Editorial aus dem Parbréif 3-26

Ouschteren réischt op den zweete Bléck


Home GoBack Print Kontakt

Ouschteren ass schwéier ze faassen. D’Evangelien erzielen näischt vun der Opersteeung selwer, mä just dat, wat ronderëm geschitt. A wat net beschriwwe ka ginn – well et letztendlech e Geheimnis bleift - kann och net duergestallt ginn, héchstens mat Phantasie oder symbolesch. An eise Kierchen gëtt et dofir och nëmme wéineg Biller vun Ouschteren, déi virun allem symbolesch dovunner erzielen . Hei e puer Beispiller:

  • Zu Consdrëff um Héichaltor gesäit en de Jesus, deen aus dem Graf kënnt, mam Ouschterfändel an der Hand, Symbol vun der Victoire iwwert den Doud (Parbréif 3/18).
  • Zu Beefort ass um monumentale Kräiz vum Héichaltor de Jesus als Operstanenen, als Kinnek duergestallt (änlech wéi an der grousser Fënster am Chouer vun der Basilika) (Parbréif 3/22).
  • Zu Lënster gëtt all Joers fir Ouschteren eng kleng Statue vum Operstanenen aus dem 18. Jh. opgestallt, déi bis Christi Himmelfaart stoe bleift. Eng Traditioun déi een dacks am Ausland gesäit.
  • An der Buerg ass eng 15. Statioun mam eidele Graf: En Engel verkënnegt de Fraen, datt de Jesus hei net ze fannen, mee operstanen ass (Mt 28,1-8).

Eng aner Duerstellung - net op den éischte Bléck z’erkennen - gesi mir als Schlusssteen um Verwëllef (15. Jh.) vun der Pierre- et Paul-Kierch zu Iechternach, hei um Parbréifsdeckel ze gesinn: e Lämmche mat engem „Kreuznimbus“, d.h. en Hellegeschäi mat engem Kräiz, deen an der Ikonographie Christus virbehalen ass (am Géigesaz zu engem normalen Hellegeschäin). An den illuminéierten Handschrëften – z.B. dem Codex aureus vun Iechternach - gesi mir de Jesus ëmmer mam „Kreuznimbus“ duergestallt . An dësem Parbréif fanne mir direkt e puer Beispiller (S. 7, 8, 9, 11, 15). Donieft dréit dat Lämmchen e Fändel.

An de johanneische Schrëften (Johannesevangelium an Offenbarung) gëtt de Jesus als „Lamm Gottes“ beschriwwen: „Seht, das Lamm Gottes, das die Sünde der Welt hinwegnimmt“ (Joh 1,29). E Saz, dee mir an all Mass héieren, wann d’Hostie vum Priister virun der Kommioun gewise gëtt. D’Lamm Gottes begéint eis awer och am Agnus Dei (Lamm Gottes, Agneau de Dieu) just virdrun.

Dem Jesus seng Kräizegung geschitt (nom Johannesevangelium) deen Ablack, wéi d’Pessachlämmer geschluecht ginn. Bei den aneren Evangelie geschitt dat lescht Abendmahl an der Nuecht vum Pessach. D’Lämmchen gëtt sou zum Symbol vum Jesus, dee sech ganz verschenkt an den Zeeche vu Brout a Wäin. Dëst weist sech ganz konkret um Kräiz, wou de Jesus alles gëtt, wat hien huet: säi Liewen.

D’Lamm mat der „Siegesfahne“ ass e Symbol fir Christus, deen den Doud iwwerwonnen huet, a gëtt sou zum Ouschterlamm.

Sou wéi Ouschtere selwer sech net duerstelle léist, a sech réischt duerch an anere Bléck, en zweete Bléck, e Bléck vum Glawen a vun der Hoffnung weist, sou erkenne mir deen Operstanenen, a säi Message, datt d’Liewe méi staark ass wéi den Doud, och net direkt.

Wa mir versiche Fridden ze liewen an ze deelen, wa mir eis Matmënsche ronderëm eis - awer och dee Friemen, dee mir net kennen - mat Respekt a Léift begéinen, dann ass den Operstanenen mat senger Kraaft vum Liewe matten ënnert eis.

Wa mir an der gréisster Sënnlosegkeet net vergiessen, ween de Wee, d’Wouerecht an d’Liewen ass, soulaang mir de Bléck vun der Hoffnung a vum Glawe net verléieren, dann ass Ouschteren z’erkennen. Dann ass och am Doud d’Hoffnung vun der Éiwegkeet präsent.

Am Numm vun der Pastoralékipp a vun alle Mataarbechterinnen a Matarbechter vun der Par, wënschen ech Iech e geseentent Fest vun Ouschteren.

Francis Erasmy

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement