Generalversammlung

4. Mäerz 2016

D’Eechternoacher Massdéiner haten de 4. Mäerz hir Generalversammlung. Dat ass déi traditionell Geleegenheet op e vergaangent Joer zeréckzekucken an de Programm vum nächste Joer virzestellen. Dobäi gouf däitlech datt d’Massdéiner d’ganzt Joer nieft hirem liturgeschen Déngscht an der Basilika an an der Muttergotteskappell och soss nach vill am Asaz sinn. Sief et fir d’Gemeng um Patt nom Te Deum, sief et um Chrëschtmaart, sief et op hirem Foasbal. Dat mécht si, mat de Wieder vum President vum Parrot, Jean-Marie Kieffer, zu engem „beliewenden Element“ vun eiser Por. Den Här Buergermeeschter huet mat Recht gesot, datt d’Integratioun an d’Frëndschaft tëscht de verschiddenen Nationalitéiten an eiser Gemeng, virun allem tëscht Portugisen a Lëtzebuerger zu eise Käeraufgabe gehéieren. Dës an déi aner Interventiounen (notamment vum Vertrieder vum Bauveräin a vun eisem Här Dechen) si fir eis Massdéiner natierlech eppes wourop mir stolz sinn. Si weisen awer och, datt mir eng Responsabilitéit hunn fir dësen Erwaardunge gerecht ze ginn. Et ass eng Responsabilitéit där mir eis bewosst sinn a déi mir gär iwwerhuelen.
Doriwwer eraus ass awer och rëm dorop higewise ginn, datt mir eis als karitative Veräi verstinn. Et goufen och dëst Joer Don’en fir Nouvelle PNP a fir de Bëschof Dias an Indien fir respektiv 5700 an 1500 Euro gemaach. Déi zwee Wierker ginn zanter Joerzéngte vun den Eechternoacher Massdéiner ënnerstëtzt, am Fall vun Nouvelle PNP zanter 1986! Mir waren dofir de Freideg, wéi all Joer, frou kënne Vertrieder vun Nouvelle PNP ze begréissen.
Um Programm 2016/2017 stinn nieft deenen üblechen Déngschter an Aktivitéite virun allem d’Bedeelegung um Weltjugenddag zu Krakau a Polen a fir d’éischte Kéier d’Organisatioun vun engem Foussbalturnéier (Samsdes no Päischten) fir de gudden Zweck.
D’Eechternoacher Massdéiner zielen dëst Joer ca. 100 Memberen a mir freeën eis iwwert all Neizougang, Meedercher oder Jongen, vum Kommiounsalter un.
Patrick Ries

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement