Ich will dich beschenken! - Gott.

Ee literareschen Adventskalenner


Home GoBack Print Kontakt

Elo an der Adventszäit gëtt et jo eng ganz Rei vun Adventskalenneren. Och wa vill Mënschen näischt méi mat Kierch oder Glawen um Hutt hunn, sou boomt dach awer d’Geschäft mat den Adventskalenneren. Ech wollt dofir hei een alternativen Adventskalenner virstellen, deen iech kann een Impuls fir déi Deeg bis Chrëschtdag ginn. An der Beschreiwung vun dësem klenge Buch heescht et, dass all Dag eng Anekdot, oder eng Geschicht oder soss eng Iwwerleeung gebuede gëtt.

Effektiv si munch ganz léif an nodenklech Episoden erzielt. Si reegen un, fir selwer doriwwer an da weider no ze denken. Fir all Dag ass och en Impuls am Buch, wat een an dëser Adventszäit dann emol kéint maachen, wéi een sech kéint engagéieren, wéi een déi chrëschtlech Botschaft kéint konkret realiséieren. Dat sinn ni ganz grouss Saachen, déi do ugereegt ginn. Mä et si Saachen, déi mir alleguer duerchaus kënne maachen. Firwat net emol engem Mënsch, deem ech meeschtens aus de Féiss ginn, dach eng Kéier e puer frëndlech Wierder soen, oder engem, deem ech am Fong ni eppes géif ginn, fir Niklosdag oder och fir Chrëschtdag eng kleng Iwwerraschung maachen? Et sinn einfach a bescheiden Zeechen, déi mir an dëser besënnlecher Zäit kënne setzen. Si iwwerfuerderen eis net. Mä si weisen awer eis echt chrëschtlech Iwwerzeegung. Heiansdo ass et wuel méi bedeitend, dass mir eis chrëschtlech Botschaft vu Fridden a Léift duerch esou Zeechen iwwermëttelen, wéi duerch groussaarteg Feieren an dichteg Priedegten.

Dëst klengt Buch huet mech op alle Fall ugereegt fir selwer mäin Asaz ze iwwerdenken an och mol dëst oder dat, wat do als Ureegung drasteet, ze realiséieren. Hoffentlech bleift et net beim einfachen gudde Virsaz.

Carlo Morbach


Jürgen Werth Ich will dich beschenken! - Gott. 24 inspirierende Gedanken zur Advents- und Weihnachtszeit
Gerth Medien Asslar 2020, 175 Seiten, 12- €


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement