Als nei Por zesummen

Editorial September 2017


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Hei an dësem Bulletin fannt Dir elo d’Informatiounen aus alle Communautéite vun onser grousser neier Por. Nei dobäi komm sinn d’Gottesdingschter an d’Matdeelunge vun den Ennersauerdierfer, déi bis elo nach hieren eegene Porbréif haten. Huet elo Iechternach och d’Ennersauer kierchlech annektéiert, wéi si scho méi laang d’Lënster Géigend geschléckt hunn? Esou denkt jo munchereen. Nee, léif Leit, nee! Zënter dem 7. Mee si mir als nei Por St. Willibrord zesummen am Glawen ënnerwee, ma déi geographesch Bezeechnung „Regioun Iechternach“ weist ganz kloer: All Uertschaft an eiser Regioun ziele mat. An onser grousser Gemeinschaft gëtt kee geschléckt oder annektéiert. Do bleiwen déi aal, méi kleng lokal Communautéiten wichteg!

Als eng Por ass et nemme logesch, datt mir och ee gemeinsame Porbréif hunn, wou een alles Wëssenswäertes dra fennt. Schons ëmmer si Leit aus den Dierfer an d’Basilika an d‘Mass gaang. Och op onsen Dierfer ass munches lass, wou et derwäert ass, datt jiddereen informéiert an invitéiert gëtt. Jidderee soll iwwerall wëllkomm sinn! Och dofir steet onse gemeinsame Porbréif.

Bei allen Aktivitéiten, déi do iwwerall sinn, weist sech: Ons Kierch ass guer net esou doud, wéi muncheree si gäer hätt. An onser neier Por läit ee Räichtum vu Spiritualitéit an Feieren. Loosse mir dat zesumme liewen!

Munchereen hat matkritt, datt ech am Ufank de Projet vun der neier grousser Por skeptesch gesinn hat. Ech hat Angscht, meng Porleit an och ech selwer kréichen déi Heemecht geholl, déi ons Duerfkierchen a -gemeinschafte sinn. Dat kann och effektiv sinn, wa mir ons net méi fir ons Uertschaften engagéieren. Ech hunn awer och misse mierken: Wa mir eng Kierch mat Zukunft si wëllen, da kënne mir net einfach esou weider maachen wéi bis ewell.

  • Brauche mir nach Massen a Kierchen, wou vun de eegene Duerfleit kee bereed ass d’Kierch opzespäeren, d’Käerzen an d’Luuchten unzefänken, ze kucken, datt Brout a Wäin prett sinn an d’Massendinger hier Kleeder fannen?
  • Brauche mir nach Kierchen, déi fest zougespaart sinn aus Angscht et kéint een eppes klauen? Am Zäitalter vun Alarmanlagen an aanere Schutzmechanismen fir Konschtwierker stiele mir mat zougespaartene Kierchen de Menschen net d’Chance fir e Moment vu Rou, Stëllt a Gottesbegéinung ze fannen?
  • Brauche mir nach Kierchefabriken, wou keen disponibel ass d‘Afferstäck eidelzemaachen, keen den Affer zielt?
    Wat nëtzen all déi Diskussiounen iwwer Dogmen, Sexualmoral, Fraepriistertum, Zölibat, SYFEL, Bistum, Prozesser géint Innenminister an Äerzbëschof etc. wa mir déi ganz konkret Problemer op den Dierfer net ugaange kréien?

Merci all deenen, déi sech sur place engagéieren. Vill Jonk an Erwuesse maache vill gutt Aarbecht, déi mir och nach an Zukunft brauchen. Loosst Iech vu kenger Propaganda d’Flemm andreiwen! Christus ass et wäert!

Déi nei Por hëllt sëcher näischt vun enger Plaz ewech, wat gutt leeft. Mir musse just ons Geeschtlech an haptamtlech Mataarbechterinne méi deelen. Doranner kann eng Chance leien fir selwer méi aktiv ze ginn. An der neier Por kënne mir ons méi vernetzen, Ressourcen deelen. Mir dierfen Aales opgi, wat obsolet ginn ass, a Neies ausprobéieren.

Flott Erfahrunge vu Neies ausprobéieren a gutt Traditioune weiderpflege konnt ech déi lescht Zäit an onser Por méi maachen:

  • Ons „Promenade paroissiale“ tescht Hierber a Bech, wou ee sech an ons Dierfer besser kenneléiere konnt, an dee gudde Mauffel duerno;
  • Déi lieweg a flott Mass, wou di Bech-Hemsteler Chorale vun hierem Juck erofgeklomme wor an zesumme mat de Leit gesonge gouf;
  • D’Gespréicher an den Eltereversammelungen iwwert déi nei Kateches fir ons Kanner;
  • D’Fiirmungsmass mat musikalesch engagéierte Jonken;
  • D’Fatimafeieren zesumme mat onse portugiesesche Bridder a Schwesteren.
  • D’Muttergotteswoch op der Klaus mat uspriechende Priedegte vun de Kollegen an däer schéine Blummendécoratioun.
    Erfahrungen, déi ech déi allermeescht elleng op „mengen Dierfer“ esou net hätt kënne maachen. Och d’Erausfuerderung mat der Kateches elo, wou kee Reliounsunterricht méi ass, kënne mir zesumme besser ugoen. Dofir sinn ech vu menger Skepsis geheelt a si frou an der neier Por.

Mir erliewe vill Verännerungen – grad an der Kierch. Loosse mir ons dovunner keng Angscht maachen. Mam hellege Popst Jean-Paul II. ruffen och ech Iech zou:


„Habt keine Angst! Öffnet, ja reißt die Tore weit auf für Christus!“*

Äere Paschtouer
Luc Schreiner

* Ansprache Johannes Pauls II am Beginn des Pontifikats, Sonntag, 22. Oktober 1978

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement