Pilgermass fir déi eeler a krank Leit a fir d’Dekanat Südwesten a Südosten

Freideg, 11. November 2022


Home GoBack Print Kontakt

Willibrordusoktav 2022

Freideg, 11. November 2022
Pilgermass fir déi eeler a krank Leit a fir d’Dekanat Südwesten a Südosten
Texter: 2 Joh 1,4-9 Ps 119 Lk 17,26-37

Oktavpriedegt vum Josiane Mirkes



Lesung

Lesung aus dem zweiten Johannesbrief
Von Gott auserwählte Herrin! Ich habe mich sehr gefreut, unter deinen Kindern solche zu finden, die in der Wahrheit leben, gemäß dem Gebot, das wir vom Vater empfangen haben.
Und so bitte ich dich, Herrin, nicht als wollte ich dir ein neues Gebot schreiben, sondern nur das, das wir von Anfang an hatten: dass wir einander lieben sollen.
Denn die Liebe besteht darin, dass wir nach seinen Geboten leben. Das Gebot, das ihr von Anfang an gehört habt, lautet: Ihr sollt in der Liebe leben.
Viele Verführer sind in die Welt hinausgegangen; sie bekennen nicht, dass Jesus Christus im Fleisch gekommen ist. Das ist der Verführer und der Antichrist.
Achtet auf euch, damit ihr nicht preisgebt, was wir erarbeitet haben, sondern damit ihr den vollen Lohn empfangt.
Jeder, der darüber hinausgeht und nicht in der Lehre Christi bleibt, hat Gott nicht. Wer aber in der Lehre bleibt, hat den Vater und den Sohn.

Psalmen

Wohl denen, deren Weg ohne Tadel ist,
die leben nach der Weisung des Herrn.
Wohl denen, die seine Vorschriften befolgen
und ihn suchen von ganzem Herzen.

Ich suche dich von ganzem Herzen.
Lass mich nicht abirren von deinen Geboten!
Ich berge deinen Spruch im Herzen,
damit ich gegen dich nicht sündige.

Herr, tu deinem Knecht Gutes, erhalt mich am Leben!
Dann will ich dein Wort befolgen.
Öffne mir die Augen
für das Wunderbare an deiner Weisung!

Evangelium

Aus dem Heiligen Evangelium nach Lukas
In jener Zeit sprach Jesus zu seinen Jüngern: Wie es zur Zeit des Noach war, so wird es auch in den Tagen des Menschensohnes sein.
Die Menschen aßen und tranken und heirateten bis zu dem Tag, an dem Noach in die Arche ging; dann kam die Flut und vernichtete alle.
Und es wird ebenso sein, wie es zur Zeit des Lot war: Sie aßen und tranken, kauften und verkauften, pflanzten und bauten.
Aber an dem Tag, als Lot Sodom verließ, regnete es Feuer und Schwefel vom Himmel, und alle kamen um.
Ebenso wird es an dem Tag sein, an dem sich der Menschensohn offenbart.
Wer dann auf dem Dach ist und seine Sachen im Haus hat, soll nicht hinabsteigen, um sie zu holen, und wer auf dem Feld ist, soll nicht zurückkehren.
Denkt an die Frau des Lot!
Wer sein Leben zu bewahren sucht, wird es verlieren; wer es dagegen verliert, wird es gewinnen.
Ich sage euch: Von zwei Männern, die in jener Nacht auf einem Bett liegen, wird der eine mitgenommen und der andere zurückgelassen.
Von zwei Frauen, die mit derselben Mühle Getreide mahlen, wird die eine mitgenommen und die andere zurückgelassen.
Da fragten sie ihn: Wo wird das geschehen, Herr?
Er antwortete: Wo ein Aas ist, da sammeln sich auch die Geier.

Predigt

Léif Pilgerinnen a Pilger aus den Alters- a Pflegeheimer an aus den Dekanater Südwesten a Südosten, lo si mer schonn zum Schluss vun eise Pilgermassen an der Willibrordusoktav ukomm. Haut ass schonn déi leschte Kéier, wou ech mat Iech, fir Iech schwätzen däerf. Ech wënschen, dass ech Iech e bëssi vun der Kraaft vu Gott eriwwerbrénge kann, dass ech Iech e bëssi Mutt maache kéint fir d’Zukunft.

Den Hellege Willibrord ass eng Inspiratiounsquell, mat dem Elan, wou hien am 7./8. Joerhonnert d’Missionnéierungsaarbecht hei ugefaangen huet. Wann ech d’Kierchefënsteren kucken, dann ass d’Konstant a sengem Liewen, dass hie gewot huet, eppes Onbekanntes oder Neies riskéiert huet. Hien huet net gefaart, hie stoung um feste Fundament vun der Botschaft vu Gott aus der Helleger Schrëft.

Haut werfen ech e besonnesche Bléck op déi lescht Fënster hanne bäi der Dier, déi Dier wou mir mat der Sprangpressessioun eraussprangen an eist normal Liewen zréck. Déi 3 mëttelst Deeler vun der Fënster weisen eis am ieweschten Deel de Willibrord am Bëschofsgewand, seng riets Hand hieft hien fir ze seenen. Leit vertrauen sech sengem Seegen oder villäicht sengem Gebiet un. Villäicht kënne mir eis do all erëmfannen als déi, déi sech him uvertrauen, mat eise Krankheeten, mat eisem Alter an deem, wat eis an den Dekanater beweegt, mat deem, wat sech an eiser Kierch beweegt oder net beweegt. De Willibrord schwieft iwwer sengem Sarkophag, d’Säitendeeler vum Sarkophag si mat Kreesser iwwerzunn, déi sech iwwerschneiden, wuel Symbol vum Gëttlechen a vun der Éiwegkeet. D’Iddie vun dem Gëttlechen an der Éiwegkeet fanne mer och an de Fënsteren vun der Krypta.

Nun, wéi ass et mat eiser Gemeinschaft? No méi wéi 2000 Joer ass si fir eis schonns bal „éiweg”. An awer musse mir eis froen, ob dat net „fake news“ sinn. Musse mir net eeschthaft un eis schaffen, wa mir wëllen, dass eis Gemeinschaft eng Iwwerliewenschance huet?

Sécher, déi, déi näischt ännere wëllen, wäerte mech elo onbequem oder pessimistesch fannen. Ass deelweis och sou. An awer hunn ech, elo méi wéi 30 Joer, ëmmer versicht, total Engagement ze ginn, fir d’Botschaft vu Jesus Christus konkret ginn ze loossen a Mënschen hirem Liewen. Um Terrain bäi deene Kranken an Eeleren geet et oft duer, eng Hand ze halen, genee ze lauschteren an ze kucken, dat eescht ze huelen, wat den eeleren oder kranke Mënsch beweegt, wat säi Liewen, seng Freed a säi Leed ass. Et ass sou vill Aarbecht do, a jidderengem seng Hand gëtt gebraucht, net fir „Missioun” ze bedreiwen, mee fir einfach do ze sinn. Wann ech d’Leit gesinn déi a Spideeler, an Alters- a Fleegeheimer oder doheem fir Mënschen do sinn, gëllt hinne mäi ganze Respekt an Unerkennung. Villfach sinn d’Krankheetsbiller sou schwéier ginn, dass et ouni professionell Hëllef net geet. Ech selwer weess och aus familiäre Grënn, wéi wäertvoll är Aarbecht, ären Déngscht ass. An et ginn ëmmer nach benevole Leit gesicht, déi hëllefen, krank an eeler Mënschen ze begleeden. Aus eisen eegene Reie mussen se kommen, och heibanne kann de Mëtteg den een oder anere sinn, den sech zu sou engem Déngscht beruff spiert an der Gesondheetspastoral.

D’Krankheete sinn déi Selwecht, mee mir riichten de Bléck op d’Gesondheet. Ass et en Dram? E Wonsch? Ass et eng Vortäuschung falscher Tatsachen?

Nun, wat d’Kierch ugeet, si ass och eeler a krank. A mir mussen dat ferm am Aen behalen, wa mir wëllen, dass et mat hir weidergeet, an och wéi et mat hir weidergeet. Heiansdo sinn ech tentéiert, fir wéineg Hoffnung ze hunn. An dann denken ech un den Hellege Willibrord, un déi éischt Fënster, d’Dramgesiicht vu senger Mamm, wou si dreemt, dass hien eppes géif am Zesummenhang mat der Kierch ginn, en Engagement an der Kierch huelen. An da sinn ech nees motivéiert.

D’Liesung vum Dag vun haut an d’Evangelium vun haut sollen eis begleeden op eiser Sich, wéi et weidergoe soll. Si sollen eis net decouragéieren, mee oprëselen. D’Gebot wat mir vun Ufank u kritt hun, ass, dass mir an der Léift liewe sollen. Mir sollen op eis oppassen, net präiszeginn, wat mir erschafft hunn, fir dass mir de volle Loun kréien. Mir sollen oppassen, dass mir an der Léier vu Jesus Christus bleiwen, dat ass eist Fundament.

Dat féiert mech nees bäi d’Synod, wou mir méintelaang Consultatiounen zum „Vécu“ vun de Leit mat der Kierch gemaach hunn, an eis ënner den 3 Begrëffer vu Communio, Partizipatio a Missio no Weiche fir d’Zukunft Gedanke gemaach hunn. Verschidden Temoignage vun de Leit si bäi de Verletzunge stoe bliwwen. Et ass eppes typesch Mënschleches, dass mir fir d’éischt mol do kucken, wou et eis selwer wéi gedoen huet. Dat soll och ganz eescht geholl ginn. Glécklecherweis si vill Echoe komm, déi Piste fir d’Zukunft gewisen hunn. Kloer, mir musse Saachen änneren. Deenen, déi dat net wëllen, géif ech soen, dass si bestëmmt eng Plaz fannen, wou hinnen dat gebuede gëtt. Déi aner, deene versichen ech e puer Pisten ze weisen, fir dass mir net blannemännerches nokucken a mengen, et wär alles an der Rei. „Wou Aas ass, sinn och d’Geier.” Drastesch, mee wouer. Wie säi Liewen versicht ze behalen, wäert et verléieren, wien et verléiert, wäert et gewannen. Iwwersat kann dat heeschen : wa mir elo un eis schaffen an anescht investéieren, da läit an deem, wat mir verléieren, doduerch e Gewënn.
Ech hunn ëmmer nach Dreem fir d’Kierch. Net sou fir d’Haiser oder d’Gebaier, mee fir d’Gemeinschaft.
1: Et geet net duer, op Roum ze waarden, dass si strukturell eppes änneren, an eis dann hannert deem, wat si maachen oder net maachen, ze verstoppen.
2., 3., 4….: Mir all hunn Aufgaben hei op diözesanem Niveau, op lokalem Niveau. Mir mussen eis vun de Gebaier ewech orientéieren an eis op d’Gemeinschaft konzentréieren a kucken, wat mir do schafe kënnen.

De Mënsch a seng Bezéiung zu Gott muss an de Mëttelpunkt kommen. Et wär och net schlecht, wa mir ënnerteneen déi Léift géife liewen, déi mir villfach an der Helleger Schrëft un d’Häerz geluecht kréien. Da sidd elo léif mat mir! Wéi ech sinn, ass egal. Nee, dat ass et net!!! Ech si elo mol einfach léif mat Iech, dann hunn ech eng Chance, dass mir och är Léift geschenkt gëtt.

Mir mussen ganz éierlech gesinn, dass dat net ëmmer klappt. Do ass eng Bekéierung noutwendeg. Et ass inadmissibel, dass mir Suergefelder schéi rieden a z. B. soen, et géif och Mëssbrauch bäi anere ginn. Kloer, mir sinn de Problem wéinstens vun offizieller Säit ugaangen, mee um Terrain weess ech net, ob mir ëmmer kloer gesinn, dass e Mëssbrauchserliewnëss fir deen, deen et erlieft huet, liewenslänglech bedeit, an dass een dat net schéi rieden däerf. Dëst ass e Beispill. Et ginn nach anerer.

Dann däerfe mir eis sou lues verabschide vun enger flächendeckender Déngschtleeschtungspastoral. Mir hunn de Personalschlëssel net méi fir dat ze bréngen, an déi Déngschtleeschtungspastoral huet eis Gemeinschaft net an der Déift opgebaut. Si mir eis bewosst, dass e Ritus, e Ritual, nach kann sou schéin sinn, mee wann en net am Liewen vun de Leit verankert ass, dann dréit en net fir d’Zukunft. Mir erreechen déi meescht Leit net duerch Wierder, si kënnen nach sou intelligent a gutt gemengt sinn. De Mënsch spiert, ob een authentesch ass, ob een mat sengem Häerz dobäi ass, oder ob mir d’Liewen vun eis ewech halen.

Ech dierft eigentlech ganz wéineg sou maachen, well et muss sou sinn, well et an der Liturgie oder soss iergendwou sou virgesinn ass. Ech muss mir ëmmer d’Fro stellen, wat et ausseet, a wat et bewierke kann/soll. An dem Sënn ass eist Dosinn bäi de Mënschen, well duerch eis kënne si d’Liewen, d’Fundament vun eisem Glawen ERLIEWEN.

Wéi e Message well ech ginn? Wéi e Message kann d’Kierch an der Zukunft nach ginn? Duerch d’Trennung vu Kierch a Staat ass villfach méi ëm Terrainen an Gebaier geschwat a gestridde ginn, wéi no der Gemeinschaft gekuckt ginn. Sécher ass e schéint Gebai, wat gefleegt ass, wou een d’Léift vun deenen, déi sech këmmere, spiert, och net aus mengem Denken a Fillen auszeradéieren. Et ass awer net alles. Dir sidd et, Dir sidd wichteg, all Hand, all Bléck, all Suerg, all Gedanken an all Gebiet fir en aneren. An deem Sënn musse mir och eis Liturgien iwwerdenken. Et geet net duer, Eucharistie ze feieren. Fir d’Liewen ganzheetlech ze gestalten, musse mer d’Wuert vu Gott deelen, et bedenken a verstoen, et an eist Liewen integréieren an säi Brout deelen. Och Gebietsformen wéi donneschdes, wou mir reegelméisseg Ubiedung hunn an duerno d’Vesper zesumme sangen, am Psalmegebiet, wat eis Gedanke forméiert fir d’Liewen ënner verschidde Gesiichtswénkele viru Gott ze bréngen, fir mol eist benediktinescht Fundament opzegräifen, oder Momenter vu Rou viru Gott, mat Gott, gehéieren dozou. Fir dass ech mäi Liewen erfaasse kann, muss ech a mäin ënnert Zëmmer goen. Wann et bausse roueg ass, gëtt et bannen ganz lieweg. Déi bescht Entscheedungen fanne mer an der Rou, wou mir eis mat eis selwer a mat Gott konfrontéieren.

Ee vun de leschten Deeg hunn ech gesot, dass mir vill nei kleng Gruppe musse wuesse loossen, wou Vertrauen ass, wou un de Leit hir Talenter gegleeft gëtt. Déi Gruppen däerfen och Verantwortung droen. Jidderee kennt säin Terrain gutt, a weess, wat do méiglech ass. Sécher ginn net op alle Plazen déi selwecht Saachen. Heiansdo brauche mir den Input vu baussen, sief et duerch Leit, déi elo no der synodaler Consultatioun op den Terrain kommen an eis begleede beim Weiderschaffen, sief et, dass mir eis selwer a Formatioune ginn, déi reegelméisseg ugebuede ginn. Et hëlleft eis, heiansdo iwwer den Tellerrand erauszekucken. De Professer Zulehner sot eis den 20. Oktober: 2/3 vun eise Kräften si bäi de Leit ze investéieren, 1/3 héchstens gëllt de Gebaier, der Léier. Dat verlaangt eng Ännerung, mengen ech.

En anere Saz vun him war: „Bei Gott eintauchen um bei dem Menschen aufzutauchen.“ Op d’Leit zougoen, um Fundament vun der Frouer Botschaft vu Gott, eis sou forméieren, dass mir de mënschlechen Erausfuerderungen gewuess sinn, eis sozial Aufgaben net ofginn un anerer, professioneller, eis engagéieren mat eiser Kraaft, eisem Kënnen an och mat eiser finanzieller Ënnerstëtzung, eis Kanner eescht huelen an si d’Botschaft vum Jesus erliewe loossen, mir matten ënner dem Vollek, als een oder eent vun hinnen, dat ass mäin Dram.

Nous sommes sur les racines d’un bénédictin à Echternach. Leur régle est: ora et labora. En traduction, on va dire: avec Dieu vers les hommes. Qu’est-ce que ça signifie si on repense l’idée d’une communauté vivante bâtie sur des fondations solides?
Communion: Avec qui suis-je sur le chemin? Est-ce que je suis sans jugement vis-à-vis de ceux qui sont rejetés par l’Église en raison de leur chemin de vie?
Participation: Ce qui concerne tout le monde, doit être décidé par tout le monde. Faire des décisions, les préparer doit aller de pair avec prendre les décisions, avec les mêmes personnes.
Mission: Quel est notre message? Brûlons-nous pour le message de Jésus Christ à tel point que nous ne pouvons que nous investir pour lui donner vie dans notre vie et la vie des gens qui sont avec nous en chemin?
Chacun de nous a des rêves. Je nous souhaite de tout cœur que de cheminer ensemble dans une même Église, une Église différente, une Église où nous sommes en chemin vraiment ensemble.
Je prie chaque jour à ce que le Seigneur nous garde sur le bon chemin et que Saint Willibrord nous inspire à ne pas avoir peur, à oser des transformations, qu’il nous inspire à être créatifs.
(Communion: Mat wem sinn ech ënnerwee? Sinn ech urteelsfräi an offen, och vàv vun deenen, déi aus Grënn vun hirem Liewenswee offiziell ofgeleent ginn?
Participation: Dat wat all d’Leit betrefft, muss och vunn allen entscheed ginn. „Decision making an decision taking“ geet matenaner a mat de selwechte Leit.
Missioun: Wat wëlle mir de Leit mat op de Wee ginn? Wéi loosse mer déi attraktiv Botschaft vu Gott a Jesus Christus lieweg ginn an eisem Liewen an am Liewe vun de Mënsche mat deene mer um Wee sinn? Wat ass eis Aufgab?)

Jidderee vun eis huet Dreem. Ech wënschen eis, dass mir zesumme weiderkommen, an enger anerer Kierch; keng nei, mee eng aner, wou mir tatsächlech zesummen um Wee sinn. Dass mir um richtege Wee bleiwen, do soll Gott eis behidden a begleeden, an den hellege Willibrord soll mat neiem Wand, neiem Geescht eis Gemeinschaft duerchstëppsen a beliewen. „Bewahre uns Gott, behüte uns Gott auf all unseren Wegen.“ Géi mat eis, Hellege Willibrord! Um Wee fir eng lieweg Gemeinschaft op festem Fundament, net op Sand gebaut.


Links:

Willibrordusoktave 2022

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement