Faaschtenzäit - eng Zäit fir manner oder éischter méi!


Home GoBack Print Kontakt

Mat Äschermëttwoch fänke mer den 2. Mäerz 2022 d’Faaschtenzäit un. Déi 40 Deeg déi ons ob dat grousst a wichtegst Fest vum Chrëschtentum virbereeden: Ouschteren wou mir d’Opersteeung vum Jesus feieren.

Déi Zuel 40 kënnt ëfters an der Bibel vir:

  • D’Vollek Israel ass wärend 40 Joer duerch d’Wüüste gezunn, iert et an dat gelobte Land agezunn ass (Gn 16,35).
  • De Prophéit Elija ass wärend 40 Deeg a 40 Nuechten duerch Wüüste gaangen, op de Bierg Horeb, fir do an engem «leisen Säuseln», d’Presenz vu Gott z’erkennen (1 Kön 19,8).
  • De Moses war 40 Deeg um Bierg Sinai, du krut hie vu Gott déi 10 Geboter offenbar (Gen 24,18).
  • An éiert de Jesus säin ëffentlecht Liewen ugefaange huet, war hien 40 Deeg an der Wüüst.

Och mir hunn an dëser Faaschtenzäit 40 Deeg virun ons. Wat fir eng Virsätz kënne mer ons fir dës Faaschtenzäit huelen? Et kann een op villes verzichten? Z.B. Siwen Wochen ouni Séissegkeeten, Alkohol oder sozial Medien. Beim Verzichten geet et dacks ëm eis selwer. Et ass gutt fir de Kierper vun Zäit zu Zäit ze «entschlaken» an esou ze realiséieren wéi gutt et ons am Fong geet.

Awer an der Faaschtenzäit kann et och ëm méi goen. Déi 40 Deeg kënnen eng Zäit vum Nodenken a vum Biede sinn. Eng Zäit, wou mer d’Wuert vu Gott, Texter aus der Bibel liesen, lauschteren an eis ophuelen an eis dovun féieren a verwandelen loossen. Eng Zäit vun Austausch an Dialog mat aneren. Eng Zäit wou mer an d’Déift kënne goen. Eng Zäit fir iwwert onst Liewen nozedenken. Jiddereen vun ons huet eng Beruffung, eng Missioun, en Optrag. Wat ass meng Missioun? Vum däneschen Philosoph Sören Kierkegaard kënnt dëst Zitat: «Ich wäre zugrunde gegangen, wäre ich nicht zu Grunde gegangen».

Loosse mer an dëser Faaschtenzäit op de Grond vun ons selwer goen an iwwerleeën: Wat ass meng Missioun? Wat ass mäin Optrag? Sinn ech op mengem Wee der Missioun trei bliwwen? Wat kann ech eventuell änneren a verbesseren? Wéi kann ech Neies zouloossen? Wou kann ech déi néideg Kraaft sichen a fannen, fir dee Wee ze goen, dee wierklech mäi ganz perséinleche Wee ass?

Elo, wou d’Kierch um synodalen Wee zesummen ënnerwee ass, wier et schéin a wichteg, datt och all eenzele Member vun onser Communautéit sech a Fro stellt an op de Grond vu sech selwer geet.

Ech wënschen iech all eng ganz schéin a besënnlech Faaschtenzäit!

Anise Metz

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement