lb fr

Solidaritéit Pilgerrees
Fong fir déi Krank

Fir déi Leit, déi Kraaft schäffe wëllen op Plazen, déi sech duerch eng staark chrëschtlech Spiritualitéit auszeechnen, bitt d’Äerzdiözees all Joer mat sengem diözesane Pilgerdéngscht Luxpélé asbl e Pilgerprogramm un.
Lourdes ass esou eng privilegéiert Destinatioun fir vill krank, eeler a behënnert Leit, déi eng besonnesch Ënnerstëtzung a Betreiung brauchen a begleet gi vu benevole Mataarbechter vun de “Foulards blancs” vun den LGS (Lëtzebuerger Guiden a Scouten).

De Bäitrag, dee vun de betraffene Persoune gefrot gëtt, deckt net all Onkäschten, déi am Zesummenhang mam Patiententransport ufalen. Fir och an Zukunft Wallfaarten zu abordabele Präisser ubidden ze kënnen, rifft d’Äerzdiözees zur Solidaritéit op.

E grousse Merci fir Ären Don, deen Dir iwert Fondation Sainte-Irmine mache kennt. Hei de Link fir ären Don (online, virement oder digicash) an all weider Informatioune:

https://irmine.lu/lu/st-irmine-project/solidariteit-pilgerrees-fong-fir-dei-krank/


MENTIOUN VUM DON: SOLIDARITÉIT PILGERREESEN – FONG FIR DÉI KRANK
Fondation Sainte-Irmine:
CCPLLULL: LU64 1111 7017 0305 0000
BILLLULL : LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL: LU53 0019 4055 0036 1000

D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmunge


All Pilger op där enger Welt
«D’Léisung kënnt iwwerdeems, datt ee geet»
Saint Bernard de Clairvaux
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement