|
Weltmissiounssonnden 2021De Mond halen? Onméiglech!D’ Motto vum Mount vun der Weltmissioun ass „De Mond halen? Onméiglech!“ a bezitt sech op dat internationaalt Motto „Mir kenne net de Mond halen iwwer dat wat mir gesinn an héieren hunn.“ (Apostelgeschicht 4,20) Wien dem Härgott seng Léift am eegene Liewe gespiert an erfueren huet, kann net anescht wéi dovunner ze schwätzen - genee wéi de Péitrus an de Johannes dat zu Jerusalem gewisen hunn. Des Erfarung vun der Léift vum Härgott am eegene Liewen an der Befreiung déi dat fir den eenzele mat sech bréngt maachen och d’Mënschen an Asien, Afrika, Latäinamerika a bei eis. An dësem Glawen dat de Jesus eis fräi mécht a well dat mir wuessen an um Räich vu Gott matschaffe brauch jidderee Begeeschterung, Iwwerzeegung a Courage fir des befreiend Message ze deelen a virunzezielen. Chrëschten a Chrëschtinne ginn zu Buete vun der Hoffnung, zu Zeien, Zeiinnen a Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun der baarmhäerzeger Léif vu Gott. |