|
Babykrees am Porhaus zu EschdöerfAm Babykrees hu Dir d’Méiglechkeet, aner Elteren ze begéinen, Erfarungen ze deelen a Kontakt mat anere Kanner ze fannen an dat an enger häerzlecher Atmosphär, wou Plaz ass fir Versteesdemech a Solidaritéit. Eis Treffe sinn all 2 Wochen ofwiesselnd dënschdes a mëttwochs moies vu 9.00 bis 11.00 Auer am Porhaus zu Eschdöerf (hannert der Kierch). Eis nächst Treffe sinn: Dënschdeg, 21. Mee 2024: Wéivill kann ech mengem Kand zoumudden? Iwwer wat kann ech mat mengem Kand schwätzen? mam Nora van Daele (ES) Mëttwoch, 5. Juni 2024: Den Abschied vun der Wëndel! mam Siri Peiffer (ES) Dënschdeg, 18. Juni 2024: Mir plangen dat neit Babykreesjoer! Wann Dir um Babykrees interesséiert sidd, da mellt Iech wgl. bei eis un! Kontakt: Stéphanie Kasel |