|
Seminaristewoch 2013Kierch sinn an der Pastoralregioun NordenAn der Seminariste-Woch ware mer vum 9. bis de 16. August 2013 op Besuch an der Pastoralregioun Norden. Mir, dat sinn de Präses vum Séminaire Abbé Patrick Hubert, de Spiritual Père Josy Birsens sj an d’Seminaristen Alberto, Daniel, Jacques an Yves. D’Iddi war d’Pastoralregioun Norde kennen ze léieren, vu datt mir all, Präses a Spiritual inclus, an oder no bei der Stad wunnen an dofir den Norden nach net sou kënnen. alles auf dem WegDépart war beim Séminaire. Du goung et op Wooltz (si schreiwen do uewe Wooltz, net Wolz). Wooltz war eis Bas, vu wou aus mer an dëser Woch eis Excursioune gestart hunn. Mir woren am Papa Klein, engem Chalet vun de Scouten, dee matzen a Wooltz läit (ronn 50 Meter nieft dem Schlass). De Chalet ass fir 15 Leit geduecht. Mir waren zu 6, haten also méi wéi genuch Plaz. weil er staunt und stähltDen zweeten Dag hate mer moies Rendezvous zu Rulljen am Haff vun der Famill Klein. Si hunn eis gewisen an erzielt, wat et bedeit, haut Mëllechbauer zu Lëtzebuerg ze sinn. Mir kruten zum Schluss och 3 Liter Mëllech geschenkt, Mëllech direkt vun der Kou. und es ist Sonnenzeit, unbeschwert und freiSonndes hat e mer d’Mass an der Kierch zu Wooltz. Fir déi, déi net vun do sinn : Zu Wooltz ginn et 2 Kierchen, eng uewe bei der Klinik an eng ënnen am Dal. Déi am Dall ass déi vun Nidderwooltz, déi uewen ass déi vu Wooltz (net Uewerwooltz, dat gëtt et net). teil mit mir deinen FriedenMéindes ware mer dunn an der Belsch. Moies ware mer zu Warnech, wou mer d’Communauté des Frênes kenne geléiert hunn. Mëttes goung et op Ciney, wou den Dechen a Leit aus der Par eis d’Cellules paroissiales d’évangélisation erkläert hunn. Owes hu mer d’Kompleet no bysanthineschem Ritus an der Abtei Chevetogne gebiet. das Firmament hat geöffnetDënschdes hate mer d’Geleeënheet, mat de Verantwortlechen aus der Pastoralregioun Norden an dem Parverband Wooltz ze schwätzen, wou si eis hir Iddien a Projete virgestallt hunn. Mëttes huet den Deche mat eis en Tour duerch d’Kierchen vun « senge » Parverbänn gemeet. Owes hu mer d’Helleg-Geescht-Mass fir d’nächst Schouljoer gefeiert, déi och den Abbé Patrick Muller, den neie Präses vum Séminaire, matgefeiert huet. Duerno hu mer de Rosaire intercommunautaire an der Kierch zu Nidderwooltz gebiet. Dat ass all 13. vum Mount tëscht Mee an Oktober. Avis aux amateurs. ich will nur dein WortE Recollectio-Dag an der Abtei zu Klierf stoung mëttwochs um Programm. De Père Henri Delhougne huet eis driwwer geschwat, wat et heescht « Écoutez-le ».Owes hu mer de Präses sortant verabschid. Eng Roll gespillt hunn ënnert anerem en Antrag auf Erteilung eines Antragsformulars zur Bestätigung der Nichtigkeit des Durchschriftexemplars, déi éischt Wierder vum Härgott, eng Tut, e Schal an als Special guest eng Rat. weil er wärmt, wenn er erzähltOp Léiffrawëschdag hu mer un der Rochusprozessioun op Bäessent zu Wooltz deelgeholl. Zwee vun eis haten d’Éier, d’Rochus-Statue ze droen. Nomëttes huet dunn d’Presidentin vun den « Amis du St Pirmin – Pörmesfrönn » eis d’Pörmeskapell an d’Pörmesquell bei Kauneref erkläert. alles auf dem Weg 2No der Ofschlossmass freides hu mer dunn nach agepaakt, geraumt an de Papa Klein gebotzt. Hien ass elo eng richteg Pärel. Du war no enger Woch eis Septemberwoch matzen am August fäerdeg. weil er mitfühltMir wëllen de Leit an der Pastoralregioun Norde fir hire flotten Accueil Merci soen. E besonnesche Merci dem Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich fir d’Lektorat fir den Alberto, dem Regionaldeche Martin Molitor, dem Dechen Nico Jans, dem Dechen Pierre Renard, dem Abbé Michel Meyer, dem Abbé Joël de Brouwer, dem Père Henri Delhougne an de Benediktiner vu Klierf, der Communauté des Frênes, dem Pastoralteam aus der Pastroralregioun Norden an dem Parverband Wooltz, der Famill Klein vu Rulljen, der Presidentin vun den Amis du St. Pirmin – Pörmesfrönn, de Leit aus de Paren a Parverbänn Wooltz, Ëlwen-Wäisswampech, Ciney a Viichten an all deenen, déi mer an dëser Woch begéint hunn. 1 Pastoralregioun an e klengen Détour an d’Belsch, 2 Kilo Nuddelen, 3 Generatioune Bauer, 4 Seminaristen, 5 Stäreschnäizen, 6 verschidde Parverbänn, 7 Etappen um Abschid vum Präses, 8 Deeg, 9 Massen, 10 Rullen Toilettepabeier, 12 Liter Spruddelwaasser, 15 Matratzen an den Dortoiren, 18 Kierchen, Kapellen a Grotten, 28 Dëppercher Joghurt, gefillten 100 mol vu Moustiquë gepickt ginn, 530 Kilometer duerch den Norden, 1000 flott Andréck… Yves |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement