D’Rentrée

Editorial aus dem Parbréif 6/2018


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

D’Rentrée ass ëmmer en Ablack fir nei unzerappen, wou ee sech drop freeë kann, d’Leit erëmzegesinn, a wou dat neit Aarbechtsjoer nees op d’Schinne gesat gëtt.

Am leschte Joer huet villes changéiert: wéi d’Kateches oder déi nei Kierchegestioun. Et ass immens vill an eiser Par geschitt a mat dem neie Joer gi mir weider op eisem Wee, fir de Glawen ze liewen an déi Frou Noriicht weider ze ginn.
Wa mir an eisem Alldag Mënsche begéinen, déi eng aner Vue oder en anere Plang fir hiert Liewen hu wéi mir, da si mir dacks e bëssen enttäuscht. Z.B. well eis Kanner, Enkelkanner, Niece a Neveu, Frënn, Nopere... der Meenung sinn, datt de Glawen an den Härgott hinnen näischt soen. Datt si domat näischt wëllen ze dinn hunn an hiert Liewen ouni Gott genee sou gutt ass.
Sécher ass dat méiglech. Wann ech Leit begéinen, déi mat hirem Liewen zefridde sinn, a kee gréisseren Usproch un eng Orientéierung oder e Sënn an hirem Liewen hunn, kann ech nëmme soen: „Jo dir huet Recht.“ An dat mengen ech ganz seriö. Well ech muss net mat all Mëttele probéieren, en aneren ze bekéieren.

Fir mech als Chrëschtin stellt sech do d’Fro: Firwat freet mech een, oder freet mech keen no menger Iwwerzeegung, mengem Glawen, dee mech dréit, begleet, mir eng Hëllef, eng Stäip an eng Orientéierung ass. Gleewen bedeit fir mech, an der Bezéiung zu Jesus Christus mäi Liewen auszeriichten, mech ze moossen dorunner, wéi ech aner Mënsche begéinen, wéi ech mat (a vun hinnen) schwätzen. Wéi ech net „iwwert si“ schwätzen, mee a Kontakt mat hinne kommen.

Am leschte Joer an der Kateches hunn ech vun de Kanner ganz vill dierfe léieren. Déi Kanner déi mir begleeden däerfen, wëssen zimlech genee wat si wëllen: z. B. Geschichten aus der Bibel ze héieren an de Jesus kennenzeléieren, eng Bezéiung opzebauen... alles dat, wat déi grouss Helleg eis virgelieft hunn: Wéi mir um Wee bei den Härgott sinn, jidderee vun eis ganz perséinlech. Dem Wee, deen et fir mech nëmmen eng Kéier gëtt, well et mäi perséinleche Wee ass, net däin oder säin, oder eisen - och wann d’Gemeinschaft wichteg fir eis ass. Déi, déi mat mir um Wee sinn, hunn ähnlech Froën, Iddien, Schwieregkeeten an Dreem. Als Chrëschtinnen a Chrëschten si mir duerch eis Daf invitéiert aneren vun eisem Glawen z’erzielen an dat, wat mir vum Jesus verstanen hunn ze liewen. Aus Iwwerzeegung!

Fir dat néit Schouljoer wënschen ech eis, datt mir mat Elan a Freed viru ginn, begleet vum Wonsch, Zeien ze sinn vum Glawen, fir datt mir eng lieweg Glawensgemeinschaft sinn an bleiwen.

An dësem Sënn well ech en Text vun der franséischer Mystikerin Madeleine Delbrêl als Motto matginn:

„Geht hinaus in euren Tag ohne vorgefasste Ideen, ohne die
Erwartung von Müdigkeit, ohne Plan von Gott, ohne Bescheidwissen
über ihn, ohne Enthusiasmus, ohne Bibliothek - geht so auf die
Begegnung mit ihm zu. Brecht auf ohne Landkarte - und wisst, dass
Gott unterwegs zu finden ist und nicht erst am Ziel. Versucht nicht,
ihn nach Originalrezepten zu finden, sondern lasst euch von ihm
finden in der Armut eines banalen Lebens. "

Zum Schluss nach en Hiweis op eng weider Neierung an eiser Par: Mat dësem Parbréif kënnt déi nächst strukturell Ännerung op eis duer fir e „Pastoralrot“ ze grënnen. Dëst Gremium soll d’Pastoralteam beroden an d’Entwécklung vun der Par begleeden. Wéi dat genee fonctionnéiert a wien sech do engagéiere kann/soll/däerf gitt dir am Depliant gewuer, deen an dësem Parbréif läit. Mir alleguer géifen eis freeën, iwwert vill Leit, déi sech mat hiren Iddien, Virschléi an Talenter abrénge wëllen.

Elke Grün

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement