am Evangelium erausginn, an d’Botschaft vu Gott verkënnegen. Jidderee vun eis kann Zeechness ofleeën fir d’Kräiz an déi domat verbonne Botschaft vu Gott, „in Worten und Taten“, jiddereen op seng Manéier. Wa mir erausginn a kreativ sinn, an net drop waarden, ëmmer de liichte Wee ze goen an dass déi aner et maachen, da bekräftegt den Här och eis Verkënnegung duerch déi Zeechen déi hien geschéie léisst.

Herr, erneure deine Kirche, und fange bei mir an. Herr, baue deine Gemeinde, und fange bei mir an. Amen.

Le tombeau de St Willibrord a un message clair pour nous, il nous confie une tâche, il nous donne motivation. Nous pouvons faire vivant notre communauté, notre foi quand nous nous mettons en route comme St Willibrord et les disciples de Jésus dans l’évangile en annonçant la bonne nouvelle de Dieu. Nous pouvons témoigner de la croix et du message de Dieu qui est lui-même lié à la croix, témoigner par des mots et par des gestes, des actions concrètes, chacun de sa façon personnelle. Quand nous sortons, quand nous sommes créatifs, et quand nous n’optons pas pour le chemin le plus simple, ce sera le Seigneur qui fortifie notre message par les signes qu’il laisse paraître. En ce sens, je prie chaque jour, que Dieu éveille notre Église, et qu’il commence par m’éveiller moi-même, qu’il construise notre communauté et qu’il commence chez moi, par moi…



Links:

Willibrordusoktave 2022

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement