|
Priister fir d’Welt - Wierker vum Hellegen Apostel Péitruss07./08.01.2023Uganks Januar feiere mir an de Massen Dräikinneksdag, Epiphanie. Op dësem Dag denke mir besonnesch un déi Priister an Uerdensleit, déi an hire Länner Formatioune maache fir an hiren Heemechtslänner Kierch opzebauen an d’Mënschen am Glawen ze begleeden. Wei all Joer gëtt un deenen Deeg d’Affer opgehuewe fir d’Ausbildung vu Geeschtlechen an Uerdensleit an hirer Heemecht. D’Mënschen an de Länner vun deene jonke Kierchen sinn no der Pandemie a mat all deene Krisen an der Welt besonnesch Ënnerstëtzung ugewisen. |