10.10.2020 | Priisterwei vum Vincent De Smet an der Kathedral

Zeremonie aus der Kathedral am Replay

De Vincent De Smet kënnt vun Ettelbréck, wou hien och seng Schoule gemaach huet: als éischt eng Léier an der Verwaltung, dono eng 13e Commerce. Uschléissend huet hien e Propädeutikumsjoer (Aféierungsjoer) am „Grand Séminaire de Luxembourg“ an der Stad gemaach. Vun do aus ass hien dunn an de Service vun den Abonnementer vum „Luxemburger Wort“ schaffe gaangen. No enger Rei Joren am Aarbechtsliewen ass hien dunn am September 2014 an den iwwerdiözesane Priisterseminaire, Studienhaus St. Lambert zu Lantershofen bei Bonn geschéckt ginn, fir Theologie ze studéieren. Zënter senger Wei zum Diakon den 18. Mee 2019 schafft de Vincent De Smet als Diakon an der Par Musel a Syr Saint-Jacques.

kuckt hei d’Fotoe vun der Wei…

Am Virfeld vu senger Priisterwei huet de Priisteramtskandidat Vincent De Smet op eis Froe geäntwert:
kuckt hei de Video mam Interview…

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement