|
Härläichendag C - 18./19.6.2022
Léif Matchrëschten! Härläichendag ass ee Fest, wat vu Merci a Freed bestëmmt ass. Merci soe mir, dass mir all Dag eist Liewen geschenkt kréien. Dat kléngt Stéck Brout, dat eis zum Zeechen a Symbol fir Jesus Christus gëtt, dat eis erënnert un dat lescht Abendmahl vu Christus, erënnert eis drun, dass am Fong eist Liewen een eenzegaartegt Geschenk ass. A ville Géigenden vun eiser Welt hu Mënschen net dat, wat si eigentlech brauchen fir ee gutt a gesond Liewen. D’Fest vun haut ass esou och eng Ermanung, dass mir fir des Mënschen sollen antrieden an hinnen sollen hëllefen. D’Freed, déi mir awer elo hunn doriwwer, dass et eis gutt geet, wëlle mir och op deem Dag eraus droen bäi all Mënschen. Eise Glawen ass net eppes, wat hannert zou gespaarten Dier eleng soll geschéien. Neen hien gehéiert an d’Ëffentlechkeet. Kyrie
Dagesgebiet
Herr Jesus Christus, im wunderbaren Sakrament des Altares hast du uns das Gedächtnis deines Leidens und deiner Auferstehung hinterlassen. Gib uns die Gnade, die heiligen Geheimnisse deines Leibes und Blutes so zu verehren, daß uns die Frucht der Erlösung zuteil wird. Der du in der Einheit des Heiligen Geistes mit Gott dem Vater lebst und herrschest in alle Ewigkeit. Amen. Seigneur Jésus Christ, dans cet admirable sacrement, tu nous as laissé le mémorial de ta passion ; donne-nous de vénérer d’un si grand amour les mystères de ton corps et de ton sang, que nous puissions recueillir sans cesse le fruit de ta rédemption. Toi qui règnes. Herr, unser Gott, du hast dein Wort ausgesät und deinen Sohn hingegeben. Er wurde für uns gebrochen und starb für uns. So wurde er zum Brot und Leben für die Welt. Er hat uns verheißen, für immer unter uns gegenwärtig zu bleiben. Er ist da, im Wort und im Brot, das wir miteinander teilen. Wir bitten dich, lass uns die Kraft finden, seinen Weg zu gehen: dass wir füreinander wie Brot werden. Darum bitten wir durch Jesus Christus. Liesungen: Gen 14, 18-20 / 1 Kor 11, 23-26 / Lk 9, 11b-17 Lesung aus dem Buch Genesis. Kv Du bist Priester auf ewig nach der Ordnung Melchísedeks. Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Ich bin das lebendige Brot, das vom Himmel gekommen ist. Wer dieses Brot isst, wird in Ewigkeit leben. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas. Lecture du livre de la Genèse. R/ Tu es prêtre à jamais, selon l’ordre de Melkisédek. Lecture de la première lettre de saint Paul Apôtre aux Corinthiens. Alléluia. Alléluia. Moi, je suis le pain vivant qui est descendu du ciel, dit le Seigneur ; si quelqu’un mange de ce pain, il vivra éternellement. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Luc Priedegt
Léif Matchrëschten! An eiser Zäit haut ass Villes an eiser Kierch komplizéiert ginn. Mir ginn net méi esou onbefaangen mat den Zeechen a Biller vun eiser Relioun ëm, wéi dat fréier üblech war. Haut steet dann esou ee Fest un, dat mat sengem äusseren Opwand, mat der Prozessioun, dach zimmlech aus der Zäit gefall ass. An awer, ass et net grad dofir wichteg? Kann et eis net un dat Wesentlecht, wat eis Relioun ausmécht, erënneren? Als éischt hu mir mol dee gutt bekannten Text aus dem éischten Korintherbréif vum Paulus, wou hien eis op dat lescht Abendmahl verweist a wou hien eis an Erënnerung rifft, dass de Jesus mat senge Frënn zesummen gefeiert a giess huet. An deem Zesummesinn, an dem Deelen vu Brout a Wäin ass Jesus Christus och an der Zukunft bäi senge Frënn, och wann hie physesch net méi do ass. Mä ass et hei ee magescht Handelen duerch ee Paschtouer, deen echt Brout an de Läif vu Christus verwandelt, gewëssermoossen wéi bäi engem Zaubertrick, wat wichteg ass? Neen hei geet et ëm déi Gemeinschaft, déi sech versammelt an sech un d’Botschaft, un d’Handelen an d’Liewen vum Jesus erënnert an sech ëmmer nees nei bestäerke léist dovun. D’Feier vum Abendmahl, dëst Nofeieren vun dem Abendmahl vun deemools soll eis och haut nach stäerken. Et soll eis kloer maachen, dass mir nëmmen zesumme staark sinn a och nëmmen zesumme kënnen dat realiséieren an der Welt vun haut, wat de Jesus deemools ugefaangen huet. An da si mir och scho beim Evangelium vun haut. Mënschen hu sech ëm dee Jesus versammelt, him nogelauschtert an doriwwer ass d’Zäit vergaangen. Iergendwann plot jiddereen d’Bedürfnis fir eppes ze iessen. Wéi awer fir esou vill Mënschen dat organiséieren. D’Apostelen fillen sech iwwerfuerdert a wëllen d’Leit fortschécken. D’Verantwortung ze iwwerhuelen fir all des Leit erschéngt zimmlech onméiglech an d’Apostelen reagéieren, wéi et och nach haut ëmmer erëm geschitt: D’Leit solle fir sech selwer suergen! D’Flüchtlingen, déi Aarm an déi Krank an den aarmen Weltgéigenden sollen sech selwer op d’Been stellen an hiren Deel derzou bäidroen fir dass si Iessen hunn. Mir hu selwer net genuch fir all déi och nach mat duerchzehuelen. Ëmmer nees fanne mir dat Muster am Denken an Handelen an eisen dach räiche Länner. Mä de Jesus huet eng aner Perspektiv. Hien fuerdert op, fir dat ze deelen, wat do. Setzt iech nidder an deelt! Da geet et duer fir jiddereen. Fir mech ass d’Evangelium net eng Erzielung vun enger Multiplikatioun vu Brout. Et ass eng Erzielung vum Deelen. Wa mir éierlech sinn, da kéinten an dëser Welt vun haut och vill Mënsche gutt liewen, wann déi, déi eppes hunn, géifen ganz einfach deelen. De Jesus léist d’Leit sech niddersetzen a klenge Gruppen. Fir mech seet dat, dass déi ganz Geschicht soll iwwerschaubar ginn. An dann, wa geuerdent Verhältnisser bestinn, ka gerecht gedeelt ginn. Dëst Niddersetzen ass fir mech ee Bild, dat Rou wëll an eng eventuell opgereegten Stëmmung bréngen. Et geet net, dass déi eng jäizen a méi wëllen hunn wéi déi aner. Neen gerecht an ouni Opreegung soll et goen. An dann, um Enn geet et duer fir jiddereen. An eiser Welt vun haut wier wuel och fir all Mënsch genuch do, wa mir esou a geuerdenten Verhältnisser géifen gerecht deelen ee mat deem aneren. Awer do läit sécherlech ee vun deenen gréissten Problemer an eiser Welt. Et ginn der ëmmer, déi ni genuch hunn, déi an hirem Iwwerfloss déi Äermst bewosst iwwersinn. Wéi ass et mat dem Krich grad elo an der Ukrain? Wat ass do d’Motivatioun? De Putin fillt sech bedreet, dass hien net genuch vum Räichtum géif kréien. Mir hei am Westen fillen eis an eisem wirtschaftlechen Wuesstem ugegraff. Mir kréien all d’Nues net voll an dat, wat mir hunn, wëlle mir bis op d’Lescht verdeedegen a behalen. „Jesus aber nahm die fünf Brote und die zwei Fische, blickte zum Himmel auf, sprach den Lobpreis und brach sie; dann gab er sie den Jüngern, damit sie diese an die Leute austeilten. Und alle aßen und wurden satt.“ Fir mech ass dat de Schlësselsaz. Huele mir och dat, wat mir hunn. Soe mir Merci dofir an deelen ganz einfach matenaner. Eis Welt ass esou räich un allem, wat mir fir d’Liewe brauchen. Et ass sécher net ganz gläich verdeelt. Awer eben d’Verdeelen ass eis Aufgab. Grad als Chrëschten si mir dozou opgeruff. Wann op Härläichendag eng Prozessioun duerch d’Stroosse geet, da soll et net een Triumph sinn, wou mir op eis Gréisst hiweisen. Neen et soll een Hiweis si fir eis, dass mir als Chrëschten eis ëmmer nees nei mussen op de Wee maachen an dat, wat mir hunn, bäi d’Mënsche bréngen. Fir mech ass d’Prozessioun net einfach ee Zeechen vum Glawen. Mir wëllen dat, wat Gott eis schenkt, net fir eis selwer behalen. Mir schenken dee Seegen, mat deem mir geseent sinn, mir schenken dee Räichtum, mat deem mir beschenkt goufen, weider. Härläichendag erënnert eis drun, dass mir mussen aktiv ginn a mat deenen deelen, deenen et net esou gutt geet. An an der Reegel kritt een dat, wat ee selwer geschenkt huet, dann och erëm zeréck geschenkt. Vläicht kann eis och dat folgend Gedicht d’Aen op maachen fir de Sënn vun der Prozessioun op Härläichendag: fronleichnamsprozession ein pilgerweg keine zurschaustellung nichts für pastorale nimmersatte wie gesagt Wolfgang Metz, was kann uns trennen von der liebe CHRISTI? Gedichte, Echter Verlag Würzburg 2020, S. 75. Fürbitten
Gott geet mat eis op déi Plazen, wou eist Liewen sech ofspillt. Mir droen him eis Nout an eis Suerge vir:
Här, eise Gott, mir soen dir Merci, dass du duerch däi Jong an eis an ënner eis lieweg bass. Mir bieden dech: Looss eis ni aus senger Gemeinschaft erausfalen. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen. II.
Tout le monde a besoin de pain pour vivre. Le pain matériel, pour nourrir le corps, le pain de la Parole, pour nourrir l’âme, et le pain de l’amour, pour nourrir le cœur. Laissons monter vers le Seigneur notre prière et demandons-lui de combler toutes nos faims. Gowegebiet
Herr unser Gott, wir bringen das Brot dar, das aus vielen Körnern bereitet, und den Wein, der aus vielen Trauben gewonnen ist. Schenke deiner Kirche, was diese Gaben geheimnisvoll bezeichnen: die Einheit und den Frieden. Darum bitten wir durch Christus unseren Herrn. Accorde, Seigneur, à ton Église les biens de l’unité et de la paix, dont nos offrandes sont le signe dans le mystère eucharistique. Par Jésus. Hochgebet – Eucharistische Liturgie von Lima
Sanctus Herr, unser Gott, Schöpfer der Welt, du bist heilig und alles, was ist, rühmt dich. Schenke uns den Geist, der durch Mose und die Propheten gesprochen hat, Lass das Ausgießen deines Heiligen Geistes unsere Gaben verwandeln, so dass Lass diesen Schöpfergeist die Worte deines geliebten Sohnes erfüllen, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Dann nahm er den Kelch, dankte wiederum NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens. A: Wir preisen deinen Tod, wir glauben, dass du lebst, Darum, Vater, feiern wir heute das Gedächtnis unserer Erlösung: Wir verkünden Christi Auferstehung und seine Himmelfahrt. Vereint in Christi Priestertum bitten wir dich: Blicke, Vater, auf diese Eucharistie, die du selbst der Kirche geschenkt hast, A: Die ihr auf Christus getauft seid, habt Christus angezogen. Halleluja! Erfülle uns mit deinem Heiligen Geist, wenn wir Christi Leib und Blut empfangen, Gedenke, guter Gott, deines Volkes, das erlöst ist durch Christi Blut. A: Die ihr auf Christus getauft seid, habt Christus angezogen. Halleluja! Gedenke der Frauen und Männer deiner Kirche, Gedenke auch aller unserer Schwestern und Brüder, die im Frieden Christi gestorben sind. Mit ihnen allen singen wir dir Lob und erwarten das herrliche Kommen deines Reiches, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Als Chrëschten gleewe mir, dass Christus am Brout an am Wäin elo bäi eis ass an dass mir mat him Gemeinschaft hunn. Mir sinn all zesummen eng grouss Gemeinschaft ronderëm de Festdësch vun eisem Här. Mat him loosse mir dofir och elo hei esou bieden, wéi hien eis et geléiert huet: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
Jesus Christus vermëttelt tëschent Gott an eis Mënschen. Duerch hien a seng Botschaft ka Fridde ginn an eiser Welt. Dofir froe mir: Här, Jesus Christus, du Brout vum Liewen, schenk eis all däi Fridden. De Fridden vun eisem Här sief mat iech all. Schlussgebiet
Herr Jesus Christus, der Empfang deines Leibes und Blutes ist für uns ein Vorgeschmack der kommenden Herrlichkeit. Sättige uns im ewigen Leben durch den vollen Genuss deiner Gottheit. Der du lebst und herrschest in alle Ewigkeit. Fais que nous possédions, Seigneur Jésus, la jouissance éternelle de ta divinité, car nous en avons ici-bas l’avant-goût lorsque nous recevons ton corps et ton sang. Toi qui règnes. Herr, Jesus Christus, du hast uns mit dem heiligen Sakrament gestärkt, das uns deine Liebe und Hingabe vergegenwärtigt. Schenke uns die Kraft, den Weg der Liebe zu gehen, wie du ihn gegangen bist, und diese Liebe an allen Orten zu bezeugen, an denen wir leben und Menschen begegnen. Darum bitten wir dich, der du in Einheit mit dem Vater und dem Heiligen Geist unter uns lebendig bist.
|