Editorial aus dem Parbréif 7-25

En Influenzer, e Gonnerenger Meedchen a mir haut


Home GoBack Print Kontakt

Kennt Dir de Charlie Kirk? Bis zu senger Ermuerdung hat ech dëse staark-rietsen Influencer aus den U.S.A. net kannt. No sengem gewaltsamen Doud konnt een sech senger Präsenz an de Medie net méi erwieren. Déi eng ruffe ‚Santo subito‘ (séier helleg oder séier als Hellegen) a luewen seng chrëschtlech Iwwerzeegungen. Säin Hellegeschäi blénkt bei verschiddener nach méi, well gezielt gëtt, hien hätt wëlle kathoulesch ginn, hien hätt de Rousekranz gebiet an d’Mass matgefeiert.

Wor dëst fir senge politesche Meenungen eng spirituell Heemecht ze ginn oder d’Sich no méi? Bei de westleche chrëschtleche Glawensgemeinschafte si Katholiken déi am mannste woke. Allerdings, de chrëschtkathoulesche Glawe wëllt ons d’Aen fir ons Welt opmaachen an erkennen doen: All Mënsch, egal vu wou e staamt an egal wat fir eng Hëllef e brauch, egal och, wou en am Liewen drun ass - ob nach am Schouss vun der Mamm, am volle Liewen oder am Fleegebett, wann d’Kraaft fort ass - ass ëmmer Gottes Geschöpf, ons Schwëster oder Brudder an huet d’Recht op e Liewen an Dignitéit.

Anerer si manner vum Charlie Kirk begeeschtert. Beobachter soen: Hien hätt polariséiert. Munches, wat hie geschwat a gefuerdert hat, wier him selwer zum Verhängnis ginn. Jo, wéi een an de Bësch rifft, esou halt et zréck. Wie Gewalt séit, wäert Gewalt kréien. Do sollte mir ons näischt virmaachen. Ons Wierder wierken ëmmer dat wat si enthalen. Wéi notze mir si? Vill wëllen ons haut influenzéieren. Net alles ass gutt! Munch ellenen Despot an der Mënschheetsgeschicht konnt d’Leit verblenden an op d’Schläich féieren. Herno wor de Misär grouss! D’Undenken un d’Rundstettoffensiv am Dezember virun 81 Joer féiert ons dat virun Aen. Léiere mir aus der Geschicht, a suerge mir mat, datt si sech net méi widderhëlt!

Déi verschiddenst Reaktiounen op de Mord vum Charlie Kirk weisen ons: All Mënsch huet ënnerschiddlech ausgepräägt Guddes a Schlechtes a sengem Liewen. Ons steet et net zou dat lescht Urteel iwwert e Mënsch ze spriechen. Dat mécht Gott a senger Gerechtegkeet a Barmhäerzegkeet. Par contre, mir sinn invitéiert fir déi Verstuerwen ze bieden, datt dat, wat an hirem Liewen net der Léift entsprach huet, datt dat, wat krank oder zerbrach ass a Gottes Guttheet geheelt a nees ganz gëtt, an déi Verstuerwen, als déi si tatsächlech sinn a Gottes Léift de Fridde fannen.

Zäitgläich wéi dat ganzt Gedeessems ronderëm de Mord um Charlie Kirk ass zu Berbuerg am Altersheim den 2. September d’Schwëster Thérèse-Emmanuelle am Fridden heemgaang. Als Marthe Hoeser wor si viru 87 Joer an enger Gonnerenger Famill op d’Welt komm. Mat 20 Joer wor si an d’Kongregatioun vun de Schwëstere vun der helleger Elisabeth zu Lëtzebuerg agetratt. Net laang duerno wor och hier Schwëster Irène hier op deem geeschtleche Wee nogaang a lieft haut als Schwëster Marie des Anges zu Berbuerg. Déi meescht Zäit vu deene 67 Joer am Klouschter stoung d’Schwëster Thérèse-Emmanuelle zu Betzder am Institut Saint Joseph am Dingscht vun de Kanner a Leit mat Handicap. Wéi eng gutt Mamm wor si wäit iwwert de Pensiounsalter eraus bis hier d’Gesondheet et net méi erlaabt hat fir hir ‚Kanner‘ do. Esou wor si déi lescht Schwëster, déi aktiv am Institut matgeschafft hat. Si wor eng vun deene Persounen, déi eréischt opfale, wa si net méi do sinn. Éierlech, trei, bescheiden, do fir Gott an do fir d’Mënschen huet si gelieft. An deene bal 15 Joer, wou ech ewell mat de Betzder Schwësteren donneschdes d’helleg Mass feieren, huet mech hier déif Spiritualitéit beandrockt. Do konnt ech mierken: Si kuckt elo ganz op de Jesus, deem säin Affer um Kräiz fir ons an der Eucharistie nei wierklech gëtt. An herno beim Mëttegiessen huet si gäre matgelaacht.

Esou ass d’Schwëster fir mech en Alternativmodell zum Charlie Kirk an zu villen aneren, vun deenen d’Welt schwätzt. Si huet keng Opmierksamkeet verlaangt. Si wollt kengem de Kapp verdréien, keen op Ideologien aschwieren, ma si hat authentesch d’Evangelium gelieft an dat gemaach, wat ze maache wor. Maache mir et d’selwecht. Da gëtt ons Welt e bësse besser, a mir wäerte sécher och Gottes Léift a Fridden an Éiwegkeet fannen. Sécher kënnen e Willibrord, e Mäerten, eng Elisabeth, eng Cäcilia, eng Barbara, en Nëklos an déi vill aaner Helleger, déi mir am November an Dezember feieren, ons op deem Wee inspiréieren.

Luc Schreiner

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement