|
Kannermissiounssonnden 06. / 07. Februar 2021Thema: Eng Stäip fir Kanner sinnWéi all Joer ass Ufank Februar de Kannermissiounssonnden. An dëser Zäit vun der Pandemie ass et besonnesch wichteg, d’Mënschen a virun allem Kanner an de Länner, déi ënnert Aarmut an defavoriséierten Ëmstänn leiden ze hëllefen. Vu datt et lo net einfach ass eppes ze preparéieren oder zesummenzekommen, fir iwwer d’Situatioun ze informéieren an eppes op d’Been ze stellen, wéi Stäresänger, déi duerch d’Duerf ginn an Done sammelen oder en Apero bei dem Sue fir de Kannermissiounssonnden erakommen oder "just" eng Familljemass mat enger Erklärung vum Projet an dem Affer fir d’Kannermissioun. An dësem Joer ass villes anescht an dir kennt dem Artikel e klengt Ebook fannen fir mat Kanner eppes iwwer de Projet an der Ukrain gewuer ze ginn. Dir fannt awer och Material fir erofzelueden an erauszeprinten um Site, genee wéi en Ziedel fir d’Commande vun den "Jahrbücher" an der DVD iwwer d’Ukrain. Mir soen der Madamm Christiane Hoffmann Merci fir hir Aarbecht. Si huet d’Ebook, d’Videoen an d’Plakat erstallt. Och d’Virlag fir de Gottesdéngscht huet si preparéiert. https://read.bookcreator.com/hcA0ngQ1m6IzTSwBCVUkcGDiszds5BpBwhWfmLn2jz8/KiDxEA_HRBGajT_vJGdiAQ Alternativ: de Video op franseisch... |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement