Editorial aus dem Parbréif 2-26

Faaschtenzäit ... Zäit fir ...


Home GoBack Print Kontakt

Mat Äschermëttwoch, den 18. Februar, hu mir d’Faaschtenzäit ugefaang.
Dat Bild wat mir vun der Faaschtenzäit hunn ass net ëmmer positiv, et get gären mat Verzicht a Selbstquälerei a Verbindung bruecht. Mais dat ass net de Sënn vun der Faaschtenzäit.
Mat Äschermëttwoch fänkt eng Zäit vu Gnod un.

D’Evangelium, dat all Joer an der Liturgie vum Äschermëttwoch virgesinn ass, gëtt ons e ganze Programm mat op de Wee, wéi mer ons perséinlech Faaschtenzäit gestalte kënnen:
«In jener Zeit sprach Jesus zu seinen Jüngern: Hütet euch, eure Gerechtigkeit vor den Menschen zu tun, um von ihnen gesehen zu werden; sonst habt ihr keinen Lohn von eurem Vater im Himmel zu erwarten“ Mt 6,1.
Duerno zielt de Jesus déi 3 Grondhaltungen op:

  • Wenn du Almosen gibst,... (Mt 6,2)
  • Wenn ihr betet, ... (Mt 6,5)
  • Wenn ihr fastet .... (Mt 6,16)

Dës dräi Grondhaltungen: D’Gebiet, d’Faaschten an Deelen sollen ons hëllefen, d’Prioritéiten an onsem Liewen ze erkennen.

Bieden: An dëser hektescher Zäit ass et net ëmmer einfach sech Zäit fir d’Gebiet ze huelen, mee et ass wichteg fir kënnen zur Rou ze kommen. De Jesus huet sech och ëmmer nees dës Zäit geholl, sech e Moment vun de Leit zeréckgezunn, fir d’Gespréich mat sengem Papp ze sichen. Firwat net all Dag e puer Minutten an der Stëllt sinn, fir d’Wuert vu Gott ze liesen an ze meditéieren? Esou kënne mir ons vun deem Wuert leeden a verwandelen ze loossen. An Owes kënne mer den Dag ofschléissen mat der Fro: Wou hunn ech haut d’Präsenz vu Gott gespuert? Dëst soll eng Hëllef sinn, net einfach an den Alldag eran ze liewen, mee dem Wesentlechen an onsem Liewen méi Plaz ze ginn

Faaschten – Verzichten: Et kann een op villes verzichten, z.B. siwen Wochen ouni Séissegkeeten, Alkohol, Televisioun, sozial Medien. Wa mir op Konsum, op sozial Medien verzichten, mierke mer eréischt, wéivill mir am Fong dovun ofhängeg sinn. Duerch de Verzicht kënne mir besser erkennen wat ons gutt deet a wat ons méi schued wéi notzt, an esou kréie mir duerch d’Faaschten, duerch de Verzicht eng gewëssen Fräiheet an ënner Rou geschenkt.

Deelen: Déi drëtt Haltung ass deelen. D’Faaschtenzäit bedeit net, sech an «säi Schleekenhaus» zeréckzéien, mee d’Aen opzemaachen fir d’Nout vum Aneren ze gesinn. Dat kann deelen vu materieller Nout sinn, z.B. eng Faaschtenaktioun ënnerstëtzen, dat kann awer och Deelen vun onser Zäit sinn. E bëssen Zäit ze hunn fir déijéineg, déi eleng, krank oder eeler sinn. Fir deen Aneren dosinn, nozelauschteren, ze hëllefen wou Nout ass.

Am Ufank vum Evangelium, wat Äschermëttwoch gelies gëtt, seet de Jesus ons wéi mer déi dräi Haltungen praktizéiere sollen: Wann der biet, wann der faascht, wann dir deelt, hänkt dat net un déi grouss Klack. Maacht et net fir de Mënschen ze gefalen, looss iech net beaflossen, vun deem wat déi aner denken a soen, mee maacht et am Verbuergenen. "Dein Vater, der auch das Verborgene sieht, wird es dir vergelten" (Mt 6,4).

D’Faaschtenzäit ass also net eng „Selbstquälerei“, mee e Moment fir opzeraumen, Uerdnung ze schafen an ons selwer a frai ze gin.

Loosse mer an dëser Faaschtenzäit bieden, datt mer ëmmer nees op Säi Wuert lauschteren, an eis vun him beréiere loossen. Esou kënne mir um Enn vun dësen 40 Deeg, mat fräiem a frouen Häerzen Ouschteren feieren, d’Opersteeung vu Jesus Christus, deen Doud iwwerwonnen huet an ons a seng Léift erageholl huet.

Ech wënschen Iech all eng ganz schéin a besënnlech Faaschtenzäit!

Anise Metz

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement