Gewalttätiger Gott - gewalttätiger Glaube?

Wege der Barmherzigkeit Gottes


Home GoBack Print Kontakt

„Der christliche Gott muss verrückt sein. Er wird glaubhaft als Liebe und Barmherzigkeit verkündet, setzt aber nach Heiliger Schrift und Kirchengeschichte seinen Willen mit Gewaltakten und Massentötungen durch.“ (S. 9.) Dat ass den éischte Saz vun der Aféierung vum Markus Zimmermann a säi Buch. Effektiv gëtt et jo eng Onmass u Gewalt an eiser Bibel wéi och am Laf vun der Geschicht vun eiser Relioun. Kaum ee Joer vergeet, ouni dass iergend ee Buch oder Artikel drop hiweist. Ganz dacks gëtt grad d’Geschicht vun der Kierch wéi och d’Bibel selwer esou zum Argument fir net u Gott ze gleewen an all Relioun ofzeleenen. Villes ass net grad charmant, wat mir aus eiser Geschicht wëssen. Em sou méi wichteg ass et, fir sech mat all deem ausenaner ze setzen a Konsequenzen fir eis Zäit doraus ze zéien.

Dem Zimmermann säi Buch wëll genee dat och maachen. A véier exemplaresche Kapitelen ënnersicht hien déi déif Verflechtung vun eiser Relioun mat der Gewalt. Am éischte Kapitel kuckt hien op déi dacks geäussert Problematik, dass grad de Monotheismus d’Gewalt begënschtegt huet. Bedeitend Wëssenschaftler wéi de Jan Assmann an anerer hunn a ville Publikatiounen op dësen Aspekt opmierksam gemaach. De Zimmermann diskutéiert déi Argumenter a versicht op ze weisen, dass et duerchaus Momenter an der Geschicht vun der Entwécklung vum Monotheismus ginn, déi een kritesch muss gesinn. Allerdéngs ass dann awer mam Jesus a mat sengem Programm eng ganz däitlech Ofleenung vu Gewalt agetrueden. Mä och déi chrëschtlech Gemeinschaften waren a sinn net fräi vun Iwwerhieflechkeet an esou vum Wëllen fir hier Iddien och mat Gewalt an Drock duerch ze setzen.

Dat zweet Kapitel setzt sech mat engem ganz subtillen Moment vu Gewalt ausenaner. Hei geet et ëm déi laang Joerhonnerten praktizéiert a gewollt och mëssverstanen Interpretatioun vum Sakrament, dat mir haut korrekt als Krankesalbung bezeechnen. Laang gouf dëst Sakrament als Stierfsakrament ugesinn an de Geeschtlechen, deen et sollt spenden, war da quasi de „Sensenmann“, deen den Doud ugekënnegt a bruecht huet. Awer och eng aner Astellung zu dësem Sakrament, nämlech dass de Geeschtlechen bal wéi ee „Wundertäter“ duerch magescht Gebiet an Handelen ee Mënsch soll gesond maachen, entsprécht net dem Sënn. Vill onglécklecht Handelen, an dat bis haut bäi ville Vertrieder vun eiser Kierch, mécht aus dësem wäertvollen Sakrament ee Muechtsakrament, wat der Séil vum Mënsch ganz dacks Gewalt ugedoen huet an deet. „Das Krankensalbungssakrament ist ... ein wirkmächtiges Zeugnis gegen jede Gewaltinszenierung und für die heilsame Barmherzigkeit Gottes. Es kann allerdings kaum behauptet werden, dass dieses Selbstverständnis in das Bewusstsein und den Altag der Gemeinden angekommen ist.“ ( S. 56) Hei bleift sécher nach vill ze leeschten.

Dat drëtt Kapitel beschäftegt sech mat deem ominéisen „Fegefeuer“: „Zwischen Folterkammer und Sühneschlacht: das Fegefeuer als Gewaltpädagogik?“ Dës Iwwerschrëft deit schonn op déi grouss Problematik vun der Konzeptioun vun der theologescher Iddie vum „Fegefeuer“ hin. Wéi et nom Doud mat eis weidergeet a wéi eventuell de Mënsch fir säi Liewen beurteelt soll ginn, wësse mir net. Vill Gedanken hunn sech d’Theologen vun allen Zäiten dozou gemaach. Awer och hei ass et esou, dass vill Muecht an der Kierch mat dem Angscht-maachen virun dëser „Folterkammer“ duerch gesat gouf. Dobäi geet et ganz sécher fir eis, wann et da Gott gëtt, ëm ee gütegt Kucken op eist Liewen. „Das Purgatorium ... bezeichnet das sich in der Christusbegegnung ereignende, auch post mortem unaufhegbare, läuternd-heilbringende Heilshandeln Gottes.“ (S. 82) Och dëst Kapitel lount sech, intensiv duerch gelies ze ginn. Et „läutert“ mat Sécherheet esou munch duerch d’Geschicht schif interpretéiert Gedanken zu engem Liewen nom Doud.

Dat véiert Kapitel beschäftegt sech da mat den aktuelle Problemer vun eiser Kierch. Hei steet engersäits déi sexualiséiert Gewalt am Fokus an anerersäits awer och aner Skandaler, déi sech ëm Finanzen an personellen Muechtmëssbrauch dréinen. Dass all dës Feelverhalen net dem Sënn an der Ethik vun eiser Relioun entspriechen läit op der Hand. An et féiert och kee Wee derlaanscht all des Mëssstänn opzeklären an esou gutt wéi méiglech fir d’Zukunft ze verhënneren. D’Ofgrënn vum falschen Verhalen sinn esou déif, dass si eis all oprësele mussen. Doriwwer eraus muss erëm nei erkannt an och praktizéiert ginn, dass „die revolutionäre, alle Grenzen der Gewalt überwindende Barmherzgkeit Gottes ... die Mitte ... (der) Lehrverkündigung (bildet).“ (S. 124)

Et lount sech ganz däitlech dëst kuerzt Buch vum Markus Zimmermann, deen Dogmatiker un der Universitéit Gregoriana zu Roum ass, duerch ze liesen.

Carlo Morbach


Markus Zimmermann: Gewalttätiger Gott - gewalttätiger Glaube? Wege der Barmherzigkeit Gottes
Verlag Herder Freiburg 2022, 143 Seiten, 20,- €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement