Rapport vum Synodale Prozess

Rapport vum Synodale Prozess
vu 4 Versammlungen mat der Bedeelegung vu ronn 100 Leit – organiséiert vun der Diözesaner Kommissioun ‚Fra an der Kierch‘ - zu Wolz an um Houwald, de 25. Februar an 19. Abrëll 2022

Vous trouvez le rapport en français en annexe à la fin de l’article

I. Gemeinschaft: Wéi gesinn ech meng Gemeinschaft? Lokal, diözesan oder op Weltebene? Wat deet mir gutt? Wat verletzt mech, wat deet wéi? Wat wënschen ech mir, datt et ännert?

1. Mir brauche kleng, oppe Gemeinschaften, (bei der Opdeelung an déi grouss Paren, sinn déi kleng Duerfgemeinschaften ewechgefall).
• Glawensgemeinschaften, Bezéiungsgemeinschaften, Interessegemeinschaften...
• mat gemeinsamen Ziler (iwwert den Tellerrand eraus).
• Mir mussen eis eiser gemeinsamer Verantwortung aus Daf a Firmung bewosst sinn, an aktiv ginn, ouni op eng Initiativ oder Erlabnis vun uewen erof ze waarden. Vertrauen, an dem aneren eppes zoutrauen, Talenter zouloossen
• mat Kommunikatioun op Aenhéicht an enger gudder Willkommensstruktur,
Beispill ‚Hauskierch‘.

2. D’Liewen an der Gemeinschaft dierf net nëmmen em d’Liturgie vun der Mass dréinen, déi dann un engem Priister hänkt. Mir musse Geleeënheete schafe fir sech ze begéinen an a Gemeinschaft ze liewen: Friddensgebiet, Agape, Gebietsmomenter, Wuertgottesdéngschter, Synodeversammlung, Begéinungen no der Mass, Taizégebiet, Bibelgruppen, Stonnegebiet, Rousekranz, Fraegrupp, Danz, Chorale, Schritt für Schritt, Concert, Kaffisstuff, Konferenzen, Familjegruppen, Kommiounsgruppen, Firmgruppen, Pilgerreesen, ...
Oft feelt et u Kommunikatioun ënnereneen: méi Infoen z.B. u www.cathol.lu ginn, doduerch ginn se uechtert d’Land verbreet.

3. Wéi wëlle mer, dass eis Gemeinschaft fonctionéiert?
• Mir wëlle kee Klerikalismus, kee Muechtkampf fir déi éischt Plaz, keng Diskriminéierung vun de Fraen, Décisioune musse vun ënnen no uewe geholl ginn, da gi se och vun der Gemeinschaft gedroen.
• Wéi vill Kritik packe mer, wéi konfliktfäeg si mer?
• Oppenheet an Accueil fir déi, déi anescht dénken.
• Changementer an der Gesellschaft assuméieren (z.B. jonk Leit engagéieren sech schwéier fir e ganzt Liewen an enger Gemeinschaft, ma éischter fir d‘Virbereedung op e Sakrament, d‘Organiséiere vun engem Fest...) Traditiounen: wat wëlle mer halen, wat änneren? Villes muss an déi haiteg Zäit adaptéiert gi soss fale gutt Traditioune wech.

4. Mir brauche kreativ Fraen déi sech engagéieren, déi méi Verantwortung musse kréien an och déi méi héich Poste kënnen hunn, Fraen déi Multiplikatorinne sinn. Mir mussen d‘Gläichgewicht fannen tëschent aktiver a passiver Participatioun!

5. Suerg ëm d’Jugend an d’Kanner. Suerg ëm d’Flüchtlingen. Suerg ëm d’Ëmwelt: Klimawandel!

II. Participatioun:
Mat fir e Matenaner erliewen ech an der Kierch? Wéi ginn Entscheedunge geholl? Wien hëlt Entscheedungen? Wat soll anescht ginn, fir dat all gedeeften a gefirmte Fraen a Männer hir Verantwortung wouer kennen huelen?

1. An de synodale Gremien (déi mer schonn zum Deel hunn: z.B. Pastoralrot an der Par, am Bistum,) Kompetenz vun de Vertrieder, Réckbindung un d’Gemeinschaft, gemeinsaamt Matsproocherecht, Initiative vun der Gemeinschaft seriö huelen, Subsidiaritéitsprinzip* eescht huelen, kierchlech Ämter a Responsabilitéite mussen op sinn fir Fraen a Männer, bestuet oder zölibatär, Mir brauche Formatioun (Weiderbildung a Begleedung) fir Haaptamtlecher an Ehrenamtlecher, dezentral ugebueden. D’Synodalitéit muss sech a Strukturen erëmspigelen an d’Strukture musse mer eescht huelen.

2. Bedingungen an Haltunge fir dass déi Participatioun méiglech ass:
Oppe Strukturen, Geschwësterlech liewen, Wäertschätzung fir jiddereen, deen eppes bäidroe kann (och wann hien aner Iddien huet), Vertrauensbasis opbauen, Transparenz (Ëmgang mat Mëssbrauch z.B.) a Kommunikatioun, d’Kierch ass beruff exemplaresch ze sinn, nämmlecht Rechter a Flichte fir Fraen a Männer, Glafwierdegkeet vun der Kierch, “Maacht wat Dir sot“: Baarmhäerzegkeet, d’Mënsche gär hunn, Inclusioun z.B. beim Ëmgang mat gescheeten a rembestuetene Koppelen, mat Homosexuellen, ...

3. Wou soll déi Participatioun geschéien: an der Leedung vun der Gemeinschaft, an der Glawensvermëttlung, an der Liturgie, an der Diakonie, Zefriddenheet a Begeeschterung an der Kierch, Unerkennung, Decisioune sollen och vun deene getraff ginn, déi betraff sinn.

4. KatechetIn als Amt aféieren, z.B. Parleedung, Amt vum Priedegen,

*Subsidiaritéitsprinzip: d‘Gemeinschaft huet hir eege Verantwortung, an d’Pastoralequipe intervenéiert wann et muss sinn.

III. Missioun:
Wéi a wou ass Glawen erfuerbar ? Wéi kenne mir haut de Glawen iwwerzeegend deelen ? Wat brauch et dofir?

1. Wat ass Missioun – haut? Optrag vun der Kierch; muss nei entdeckt ginn (dozou gehéiert och dass Frae kënne priedegen a Sakramenter spenden), Glawe liewen a verkënnegen.
Amt vum Priedegen aféieren, dat net u Weihe oder Geschlecht gebonnen ass: jiddwereen, dee gedeeft ass soll dierfe priedegen. Et brauch een e Cahier de charge (Zäitplang, Budget, Ofrechnung) an d’Beoptragen muss siichtbar gemaach ginn.

2. Ween huet déi Missioun auszeféieren:
Zeien a Famill a Gesellschaft; vun all Gedeeften; Temoignage no baussen, Solidaritéit‚ Détermination déterminée’ vun der Kierch fir di Aarm.
Gläichberechtegung vu Fraen a Männer, net gebonnen un en Amt.

3. Inhalt vun där Missioun:
Evangelesch Wäerter am Alldag an an der Welt liewen, bei de Jesus féieren, op d’Leit duergoen (Geh-hin-Kirche): Wéi vill schwätzt Gott eis selwer un? Wat kréien di aner dovunner mat?

Ouni Participatioun a Gemeinschaft, keng Missioun..... Wa mir als Chrëschtinnen a Chrëschte liewen, verännere mer d’Welt!

Rapport Synode – Réunions à Wiltz et au Howald
(25 février 2022)
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement