Zithaschwesteren Consdorf

Honnertjoerfeier 1917-2017


Home Go Back Print Kontakt Parbüro

1917 koumen d’Zithaschwësteren op Consdorf. Wéi koum et dozou? Wien ass den Initiator vun der Grënnung vun der Schwësteregemeinschaft zu Consdorf?

Den 8. Februar 1915 war een neie Paschtouer op Consdorf genannt ginn, den Här Bonaventura Jentgen. Den Här Jentgen war den 14. Juli 1865 zu Stroossen gebueren a war den 10. August 1891 an der Stadt zum Priister geweit ginn. Éier hien op Consdorf koum hat hien schon eng Reih Statiounen als Kaploun a Paschtouer hannert sech. Enner anerem war hien schon mol ganz an der Noperschaft gewiescht. Hien war vum 1.10.1893 bis den 18.12.1894 Kaploun op der Schanz (Altréier). Paschtouer zu Consdorf war hien 5 Joer. Mä während dëser schwéierer Zäit vum éischten Weltkrich hat hien d’Iddie, fir eng Schwësterekongregatioun op Consdorf ze kréien. Hien huet deemools alles ënnerholl, wat a senger Muecht stoung, fir seng Iddie ëmzesetzen. Ganz schéin beschreift den Här Emile Donkel säin Asatz. Nodeems den 6. August 1917 d’Schwëster Paula Lentz zur Generaloberin vun den Zithaschwësteren gewielt gi war, huet hien sech op de Wee bäi si gemaach, fir säin Uleies virzedroen. „Die Generaloberin zögerte. Es fehlte an geeigneten Schwestern zu einer Neugründung, und die unsicheren und teueren Kriegszeiten ließen die notwendigsten Anschaffungen nicht zu. Aber der Bittsteller ließ sich nicht so leicht abweisen. Er wiederholte noch einmal sein Gesuch, veranlaßte die Gemeindeverwaltung ebenfalls zu einer Anfrage. Er begab sich selbst zum Hochwürdigsten Herrn Bischof J. J. Koppes, dem er mit solchem Nachdruck sein Anliegen vortrug, daß derselbe den Schwestern riet, dem ungestümen Bittsteller zu helfen, wenn es nur irgendwie möglich wäre.“ 1

Interessant ass dës kuerz Ausféierung vum Här Donkel schonn. Do ass ee Paschtouer, dee mat groussem Äifer ee Plang an eng Iddie huet, an deen sech dann och net gëtt, fir seng Iddie ëmzesetzen. An weider ass et interessant fir eis haut ze gesinn, dass deemools och d’Gemengeführung sech aspane léist, fir esou eng Grënnung vun engem Klouschter zu Consdorf ze ënnerstëtzen.

Den Här Paschtouer Jentgen huet dann och seng Relatiounen spille gelooss, fir méiglechst vill finanziell Ënnerstëtzung fir säi Projet opzedreiwen. De September 1917 schon ass d’Generaloberin Paula Lentz zesummen mat der Schwëster Magdalena Kuhn op Consdorf komm, fir iwwert de Plang mat den Autoritéiten ze schwätzen. Si goufen deemools vum Buergermeeschter J. Wolff an de Leit mat Freed begréisst, wéi den Här Donkel schreift. 2 De 7. Oktober koum et dann zum Ënnerschreiwen vun engem Ofkommes tëschent der Gemeng Consdorf an de Schwësteren. Dëst Ofkommes ass vu grousser Bedeitung a wier an aus eiser haiteger politescher Situatioun esou net méi méiglech. Noliesen kann een den Inhalt an der Broschür vum Här Donkel.

D’Gemeng huet fir d’Schwësteren een Haus gelount, wou si déi éischt Zäit konnten wunnen. Dëst Haus huet enger Joffer Nockels gehéiert a gouf am Volleksmond „a Schenten“ genannt. D’Haus steet och nach haut praktesch nom äusseren Schäin selwecht wéi deemools an der Lëtzebuergerstrooss. Den 3. November ass déi éischt Oberin vun der Consdorfer Gemeinschaft komm, d’Schwëster Clara Hoffmann.

Fir d’Schwesterengemeinschaft war et wichteg eng Kapell ze hunn. Leider war dat an deem gelounten Haus net méiglech. Dofir ass scho fréi no enger neier Platz gesicht ginn. Den 31. Januar 1918 huet déi Consdorfer Kierchefabréck de Schwësteren dunn een Haus verkaaft, dat si duerch ee Schenkungsakt vum 16. August 1916 vun der Joffer Catherine Kass kritt haten. Fir deemools 2500 Frang hunn d’Schwësteren dunn dësen neien Ënnerdaach kritt. Am Akt ass vermierkt, dass d’Joffer Kass liewenslaang kéint am Haus wunnen a och misst am Fall vu Krankheet versuergt ginn. 3 Domadder war awer de Grondsteen geluecht fir een eegent Haus vun de Schwësteren zu Consdorf.

Op dësem neien Grondstéck konnt lo ee richtegt klengt Klouschter gebaut ginn. Den Här Donkel beschreift a senger Broschür wien do alles matgehollef huet. Den Här Paschtouer Jentgen war an all deem ëmmer präsent. „Der Pfarrer selbst war gleichsam Tag und Nacht auf der Baustelle anwesend, um immer nach dem Rechten zu sehen.“ 4 De 15. September 1919 war d’Aweihung. Den Här Jentgen huet selwer déi éischt Mass an der neier Kapell vun de Schwesteren gefeiert an den Seminärsprofesser Georg Kieffer huet d’Festpriedegt gehalen. 5

Den Här Paschtouer Jentgen hat déi ganz Geschicht mat engem Klouschter zu Consdorf an d’Rulle bruecht. Hei soll elo och op epuer Leit higewise sinn, ouni déi zu Consdorf de Bau vum Klouschter net esou méiglech gewiescht wier.
* Déi éischt Persoun ass d’Mme Catherine Pier, déi den 19.10.1843 um Douschterterhaff gebuere gi war an déi mat dem Jean Reichling bestuet war. Si huet mat groussen finanziellen Mëttel de Bau vun deem neie Klouschter gefërdert. Si ass den 28.2.1925 am Zithaklouschter an der Stadt gestuerwen. 6
* Déi zweet Persoun ass d’Joffer Catherine Kass, déi eben hiert Eegentum geschenkt huet an esou de Bau méiglech gemaach huet. Si war den 7.11.1836 gebuer ginn Den 1.1.1925 ass si bäi de Schwësteren zu Consdorf gestuerwen. 7
* Deen drëtten ass den deemolegen Buergermeeschter J. Wolff. Hien ass den 21.1.1867 op der Consdorfer Millen gebuere ginn an den 6.1.1933 gestuerwen. Zesummen mat dem Paschtouer Jentgen huet hien alles a Beweegung gesat, fir d’Schwësteren op Consdorf ze kréien an huet eben vu politescher Säit Ënnerstëtzung gebueden, dass de Projet konnt ausgefouert ginn. 8

Wat waren de Schwësteren hier Betätegungen zu Consdorf? D’Schwësteren hunn vun Ufank un zu Consdorf ambulant Krankepfleg gemaach. Si hunn dann eng Spillschoul fir d’Gemeng Consdorf organiséiert an si hunn Handaarbechtsunterrecht an de Schoule ginn. Spéider hunn si sech och ëm d’Kierch gekëmmert, dat heescht si hunn d’Kierch gerëscht an d’Kierchewäsch gemaach. Am an nom zweete Weltkrich hunn si hier Aktivitéit an der Krankepfleg an och an der Schoul op d’Nopesch-Gemengen ausgedehnt. 9

1966 ass de Plang entstanen ee méi grousst Haus ze bauen, fir dann do Pensionären opzehuelen an si ze versuergen. Enn vun den sechzeger Joren war dëst Haus fäerdeg. Bis haut ass dëst Haus d’Basis fir d’Wierken an d’Schaffen vun de Schwësteren zu Consdorf. Mëttlerweil huet sech Villes verännert. D’Schwësteren selwer hu kaum Nowuess an hunn hier Aarbechten missen a méi jonk Hänn ginn. D’Altersheim gëtt haut net méi vun eise Schwësteren geleet. Awer si sinn a bleiwen déi gutt Séil vun deem Haus. Duerch hiren Asatz iwwert dës honnert Joer hunn si hei Grousses geleescht. Mir sollen an dierfen ni vergiessen, wou d’Wuerzelen vun dësem Haus leien. Mir sollen dankbar sinn an grad déi éieren, déi an deenen 100 Joer ëmmer nees mat ganzem Asatz do waren fir de Mënschen ze hëllefen.

No 100 Joer geet elo deemnächst d’Altersheim vu Consdorf an eng nei Periode vun senger Geschicht. Vis-à-vis vum alen Haus entsteet een neit a modernt Haus. Domadder geet d’Geschicht weider, déi deemools 1917 ganz bescheiden a kleng ugefaangen huet. Et ass dem Wäitbléck an dem Initiativgeescht vun engem klengen Duerfpaschtouer wéi och dem groussen Devouement an Asatz vun villen Schwësteren am Laf vun deenen 100 Joer ze verdanken, dass dat alles haut esou do steet. Och wa mir haut net méi vill vun Kierch a Glawen, vun Schwësteren a Paschtéier wëllen héieren, sou soll dat eis dach awer ze denke ginn, wat dës Leit sengerzäit opgebaut hunn a vun deem mir bis haut liewen. Merci deene villen Schwësteren, déi hiert Liewen ginn hunn fir dësen Optrag am Dengscht vun de Mënschen aus eisen Dierfer.

Ee groussen a perséinlechen Merci wëll ech, och am Numm vun eiser Parassistentin Josiane Mirkes, soen fir déi vill léif Schwësteren, déi am Laf vun de Joren eise Wee am Haus vum Altersheim gekräizt hunn. Mir hunn hei vill schéin a munch traureg Momenter zesummen erlieft a mir hunn virun allem eng ganz grouss an déif Frëndschaft um mënschleche Plang wéi och an eisem gemeinsamen Glawen fonnt. Ech soen einfach Merci fir dat Gefill vu Gebuergenheet a vun Wëllkomm, dat eis entgéintbruecht gouf a gëtt.

Carlo Morbach, Paschtouer

1 Emile Donkel, Kirche und Kloster in Consdorf. Zum goldenen Jubiläum des Klosters (1917-1967), Luxemburg 1967, S. 21.
2 Ebd. S. 22.
3 Vgl. ebd. S. 24.
4 Ebd. S. 25.
5 Vgl. ebd. S. 28.
6 Vgl. ebd. S. 29ff.
7 Vgl. ebd. S. 31.
8 Vgl. ebd. S. 31f.
9 Vgl. ebd. S. 37.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement