Rousekranz

eng Kette fir sech an anerer eropzéien ze loossen


Home Back Print Kontakt

Als Kanner an engem nach méi kathoulesche Lëtzebuerg wor de Rousekranz eppes, wou mir Concourse gemaach hunn, wien am séiersten am meeschte Gegrüßet-seist-du-Mariae soe kéint. Spéider als Jonken gouf dat mir eng langweileg Leier. Eréischt als Erwuessenen hunn ech gemierkt, dat Gebied mat däer extraer Päerelketten am Grapp ka méi. Et geet nämlech net drëm, wéi munch Kiermesleit oder soss Händler et maache, fir d’Maria mit ville Wieder z’iwwerzeegen, si soll eppes fir mech beim Härgott an d’Rei bréngen. Ech hu meng Zäit gebraucht fir z’entdecken, datt des Gebiedsform net „viel plappern wie die Heiden; denn sie meinen, sie werden erhört, wenn sie viel Worte machendem“ (Mt 6,7) ass. Mir kenne jo all Momenter, wou ons déi eege Wieder feelen oder net duer ginn. Da kann ech mech an all dat, wat een um Häerz huet, ouni vill Gedeesems an dës Widderhuelunge vun de Vater-Unseren a Gegrüßet-seist-du-Mariae faale loossen. Am gemeinschaftleche Gebied kann ee spieren, wéi déi selwecht Wieder ëmmer neess een droe kënnen. Esou ass d’Gebied vum Rousekranz en einfachen, onkomplizéierte Wee fir sech alles vun der Liewer ze schwätzen an et mat Maria dem Härgott ze ginn.

Rousekranz bieden ass eewer och mat Maria dem Jesus méi nokommen. Mir gréisse wuel Maria, ma an deene verschiddenen Gesätzer (Eenzelportiounen) vum Rousekranz ginn an der däitschsprocheger Gebiedstraditioun Säz agefügt, déi ons eppes vum Jesus sengem Liewen erzielen. An aanere Sproche gett beim Rousekranzgebied jeweils virun dem Gesätz oder Abschnitt d’Szen aus dem Liewe vum Jesus genannt, wou mat den Aa vu Maria op de Jesus gekuckt gett.

An der Kierch gëllt den Oktober traditionell als Rousekranzmount. De 7. Oktober steet d’Fest „Unsere Liebe Frau vom Rosenkranz“ am Kalenner. Et erënnert un e brenzlege Moment an der europäescher Gesicht, wou de Popst Pius V. 1571 d’Chrëschten all zum Rousekranzgebied invitéiert hat a wéi deemols Hëllef an der Nout kuom. Hautzudags ass d’Leed villfälteg. Corona huet ons nach ëmmer am Grëff. Mir erliewen eng geopolitesch Situatioun an der Welt, déi genee esou brenzleg ass, wéi deemols am 16. Jorhonnert, wou mir froen: Wou geet dat nach alles hin?

Friesse mir all déi Suergen net an ons eran, ma loosse mir ons mat deser Ketten am Grapp aus onsem Wudderen a Suergen bei den Härgott eropzéien. A verschiddene Kierchen gett am Oktober extra zum gemeinsame Rousekranzgebied invitéiert. Weider Informatiounen dozou fannt Dir an der Gottesdingschtuerdnung.

Luc Schreiner

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement