Andeem dir dësen Internetsite benotzt, sidd Dir mat Cookien d'accord, déi äert Surfe verbesseren an eng Statistik iwwert d'Kucke vun de Säiten erstellen. Méi Informatioun.
07.04. + 08.04.2023: #klibberen #klibberen2023
Klibberen an den Dierfer
Alle Massendénger mat hire Frënn aus der Schoul / dem Duerf, Massendéngeresponsabel, Begleeder - ALLE Bedeelegten - Grouss a Kleng- ee grousse, waarme MERCI fir all Är Engagementer wärend der "Klibberzäit".
Vill Massendénger haten niewen dem Klibberen och nach Asaz an de Gottesdéngschter vun de Kardeeg gewisen - a waren nach dee ganzen Ouschterweekend an den Ouschtermassen (Ouschternuecht, Ouschtersonndeg, Ouschterméindeg) an de Kierchen am Asaz!
Merci fir alles - Dir sidd ganz wäertvoll an Ären Dierfer/Paren! Bleift weiderhin aktiv dobäi - ouni Iech ass et net sou lieweg!
Iech all geseenten Ouschteren an eng gutt Ouschterzäit!
Klibbere gesicht:
Hutt Dir eng Klibber doheem an si hënnert Iech bzw. dir kennt déi net méi gebrauchen? Kee Probleem - d’Lëtzebuerger Massendénger freeë sech iwwer all Klibber fir hire Klibberstokk ze vergréisseren. Esou kenne mir Klibberen un déi Gruppe verléngen, déi der net genuch hunn.
Mellt Iech einfach bei eis a mir kennen dann eppes ausmaachen.
Kontakt:massendenger@cathol.lu
Telefon: 44 743 243
07.04. + 08.04.2023: #klibberen #klibberen2023
Klibberen an den Dierfer
Sidd all mat dobäi - Karfreideg a Karsamschdeg gëtt hei zu Lëtzebuerg geklibbert!
Déi Deeg laude keng Kiercheklacken - Massendénger / Kanner gi fir d’Moies-, d’Mëttes- an Owesklack duerch d’Dierfer klibberen a ruffen dobäi "d’Moiesklack laut / d’Mëttesklack laut / d’Owesklack laut" (dacks sinn et och méi laang Spréch - méi Informatiounen heizou am grousse PDF-Dokument mi ënnen op eiser Homepage). Et gëtt awer och fir d’Gottesdéngschter an der Kierch mat de Klibberen "gelaut" z.b: fir op Karfreideg zesummen an der Kierch de Kräizwee ze bieden, fir an d’Karfreidegliturgie ze kommen oder fir op Karsamschdeg fir an d’Ouschternuechtfeier ze kommen.
ganz wichteg: benotzt Dir gären fir Är Klibber-Publizitéit de Logo vun IKI? Opgepasst: dëst musst Dir ufroen - gären stelle mir do fir Iech de Kontakt hir. Mellt Iech bei eis an der Massendéngerzentral a mir hëllefen Iech weider.
Fir de Logo vun de "Lëtzebuerger Massendénger": benotzt do w.e.gl. dee vun eis adaptéierte Logo fir Är Par (krut all Parsekretariat viru längerem zougemailt)- sollt Dir deen net méi hunn/net méi remfannen: Mellt Iech bei eis an der Massendéngerzentral a mir schekken Iech deen nach eemol. Wëllt Dir och nach Är Gemeng / Duerf dobäi stoen hunn: Kontaktéiert eis och an da realiséiere mir dëst op Wonsch!
net vergiessen:
Fotoen/Videoen vum Klibberen eis ranzemailen.
Gären dierft Dir si och (wann dir all Rechter ofgekläert hutt) an de soziale Medien mat #klibberen #klibberen2023
ganz wichteg: benotzt Dir gären fir Är Klibber-Publizitéit de Logo vun IKI: dëst musst Dir ufroen - gären stelle mir do fir Iech de Kontakt hir. Mellt Iech bei eis an der Massendéngerzentral a mir hëllefen Iech weider.