nei Massendénger - Fiche - Dateschutz

Op dëser Säit ass déi aktualiséiert Versioun vum Umeldungsformulaire fir wa Kanner bäi d’Massendénger komme wëllen. Mir bieden Iech, fir vun elo un dëse Formulaire (deen zesumme mam Här Uwe Franzen, Dateschutzbeoptragten vum Äerzbistum, ausgeschafft gouf) ze benotzen.

Mir maachen Iech op drop opmierksam, datt dee Logo vun de Lëtzebuerger Massendénger OUNI d’Ajoute vum Numm vun der Par nëmme vun der Massendéngerzentral benotzt dierf ginn. All Par (Betreffend Parsekretariat, Paschtéier aus der Par an all gemellte Responsabel aus der Par) dee Logo mat der Ajoute vum Numm vun der Par 2018 an och soss scho mol zougemailt. Sollt Dir deen net méi hunn - kee Probleem. Mir mailen Iech deen natierlech gären nees zou. Loosst eis et einfach wëssen an da kritt Dir en nees zougemailt.

Villmools MERCI fir Är Kooperatioun.

Formular nei MD
Formular nei MD

Link op d’Säit "Ministranten" beim litugeschen Institut vun Tréier (D)

Hei ee Link zum Thema DATESCHUTZ

Iwwersetzunge vum Wuert Massendénger:

däitsch: Ministrant
franséisch: servant d’autel
portuguiesch: acólito

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement