|
23. Sonndeg am Joereskrees A - 5./6.9.2020
Aféierung an d’Mass
Léif Matchrëschten! D’Welt ass schonn zimmlech komplizéiert. Villes leeft schif. Mir gesinn dat jo och an eiser Zäit. De Mënsch ass u Villem schold. A senger Gurmangsegkeet a Récksiichtslosegkeet mécht hien Villes falsch an zerstéiert d’Natur, vläicht esouguer um Enn sech selwer. An awer huet de Mënsch och ee Geescht, deen hien denke léist, deen him och Asiicht gëtt an säin Handelen. De Mënsch ass doduerch och fäeg, fir sech selwer ze änneren. Als Chrëschte gleewe mir, dass Gott genee dowéinst och Vertrauen an eis setzt. Mir kënnen dës Welt zum Gudden hin veränneren. Just mir mussen et och maachen an net nëmmen alles esou lafe loossen. Loosse mir eis vu Gott opruffen eis ze veränneren an eis u seng Geboter ze halen. Froe mir ëm säin Erbaarmen: Här Jesus Christus,
Eisen Här soll sech eiser erbaarmen. Hien soll eis d’Kraaft schenken, fir eis vun gewinntem Feelverhalen ofzekéieren, fir esou op de Wee vun senger Botschaft zeréckzefannen. Amen. Dagesgebiet
Gudde Gott, du hues eis duerch déi Jong Jesus Christus erléist Dieu qui as envoyé ton Fils pour nous sauver Gott und Vater, unseres Herrn Jesus Christus, Liesungen: Lesung: Ez 33,7-9 / Röm 13, 8-10 Evangelium: Mt 18, 15-20 Lesung aus dem Buch Ezéchiel. Kv.: Hört auf die Stimme des Herrn; verhärtet nicht euer Herz! Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. Halleluja. Halleluja. Gott hat in Christus die Welt mit sich versöhnt Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. Lecture du livre du prophète Ézékiel. PSAUME: (Ps 94 (95), 1-2, 6-7ab, 7d-8a.9) Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains. Alléluia. Alléluia. Dans le Christ, Dieu réconciliait le monde avec lui : Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. Priedegt (2020)
Léif Matchrëschten! Ee ganz schéinen Liesungstext hu mir haut vum Paulus héieren. Engersäits ass en einfach ze verstoen an anerersäits wuel awer net ganz esou einfach ze erfëllen. Gi mir mol zesummen dem Paulus an dësen puer Zeilen no. "Niemandem bleibt etwas schuldig", sou fänkt hien haut un. Wat genee hei gemengt ass, ass net onbedéngt kloer. Sinn et real Scholden, déi een soll deem aneren erëm bezuelen oder ass eppes aneres hei gemengt? Wa mir an eis mënschlech Relatiounen kucken, da sinn et ganz dacks genee déi kleng a banal materiell Saachen, déi ëmmer nees zum Sträit féieren. Wann alles an deem Beräich wierklech korrekt gereegelt wier, da géif et wuel kaum Grond zu Diskussiounen ginn. An deem Sënn kéint een schonn emol zoustëmmen a soen, et wier gutt, wa jiddereen am Rengen mat sengem Matmënsch wier. Vläicht misst een och an der Gesellschaft natierlech derfir suergen, dass all Mënsch dat zoukënnt, wat hie liewe léist. An eiser Gesellschaft gëtt et deelweis een horrenden Ënnerscheed an de Besëtzverhältnisser an an de Ressourcen, déi deenen engen an deenen aneren zur Verfügung stinn. Do si ganz einfach déi wéineg Superräicher, déi quasi alles hunn an déi absolut Aarm, déi kaum hier Liewen kënnen liewen, well si all Dag drëm kämpfe mussen. "Niemandem bleibt etwas schuldig" wier a mengen Aen hei vläicht eben och esou ze interpretéieren, dass mir wierklech all Mënsch an der Welt dat zoukomme loossen, wat hien fir ee würdegt Liewe brauch. Mir, déi Räich, sinn deenen Aarmen schonn eppes schëlleg. Also sollte mir duerchaus versichen, déi Scholden ofzedroen. Mä de Paulus bleift net dobäi stoen. "Niemandem bleibt etwas schuldig, außer der gegenseitigen Liebe!" Mat deem zweeten Niewesaz kënnt eng ganz wichteg a bedeitend Nuance an d’Spill. D’Léift ass eng Dimensioun, déi sech net einfach um materielle Plang ofspillt. Ech kann materiell gesinn alle Mënschen déi Ressourcen ginn, déi si fir ee Liewe brauchen, well ech ee Gespier fir Gerechtegkeet hunn. Dofir awer muss ech dës Mënschen nach guer net gär hunn. Dat einfacht Gefill fir e gerecht Verdeelen vu Gidder ass nach keng Léift. Et seet just, dass ech éierlech sinn a jidderengem säi Liewen a Wuelergoen zougestinn. Léift dogéint geet wesentlech méi wäit. Léift gesäit an deem aneren sech selwer. "Du sollst deinen Nächsten lieben wie dich selbst." Heescht et jo och dofir hei beim Paulus. Léift huet eppes mat déiwem Respekt, mat Unerkennung, mat Gemeinschaft ze dinn. Deen aneren ass net een aneren, dat sinn ech eigentlech mat selwer. Léift gesäit ee Matmënsch, dee Partner a Liewensgefährten ass. Ech liewen an der Léift net niewent engem Friemen. Ech liewen mat him zesummen an dëser Welt an deelen dat gemeinsaamt Liewen. Am Lukasevangelium (Lk 10, 25-37) gëtt déi wonnerbar Geschicht vum baarmhäerzege Samariter vum Jesus erzielt. De Jesus weist hei, dass Nächsteléift duerch d’Nout vun deem aneren Mënsch definéiert gëtt an net duerch dat, wat ech als meng Schëllegkeet fir eng gerecht Welt als mäi "Sollen" gesinn. Natierlech steet ëmmer nees d’Fro am Raum, wien dann deen Nächsten ass, deen ech soll gär hunn. Ass dat just de Matmënsch a menger Famill, a mengem Frëndeskrees, a mengem Land? Am Kapitel 12 vum Réimerbréif an de Versen 9 bis 21, déi an eiser Liesuerdnung um Sonndeg net gelies ginn, erkläert de Paulus, wie gemengt ass. Vläicht ginn als Resumée déi hei puer Sätz aus deenen Ausféierungen duer. Do heescht et: "Seid allen Menschen gegenüber auf Gutes bedacht! Soweit es euch möglich ist, haltet mit allen Menschen Frieden!" (Röm 12, 17b.18) Wierklech an echt: all Mënschen an der Welt si wuel gemengt, wann de Paulus iwwert d’Léift schwätzt, déi mir enaner schëlleg sinn. Den Nächsten ass deen anere Mënsch, dee meng Léift brauch. Dat kann mol dee sinn, dee bluddeg um Rand vun der Strooss läit. Dat kann och mol dee sinn, deen am Büro niewent mir sëtzt. Dat kann awer eben och dee sinn, deen zu enger anerer Relioun gehéiert, deen aus engem frieme Land komm ass, deen no Hëllef sicht, deen eng Heemecht brauch. "Wer den andern liebt, hat das Gesetz erfüllt." Mir kennen alleguer déi Geboter, déi de Paulus elo an eiser Liesung opzielt, "und alle anderen Gebote". Si sinn Spillreegelen am mënschlechen Zesummeliewen. Mir wëssen all, dass mir déi eng oder aner Reegel brauchen als Riichtschnouer fir ee friddlecht Zesummeliewen. Mä eigentlech, wa mir ëmmer an iwwerall aus Léift géifen handelen, da géife mir echt ee fir deen aneren do sinn a kengem eppes Béises dinn oder a Gefor bréngen. Ee klengt aktuellt Beispill ass jo a ville Länner d’Diskussioun ëm d’Ofstandsreegelen an d’Masken wéinst der Covid19-Krankheet. Et ka sinn, dass et lästeg ass. Et kann och deem engen oder aneren net gefalen. Et kann och sinn, dass all dat kee richtegen Sënn oder Erfolleg huet. Awer wéi wier et, wa mir et emol ënnert dem Paulus sengem Bléckwénkel vun der Léift géife kucken an eis einfach géife soen, dass dat elo mol ee Versuch a Beitrag ass fir eis gemeinsam géigesäiteg ze respektéieren. Aus Léift zum Matmënsch maachen ech dat. Aus Léift zu mir maachen meng Matmënschen do mat.Dat wier eng ganz konkret Uwendung vun dem Saz: "Die Liebe tut dem Nächsten nichts Böses." A wa mir da schonn emol dobäi sinn, fanne mir mat Sécherheet nach vill aner Beispiller, wou mir esou aus Léift zum Matmënsch eist Verhalen betruechten an dann och hoffentlech änneren. Déi sougenannten "Drëtt Welt", déi äermste Géigenden vun der Welt mat all hire villen materiellen a sozialen, mat hiren politeschen Problemer sinn heiansdo an eisem Denken wäit ewech. Mä och do kënne mir duerch eist Verhalen Afloss hunn. Aus Léift misste mir ganz dacks aneschters handelen an aneschters liewen. "Du sollst nicht töten, du sollst nicht stehlen, du sollst nicht begehren." Dës Geboter kucke mir ëmmer nees just an eisem klengen begrenzten Ëmfeld. Mä si gëllen och vis-à-vis vun deene ville Mënschen an der Welt, déi mir an eisem Konsumrausch bestielen an och ëmbréngen. D’Gesetzer a Reegelen erfëlle mir net nëmmen an eisem direkten Ëmfeld, wa mir Léift an eis droen, mä op Niveau vun der ganzer Welt, am Bléck op all Mënschen. Eréischt dann, wa mir eis Léift esou universal gesinn an och ausüben, hu mir d’Gesetz erfëllt. Amen. Fürbitten
D’Welt ass voll vu Problemer, déi mir net léise kennen. Mir froen den Härgott em seng Hëllef: 1) Mir biede fir d’Mënschen, déi an der Ëffentlechkeet d’Soen hunn a d’Meenung vu villen Zäitgenosse bilden, datt hiert Wierken ëmmer geleet ass vum Respekt virun der Würd vu jidder Mënsch. Härgott, héier eis. 2) Mir bieden fir all Vertrieder vun der Kierch, déi dagdeeglech am Rampeliicht stinn, datt si déi richteg Wieder fannen an ee glafwürdeg Zeechen ginn. 3) Mir bieden fir all Mënschen, déi op hirer Platz am Alldag versichen hir chrëschtlech Iwwerzeegung zum Ausdrock ze bréngen, datt si d’Kraaft an de Mutt dozou net verléieren. 4) Mir bieden fir all déi Mënschen, déi ee schwéiert Lous ze droen hunn, déi Krank a Behënnert, déi Enttäuscht an Ausgestoussen vun der Gesellschaft, datt si duerch gutt Mënsche getréischt ginn an nei Liewensfreed fannen. 5) Mir bieden fir all verfeint Mënschegruppen, datt si de Wee zum Fridden a Respekt fannen. 6) Mir bieden fir déi jonk Mënschen, déi nach op der Sich no engem eegene Liewenswee sinn, datt si Hëllef a gudde Rot fannen. 7) Mir bieden fir all eis Verstuerwen, datt si béi dir Härgott gutt opgehuewe sinn. Gudde Gott, duerch déi Jong Jesus Christus, hues du eis ee gudden Wee duerch d’Liewe gewisen. Dofir soe mir dir Merci a luewen an éieren dech elo an an all Éiwegkeet. Amen. Dieu promet une réponse à nos requêtes lorsque nous nous mettons d’accord sur ce que nous voulons demander. Forts de cette promesse, osons lui présenter nos intentions au sujet des besoins universels de nos frères et sœurs. Seigneur, réponds à notre requête.
Dieu notre Père, toi qui as manifesté ton amour universel en nous donnant le Christ et son Esprit, écoute nos prières et daigne les exaucer, par le Christ, notre Seigneur. Amen. (vieliturgique.ca) Gowegebiet
Här, eise Gott, du schenks eis de Fridden Dieu qui donnes la grâce de te servir avec droiture et de chercher la paix, Guter Gott, du hast dein Volk in der Wüste mit Manna gespeist Präfation – „Du verlässt uns nie“
Gott und Vater, wir wenden uns an dich, Sanctus Hochgebet – „Versöhnung IV“
(Nach dem Sanctus fährt der Priester fort) Wir sehnen uns nach Versöhnung, nach Sonne, nach Licht, Wir danken dir für Jesus, der uns einen Weg gezeigt hat, Wir wissen, dass noch viel Dunkelheit, Darum bitten wir um den Geist Jesu, Dieser Geist Jesu soll, so bitten wir, unter uns und Da er die Seinen liebte, die in der Welt waren, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er den Kelch mit Wein, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Darum verkünden wir hier und jetzt An ihn, deinen Sohn, unseren Bruder, Jesus Christus, denken wir, Wir bitten dich für die Kirche - insbesondere bitten wir Treuer Gott, deinem Herzen vertrauen wir die Menschen an, Zusammen mit der Gottesmutter Maria Vaterunser
Mat de Wierder vun eisem Här Jesus selwer wëll mir all Uleies vun eiser Zäit viru Gott, eise Papp bréngen: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
Fridden kann nëmmen di entstoen, wou mir eis Verantwortung vis-à-vis vun eise Matmënschen iwwerhuelen. Dat dat eis awer och munches ofverlaangt, ass eis allen Kloer. Dofir biede mir: Här Jesus, kuck net op eis Feeler, mä op eise gudde Wëllen a schenk eis all däi Fridden. Schlussgebiet
Här, eise Gott, an dengem Wuert a Sakrament gëss du eis Nahrung a Liewen. Par ta parole et ton pain, Seigneur, tu nourris et fortifies tes fidéles: Guter und treuer Gott,
|