D’Fest vu Péngschten

Aus dem Parbréif 4 - 2018


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Mir bereeden eent vun deene wichtegsten Fester am Kierchejoër vir, d’Fest vu Péngschten. Nodeems mir d’Operstéiung vum Jesus, Ouschteren, gefeiert hunn, feiere mir Péngschten, datt den Hellege Geescht, d’Kraaft vu Gott am Jesus senge Frënn lieweg oder wierksam gëtt. Um Deckel vun eisem Parblat gesitt Dir eng Péngschtduerstellung an de Kierchefënstere vu Befort. D’Maria an en Deel vum Jesus sénge Jünger empfänken de Geescht vu Gott an Zonge vu Feier. D’Komme-vum Geescht-vu-Gott gëtt an der Helleger Schrëft ënnerschiddlech erwähnt.

An der Apostelgeschicht 2, 1-4 gëtt et eng Beschreiwung, vum Komme vum Hellege Geescht, als kräftege Wand, als Zonge vu Feier oder als Befäegung, an anere Sproochen ze schwätzen an se ze verstoën. De Geescht vu Gott gëtt als kräfteg, voller Elan an Dynamik beschriwwen. D’Jünger vum Jesus ware versammelt op enger an der selwechter Plaz, an si haten sëch schon virdrunn opgemaach, fir hirt Liewen nees an d’Hand ze huelen, un hirer Gemeinschaft ze schaffen an se selwer ze gestalten. Dëst, well si d’Helleg Schrëft verstanen, an hirt Liewen un dësem Verständnis orientéiert hunn. Si haten de Matthias gewiëlt, nodeems de Judas sech diskreditéiert hat an ersat huet misse ginn. Et ass en „sech selwer op de Wee maachen“ bäi de Jünger ze spieren, eng Kraaft gëtt an hinne wakereg, mëcht si staark, dreiwt si un.

Och am Johannesevangelium 20, 19-23 gëtt vum Hl. Geescht geschwat, wéi de Jesus um Ouschterowend bei seng Jünger kënnt. Si sëtzen hanner zouenen Dieren, well si enttäuscht sinn. Si fillen sech elleng, well de Jesus um Karfreideg um Kräiz gestuerwen ass, a si hunn Angscht virun de Juden. Hie begréisst si mat de Wierder: „De Fridde sief matt Iech“. Réischt wéi si de Jesus erkennen, spieren si eng gewësse Freed. De Jesus seet eng zweete Kéier: „de Fridde siëf mat Iech“. Hie schenkt hinne Rou a Fridden an hir ängstlech an traureg Häerzer eran. Duerno seet hien hinnen, si sollen den Hellege Geescht empfänken a selwer aktiv ginn bei de Mënsche vun hirer Zäit. Si kréien eng Art Vollmacht fir Sënnen ze verzeien. Am Johannesevangelium gëtt vill méi douce a behutsam vum Geescht vu Gott geschwat, wéi an der Apostelgeschicht.

Wa mir lo an eis Zäit erakucken, da fanne mir eis sécher souwuel an der Apostelgeschicht, wéi och am Johannesevangelium erëm. Déi eng Kéier hu mir Angscht, mir wëssen net sou richteg weider. Mir brauchen een, deen eis seet, datt mir kënne getréischt ënnerlech roueg bleiwen. Mir brauchen een, deen eis Kraaft gëtt, eng Kraaft, déi eis et méiglech mécht, fir eisen Aufgaben nozegoën. An anere Situatiounen hu mir scho längst ugefaangen, eis dem Liewen mat sengen Erausfuerderungen ze stellen, a mir spieren op eemol an eis eng onbänndeg Kraaft, déi eis selwer an aner Mënsche matrappt an dréit, an zu richteg kéngen Aktiounen an Aktivitéiten ustiwwelt.

Wahrscheinlech brauche mir grad an eiser Zäit, déi net ëmmer einfach ass, an eiser kierchlecher Gemeinschaft d’Behutsamkeet vum Johannesevangelium, fir datt mir virsichteg bleiwen, an Entscheedunge fir d’Zukunft vun eiser kierchlecher Gemeinschaft huelen, déi gutt iwwerluecht an déi vun ënnerem Fridde gedroë sinn.

Allerdéngs brauche mir och d’Feierzongen aus der Apostelgeschicht, déi eis Häerzer brenne loossen, an déi eis voller Elan schaffe loossen, net nëmmen mam Kapp, mee mam Häerz un enger lieweger Glawensgemeinschaft.

An den Deeg vu Péngschten kommen Dausende vu Pilger an eis Par bei d’Graf vum Hellege Willibrord. Si bieden, sangen a sprangen, si engagéieren sech mat hirem ganze Kierper. Loosse mir eis vum Geescht vu Gott ustiechen an eis mat eisem ganze Wiesen, eisem Liewen a mat eisen Talenter asetzen fir eng Gemeinschaft, déi och nach an en ettleche Joren eng Iwwerliewenschance huet.

An engem Lidd wou d’Mannick d’Melodie an de Maurice Debaisieux den Text geschriwwen huet, heescht et:

„Esprit de Pentecôte, souffle de Dieu,
vois ton Église aujourd’hui rassemblée.
Esprit de Pentecôte, souffle d’amour, emportenous dans ton élan.
Emporte-nous dans ton élan.“

Dëst wënschen ech eis alleguer vu ganzem Häerzen, op de Spuren vum Hellege Willibrord, an eiser Par an doriwwer eraus.
Josiane Mirkes, Parassistentin


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement