Gedanken zum Advent

Editorial aus dem Parbréif 08/17


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Den Hierscht geet lues a lues iwwer an de Wanter. D’Natur zéit sech ëmmer méi zréck. D’Deeg gi méi kuerz an d’Däischtert hëllt zou. Eigentlech ass et eng schéin Zäit. Dat, wat war, verännert sech, geet wéi an ee Wanterschlof. Fir eis ass et eng Zäit vun freedegem Waarden op een neien Ufank, op e neit Erbléien vun der Natur.

Et ass wichteg fir d’Natur, datt si eng Zäit huet fir sech ze regeneréieren. Dat misst eis als Mënschen och ze denken ginn. Mir brauchen ëmmer nees Zäiten fir nei opzetanken, fir eis ee wéineg auszerouen a méi gemittlech ze maachen an eisen Aktivitéiten. Den Advent lued eis genee dozou an. Den Advent ass eng Zäit vum Waarden, eng Zäit vu Rou a Besënnung. Et läit natierlech un eis als Eenzelner, wéi wäit mir eis wëllen zur Rou setzen, wéi wäit mir wëllen an dëser Zäit no eppes Neiem sichen.

D’Liturgie vun der Kierch kennt am Laf vum Joer verschidden Zäiten. Et ass wuel all Joer dat Selwecht. Et ass wéi mat der Natur. All Joër leeft een neien Zyklus of. Mä grad dat gëtt eis eng grouss Chance. Mir sinn ëmmer nees zeréckgeworf op een neien Ufank. Mir dierfen nei ufänken. Mir sinn net gezwongen einfach ëmmer méi wäit ze goën. Mir dierfen eppes Neies probéieren. All Joer gëtt eis d’Chance nei Weeër ze goen, nei Idien ze entwéckelen. Dat mecht et eigentlech ganz spannend. Wuel si vill Saachen ëmmer nees gläich an awer sinn si och erëm nei. Dat ass wéi an der Natur. Lo am Hierscht sinn d’Blieder un de Beem faarweg a falen lues a lues of. An dach entdecken ech do ëmmer nei Biller, nei Formen. Et mecht eis Liewen spannend.

Den Advent lued eis an, nei unzefänken. Mir kréien d’Méiglechkeet erëm ganz vir unzefänken. Wéi mir eis Chancen notzen, ass eis iwerlos. Den Advent ass gutt fir eis ze erënneren, dass mir eventuell een neie Virsaatz kënnen huelen. Firwat net emol erëm méi intensiv an der Famil mat enaner schwätzen? Firwat net emol erëm Frënn invitéieren oder besiche goen? Firwat net och emol erëm een neit Engagement iwwerhuelen? Et sinn net déi grouss a spektakulär Aktiounen, déi gefrot sinn. Wa mir schon nëmmen fir een anere Mënsch do sinn, deen eis brauch, dann hu mir villes geleescht. Wa mir eis esou engagéieren, dat bléit neit Liewen op. Dann trëtt Liicht an eist Liewen.

Am Evangelium vum zweeten Adventssonndeg heescht et: „Eine Stimme ruft in der Wüste: Bereitet dem Herrn den Weg! Ebnet ihm die Straßen!“ (Mk 1, 3) Eis Welt bereede mir fir Gott, wa mir eben just eis engagéieren a Freed a Léift an eis Welt brengen, wa mir och nëmmen engem eenzege Mënsch eng Freed maachen an him soen, datt mir hien gär hunn, dann ass de Wee fräi fir Jesus Christus. Dann hu mir seng Botschaft schon zum groussen Deel an eis Welt bruecht. Ech wënschen eis all, dass mir an der Adventszäit déi néideg Rou an Erhuelung fannen, fir eis op nei Aufgaben ze konzentréieren, oder fir ganz einfach engem Mënsch nei mat Léift ze begéinen.

Carlo Morbach
Paschtouer
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement