Liens . Links
 

Lëtzebuerger Massendénger

Update: 09.07.2020
* uklicken: eng Kierchefënster fir eise Schutzpatréiner
* uklicken: Agenda 2020

Iwwersetzung vum Wuert “Massendénger” fir e puer Friemsproochen fir Äre Massendénger zerkläeren:
däitsch: Ministrant
franséisch: servant d’autel
portuguiesch: acólito

Ëmfro fir d’Paren: Unzuel vun de Massendénger, Aktualisatioun vum Fichier vun eise Massendéngerresponsabel. w.e.gl. sou séier wéi méiglech an d’Zentral raschécken. VILLMOOLS MERCI fir all Kooperatioun.

Ëmfro 2020

Mir sammelen an der Zentral alles iwwer den hellegen Tarcisius - Hutt Dir Legenden, Biller, Fotoen, ... kontaktéiert eis einfach. Nëmmen esou kann eisen Dossier zu eisem 1. Schutzpatréiner méi gefëllt ginn. Elo scho scho villmools MERCI fir all Mathëllef.

Hutt Dir eng flott Aktivitéit mat de Massendénger? Loosst eis d’Informatiounen zoukommen. Mir publizéieren et fir Iech op der Homepage vun de Lëtzebuerger Massendénger.
Wëllt Dir datt mir Iech besichen? Frot mat Zäit un, vläicht kann ee vun den Ekippemembere bei Iech kommen.
Hutt Dir eng Iddi fir eng Aktivitéit mat Massendénger? Loosst äis déi wëssen, mir versichen eist Bescht fir eppes dozou ze realiséieren.

geplangte Permanence am Büro:
op Rendez-vous mail

An de Schoulvakanzen ass de Büro net besat - braucht Dir awer eppes: zéckt net a mellt Iech via mail an da kennt Dir gär op Rendez-vous an der Zentral passéieren. Mir hunn eng Bibliothéik mat Bicher iwwer Massendéngerarbecht - hei kennt Dir Iech och gären informéieren a Bicher ausléinen.

PDF 176.2 kB, 24. Abrëll 2020
Ministranten-Glaube-Geschichte
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement