Tarcisiusfeier vun de Lëtzebuerger Massendénger op der Ënnersauer
07. Juli 2018
Ugefaangen huet dëse Festdag mat enger liturgescher Feier zur Éier vum Hellegen Tarcisius, dem Schutzpatroun vun de Massendénger, an der Kierch zu Bur (Ënnersauer).
Nom Seege goung et dunn op de Rallye, duerch d’Bongerten an de Bësch zu Bur – ee schéinen Trëppelwee wou d’Massendénger, a 5 Gruppen opgedeelt, Spiller a Froen hu misse bewältegen. Eng besonnesch Freed waren natierlech bäi deem gudde Summerwieder d’Waasserspiller mam Besuch vun der Giischter Bach.
No an no, koumen d’Massendénger duuschtereg an hongereg nees op der Duerfplaz un – duerch Hëllef vu puer fläissegen Hänn aus der Burer Musek konnt do awer séier gehollef ginn : ee gudde Wupp an ee Gedrénks – a schonns war nees jidderee gestäerkt.
Ee groussen Deel vun de Massendénger haten dono nach d’Chance, ee kuerzen Abléck an d’lokal Kellerei vu Ramborn eranzeluussen, déi grouss Appelwäschanlag bewonneren an ee frëscht Glas Viz ze schmaachen.
Zesumme gouf deen Dag mat engem Merci un den Här Paschtouer Luc Schreiner a seng fläisseg Mataarbechter ofgeschloss.
Text: Ékipp Lëtzebuerger Massendénger

Foto: Marc Syon
Link: