fr lb

D’Friddensliicht vu Betlehem

Friiddensliicht / la lumière de la paix
by_christophe_hubert_-_intranet.cathol.lu

Friddensliicht vu Betlehem

D’Friddensliicht erënnert eis un,

  • dat wat d’Engelen bei der Gebuert vu Jesus sangen:
    Fridden de Mënschen op der Äerd.
  • un den Ouschtergrouss vum operstanen Jesus Christus
    Op Ouschteren begréisst de Jesus seng Frënn: “de Fridden sief mat äech all.”

D’Verdeelen vum Friddensliicht

Dat ass eng Initiativ vun den internationalen Guiden a Scouten.
All Joer gëtt d’Flam vum Friddensliicht zu Betlehem ugefaang an an Éisträich bruecht.
All Joer geet eng Delegatioun vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten an Éisträich d’Friddensliicht sichen.

  1. Am Kader vun enger internationaler Aussendungsfeier an Éisträich
    fänken si hier Käerz un dem Friddensliicht un
  2. bréngen si d’Friddensliicht op Lëtzebuerg,
  3. wou et dann un déi eenzel lokal Gruppen verdeelt gëtt,
  4. déi et dann duerno an den eenzelnen Paren normalerweis op Chrëschtdag un d’Leit verdeelen,
  5. déi et dann heem an hir Famill bréngen.

Sou gëtt aus enger klenger Flam,
déi vu Betlehem aus geet
e grousst Liicht fir jiddereen.

Loosse mär d’Liicht vu Betlehem eran
an eis Häerzer, an eis Familljen, an eis Dierfer a Paren.

weiderféiernd Artikelen

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement