Gemeinsam Rees a Bayern (1)

Dënschdes, de 7. August 2018: Mir maachen äis op de Wee

Um 8h huet eis Rees an der Kapell vum Bëschofshaus ugefaang, wou den Här Äerzbëschof der éischter gemeinsamer Mass vun eisem Grupp virgesatanen huet. Nom Dësch vu Wuert a vum Brout vun der Eucharistie konnte mir äis dunn bei strahlender Sonn un engem räich gedeckte Kaffisdësch fir d’Rees staërken.

Mam beschoflëche Segen hu mir dunn déi ronn 540 km mat den Autoen an Ugrëff geholl a koumen ouni nennenswert Problemer am spéidere Nomëtteg gutt am Norden vu München am Kolping-Ausbildungshotel St. Theresia München un. Owes hu mir dunn eng éischte Kéier mat der gemütlecher a freedeger Atmosphär vun engem typeschen bayerischen Biergarten erliewe kënnen.

Mëttwochs, den 8. August 2018: München

Den éischten ganzen Dag zu München huet mat der Feier vun der Eucharistie – wéi kënnt et anescht sinn - an der Jesuitekierch St. Michael ugefaang. No Erklärungen vun enger Jesuitepater vu München hu mir zesummen d’Stad per pedes erkundschaftet.

Nomëttes stoung eng interessant an ausgiebeg Visite vun der berühmter Brauerei Spaten. Eise Guide huet äis nët nëmmen duerch säin Optrieden a säi Wësse beandrockt, mee och duerch eng fir eis zaart Gemidder heiansdo defteg-hefteg Sprooch.

Donneschdes, de 9. August 2018: München

Haut huet eisen Äerzbëschof Gebuertsdag! Fir seng 60 Joer huet de ganze Grupp zesummegeluecht an him direkt no der Laudes eng rout Mitra geschenkt, déi hien fir déi sëlleche Firmungen beispillsweis kann droen. Passend dozou stoung um 10h30 d’Feier vun der Mass an der Helleg-Geescht-Kierch um Viktualienmarkt um Programm. De Nomëtteg stoung zur fräier Verfügung.

Owes hat den Här Äerzbëschof äis alleguer fir säi Gebuertsdag ze feieren an de Ratskeller ënner um Marienplatz op en formidabelt Owendiessen bei gudder Laun agelueden. Nom Iessen koum do folgend originell Photo zustanen…

Abbé Patrick Muller, Präses

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement