
|
Les membres se présententLiliane Loos, PrésidenteEch sinn d’Liliane Loos, An der lëtzebuerger Kierch engagéieren ech mech als Bénévole am Caté a bei den Aktivitéite fir d’Familljen an der Por Notre-Dame nodeems ech als Haaptamtlech Katechetin 2022 opgehalen hunn. Donieft maachen ech Blummendekoratioun an der Belairer Kierch. Ech hëllefen och an der Zentralafrikanescher Republik, deem drëttaarmste Land vun der Welt. Ech si gär Chrëscht a stinn och fest derzou. Awer ech ëmpfannen, dass verschiddenes an der Institutioun Kierch, net ganz der wonnerbarer Léier vu Jesus entsprécht. Ech kann nëmme schwéier novollzéien,dass Mënschen ausgeschloss ginn. Ausgeschloss vum Sakrament vun der Eucharistie well een gescheet an erëm bestuet ass, Fraen ausgeschloss si vun der Priisterwei souguer vum Diakonat. Vill Freed hunn ech a menger Gemeinschaft an der Por erlieft. An ech bewonneren den Engagement op sou ville Plazen an eisem Land vun de Chrëschte fir Mënschen um Rand vun der Gesellschaft. Déi onzieleg Bazaren, Fester asw si Beispiller. Hei spillen d’Fraen eng enorm Roll, vun der Organisatioun bis zur Ëmsëtzung. Déi Aarbecht an der Kierch gëtt vun der Zivilgesellschaft net genuch geschätzt . Awer och an der Kierch muss do ëmgeduecht ginn an d’Laien(innen) an hir Aarbecht méi unerkannt ginn ; wann elo nei Aemter an der Kierch geschaaft ginn, muss opgepasst ginn,dass déi vill Initiativen, Erfarungen an hëllefräich Hänn net verluer ginn,mee gewertschätzt an ënnerstëtzt ginn. |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement