CIM - Coetus Internationalis Ministrantium


Lëtzebuerg ass am aktiv CIM vertrueden, all Joer huet de CIM eng Generalversammlung mat enger Studientagung. Regelméisseg organiséiert de CIM och grouss international Roumwallfahrten

2024: Fréijoer 2024: Generalversammlung zu Braga (P)
2024: international Roumwallfaart
2025: (Fréijoer): Generalversammlung zu Pannonhalma (Ungarn)

Homepage: www.minis-cim.net
Kontakt: cim.praesidium gmail.com

Réckbléck op vergaange Joeren:

2023: Generalversammlung: 06.03.-09.03.2023 zu Split a Kroatien
Op hirer uerdentlecher Generalversammlung vum Mëttwoch, dem 08.03.2023, huet den internationale Massendéngerverband CIM (Coetus Internationalis Ministrantium) zu Bratislava een neie Comité fir déi nächst Amtsperiode gewielt.
Dësen internationale Comité setzt sech elo aus folgende Memberen zesummen:
President: Jean-Claude Kardinol Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
Vizepresident: Alin Irimiciuc, Rumäinien
Sekretär: Tobias Knell, Däitschland
Trésorier: Rui Sousa, Portugal
Memberen: Josip Ivešić, Kroatien a Sarah Hairbucher, Däitschland
Perséinlech Assistentin vum President: Tanja Konsbrück, Lëtzebuerg

2022: 25.08.-28.08.2022: CIM-Wallfaart : Fatima (fir jugendlech Massendénger)

2022: Generalversammlung: 07.03.-10.03.2022 zu Lëtzebuerg

CIM GV2022

2021: Generalversammlung den 03.03.2021 “online”

2020: Generalversammlung vum 02.03. bis den 05.03. zu Lëtzebuerg => als Virsiichtsmossnam zum neie Virus COVID-19 huet eisen Här President dëst Treffen den 27.02.2020 annuléiert.

16.07. + 17.07.2019 : Den CIM-Komitée huet sech eng éischte Kéier, no der läschter Generalversammlung, wärend 2 Deeg am Juli zu Lëtzebuerg versammelt.
Deen neie Komitée huet sech etlech Zieler fir déi kommend Amtsperiod gesat – een Héichpunkt wäert ganz sécher déi 13.international Roumwallfaart am Summer 2023 sinn. Zesumme gouf iwwer déi vergaange Generalversammlung ee Bilan gezunn, an déi nächst Generalversammlung vum Mäerz 2020 zu Lëtzebuerg gouf geplangt.
Ee gemittlechen, frëndschaftlechen Owend am Bëschofshaus, verbonne mat enger Massfeier an engem gemittlechen Iessen hunn dat éischt Treffen vum Komitée, gestäerkt.

2019: Generalversammlung vum 02.04. bis den 04.04. an der Slowakei zu Bratislava

Méindeg, 10. Dezember 2018: Begéignungsowend mam CIM-Comité am Bëscvhofshaus zu Lëtzebuerg
CIM – Coetus Internationalis Ministrantium, gegrënnt 1960, ass den internationale Verband vun de Massendénger. Am Dezember 2018 war de Comité vum CIM op Besuch hei zu Lëtzebuerg, huet ee Réckbléck zur grousser internationaler Roumwallfaart vum Summer 2018 gemaach an déi nächst Generalversammlung fir d’Vertrieder vun der Massendéngerpastoral am Abrëll 2019 zu Bratislava (Slowakei) organiséiert.
Bei der Geleeënheet vun der Comitéssëtzung war och eng Begéinung mam Här Äerzbëschof vu Lëtzebuerg um Programm. Zesumme gouf Méindes Owend iwwer d’Zukunft vum CIM an iwwer vill international Begéinunge gepotert.

2018: Enn Juli/ Unfanks August: grouss International Roumwallfahrt fir Massendénger
2017: Generalversammlung vum 04.09. bis den 07.09. zu Belgrad (Serbien)
2016: Generalversammlung vum 08.09. bis den 10.09. zu Wiesbaden (D)
2015: Generalversammlung vum 08.09. bis den 11.09. an der Diözes Freiburg (D)
2015: 1. Woch am August: grouss International Roumwallfahrt fir Massendénger
2014: Generalversammlung vum 02.09 bis de 05.09. zu Gent (B)
2013: Generalversammlung vum 02.09 bis de 05.09. zu Budapest (H)
2012: Zagreb (HR)
2011: Fatima (P)
2010: Stroossbuerg (F)
2010: 1. Woch am August: grouss International Roumwallfahrt fir Massendénger
2009: Lëtzebuerg
2008: Cluj (RO)
2007: San Guistina (bäi Belluno; I)
2006: Solothurn (CH)
2006: 1. Woch am August: grouss International Roumwallfahrt fir Massendénger
2005: Freising (D)
2004: Eger (H)
2003: Mechelen (B)
2002: Passau (D)
2001: Schengen (L)
2000: Stroossbuerg (F)

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement