|
19. Sonndeg am Joereskrees A - 12./13.8.2023
Léif Matchrëschten! De Saz „Fäert net!“ begéint eis an der helleger Schrëft esou dacks, dass et warscheinlech duer geet fir en all Dag eng Kéier do ze liesen. D’Presenz vu Gott hëlt d’Angscht a seet eis, dass mir eben ni eleng sinn. De Geforen am Liewe musse mir eis deemno net eleng stellen. A genee dat, dass Gott mat eis um Wee duerch d’Liewen ass, feiere mir an all Gottesdéngscht. Natierlech kommen ëmmer och Zweiwel an eis un dëser Presenz vu Gott op. Dofir froe mir elo zum Ufank ëm seng Kraaft. Kyrie
Här Jesus Christus, du bass de Grond vun eisem Vertrauen. Här, erbaarm dech.
Dagesgebiet
Allmächtege Gott, mir däerfen dech Papp nennen, well du hues eis als deng Kanner ugeholl an eis de Geescht vun dengem Jong geschéckt. Gëff, datt mir an dësem Geescht wuessen an eng Kéier dee versprachene Loun kréien. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eisen Här. Amen. Gott, du bist bei uns, auch wenn wir dich nicht in mächtigen Zeichen wahrnehmen. Befreie uns aus unseren Ängsten und hilf unserm kleinen Glauben auf, damit wir deine Nähe erfahren und dich preisen durch Jesus Christus, deinen Sohn, der mit dir lebt in Ewigkeit. Dieu éternel et tout-puissant, toi que nous pouvons déjà appeler notre père, fais grandir en nos coeurs l’esprit filial, afin que nous soyons capables d’entrer un jour dans l’héritage qui nous est proomis. Par Jésus Christ. Liesungen : 1 Kön 19, 9ab.11b-13a / Röm 9, 1-5 / Mt 14, 22-33 Lesung aus dem ersten Buch der Könige. Kv Lass uns schauen, o Herr, deine Huld und schenke uns dein Heil! – Kv Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. Halleluja. Halleluja. Ich hoffe auf den Herrn, ich warte auf sein Wort. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. Lecture du premier livre des Rois. R.: Fais-nous voir, Seigneur, ton amour, et donne-nous ton salut. Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains. Alléluia. Alléluia. J’espère le Seigneur, et j’attends sa parole. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. Priedegt
D’Evangelium vun haut huet mech ëmmer erëm faszinéiert. Schonn als klenge Bouf hunn ech mech gefrot, wéi sou eppes soll goen. An dann duecht ech mir och alt erëm, et ass nëmmen eng Geschicht. Wéi och ëmmer, des Geschicht huet dann och derzou verleet fir ee Witz ze maachen. Wann een am Internet e wéineg googelt, da fënnt een z. B. dat hei: De Jesus, den Chuck Norris an ee Paschtouer fueren an engem Boot op engem Séi. De Jesus klëmmt einfach esou matten um Séi aus dem Boot a leeft iwwer d’Waasser. Den Chuck Norris mécht dann dat selwecht. De gudde Paschtouer faalt seng Hänn a biet: „Léiwen Härgott, w.e.gl. maach, dass ech och iwwer d’Waasser lafe kann.“ Duerno klëmmt hien och aus dem Boot an hie geet ënner. Du seet de Jesus zum Chuck Norris: „Mengs du, mir hätten him soe sollen, wou Steng leien?“ Dorop äntwert den Chuck Norris: „Wat fir Steng?“ Mä loosse mir dëse Witz mol sinn. Sou ee Witz weist am Fong eis Verleeënheet mat dem Ëmgang a Verstoen vun dësem Text. Wat ass d’Bedeitung vun dëser Erzielung am Matthäusevangelium? Et ass iwwer däitlech, dass mir dës Erzielung net dierfen als eng historesch Tatsaach huelen.[1] Si reit sech an a Geschichten vun Erscheinungen, déi eis aus dem AT bekannt sinn, z.B. wéi Gott virum Mose erschéngt am Buch Exodus (Ex 3, 1-6). An der Anticke war et eng ganz verbreet Iwwerzeegung, dass ee Gott sech dem Mënsch ka weisen. D’Bibel geet allerdéngs zimmlech zeréckhalend mat esou Beschreiwungen vum Erscheinen vu Gott ëm.[2] D’Geschicht hei ass och gedroen vun den Erscheinungen vun dem Operstanenen no Ouschteren a vum déiwen Ouschterglawen vun de Frënn vum Jesus. De Schlusssaz vum Evangelium vun haut weist dat däitlech. „Wahrhaftig, Gottes Sohn bist du.“ (Mt 14, 33b)[3] Ass d’Erzielung net eng Deitung vun der Geschicht vun deenen éischte Gemeinschaften vu Chrëschten? „Nachdem Jesus die Menge gespeist hatte drängte er die Jünger, ins Boot zu steigen und an das andere Ufer vorauszufahren.“ (Mt 14, 22) De Jesus huet seng Missioun erfëllt. Hie schéckt seng Frënn eraus an d’Welt. Do sollen si lo kucken, dass si viru kommen an eppes erreechen. Awer d’Welt ass dacks däischter. Stierm kommen op. D’Vertrauen geet verluer. Wéi war et deemools? D’Botschaft vum Jesus huet begeeschtert a mat groussem Elan ass versicht ginn des Botschaft weider ze droen. Awer et gouf eben och massiv Géigewand. D’Waasser an de Séi si Biller fir dat, wat esou onberechenbar an eiser Welt kann op eis waarden. Wéi dacks haten déi éischt Chrëschten deemools wuel d’Flemm a woussten net wéi si sollte weider kommen? An och an eiser Zäit ass dat net vill anescht. Wann ech mäi perséinleche Wee an eiser Kierch kucken, da fillen ech mech méi wéi eng Kéier an sou engem klenge Boot op engem stiermesche Séi. Mat Freed hat ech deemools studéiert a wollt de Wee goen fir dem Jesus seng Botschaft ze verkënnegen. Awer ganz séier mierkt een och, dass dat net einfach esou geet a riicht leeft. Ëmmer nees muss een sech mat Widderstänn erëm schloen. Mol sinn et déi eege Schwächten, déi engem eng stiermesch Faart bidden, mol sinn et och onglécklech Situatiounen, mol sinn et Mënschen, déi engem Steng an de Wee leeën an sou weider. An da kënnt dee Moment, wou de Jesus engem perséinlech seet: „Komm klamm eraus!“ Et kritt een neie Mutt. Mä wann ee mierkt wéi komplizéiert da munches ass, verléiert een de Mutt och gären an et dreet een ënner ze goen. D’Erzielung am Evangelium huet eng villschichteg Dimensioun. Dee Moment, wou de Péitruss de Bléck ganz op de Jesus riicht, kann och hien iwwer d’Waasser goen. Hie kuckt an deem Moment d’Realitéit vun der Welt net. Mä kann een dat esou maachen? Ass dat net liichtsënneg? Mir kënnen eis an eiser Kierch och ganz op dat „Frommt“ zeréck zéien, eis quasi vun der Welt ofkapselen. Awer da liewe mir net méi an der Welt.[4] Ass dat eng realistesch Manéier fir eis haut? Mir mussen deemno och op d’Realitéit kucken. De Péitruss kann et net loossen a kuckt de Stuerm. Do dreet hien dann ënner ze goen, well en Angscht huet a kee Vertraue méi an sech selwer. D’Erzielung weist eis am Fong eng Léisung. Mir sollen de Bléck op de Jesus riichten an dobäi op kee Fall d’Realitéit vun der Welt aus den Aen verléieren. De Jesus reecht eng Hand. An zesummen mat him kann de Péitruss zeréck an d’Boot klammen. Och mir mussen et esou maachen. De Bléck op de Jesus riichten a mat senger Botschaft zesummen dann d’Welt huele wéi si ass. Dat kann eis dann ofsécheren a berouegen. D’Erzielung aus dem Evangelium vun haut kann een als eng Geschicht fir ze léieren an der Kateches ugesinn. Si ass weder eng legendär Iwwerliwwerung nach ee Beriicht iwwer historeschen Tatsaachen. Als Erzielung wëll si och eis haut nach weisen, wéi ee kann an enger zimmlech chaotescher Welt liewen an eens ginn an echt Chrëscht sinn.[5] Naja, a mat dem Jesus kënne mir dofir och aus eisem Boot eraus klammen an ouni ze wësse, wou d’Steng leien, der Welt begéinen. [1] Vgl. Rudolf Schnackenburg, Matthäusevangelium 1,1-16,20, NEB 1/1, Echter Verlag Würzburg 4. Auflage 2005, S.137. Fürbitten
Brénge mir eis Gebieder virun eisen Här Jesus Christus:
Dir sief all Éier, elo an ëmmer. Amen. II.
Celui qui a marché sur les eaux n’est pas un fantôme, c’est Jésus ressuscité. En prenant la main qu’il nous tend, nous pouvons entraîner tous nos frères et sœurs à sa suite. Élargissons notre prière aux dimensions du monde. Les yeux levés vers toi, Seigneur, nous te prions. – Pour les responsables des peuples, pour tous ceux et celles qui portent l’espoir de leur nation, prions le Seigneur. – Pour l’Église répandue dans le monde, pour tous les gens engagés au nom de l’Évangile, prions le Seigneur. – Pour les prophètes de notre temps, pour tous ceux et celles qui donnent leur vie pour la vérité, prions le Seigneur. – Pour les malades, le personnel hospitalier et les responsables de la santé publique, prions le Seigneur. – Pour notre communauté tentée parfois par le repli sur soi et le manque de confiance, prions le Seigneur. Dieu notre Père, toi qui as ressuscité Jésus et qui nous promets une vie nouvelle, achève ce que tu as commencé dans notre monde. Fais-nous voir ton amour et conduis-nous vers la vie qui ne finit jamais. Nous te le demandons par ton Fils Jésus qui règne avec toi et l’Esprit pour les siècles des siècles. Amen. Gowegebiet
Här, eise Gott, mir bréngen d’Gowen op den Altor, déi’s du selwer eis geschenkt hues. Huel si vun denger kierchlecher Gemeinschaft entgéint a maach si fir eis all zum Sakrament vum Heel. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Herr, guter Gott, du schenkst uns einst das Erbe in deinem Reich, das uns in deinem Sohn Jesus Christus verheißen wurde. Wenn wir uns nun in Dankbarkeit seiner Taten erinnern und er in Brot und Wein mitten unter uns gegenwärtig wird, dann schenke uns dieses Mahl einen Vorgeschmack auf die zukünftigen Schätze deiner Herrlichkeit. So bitten wir durch Christus unseren Herrn. Seigneur, tu as donné ces présents à ton Église pour qu’elle puisse te les offrir; daigne les accueillir favorablement: qu’ils deviennent, par ta puissance, le sacrement de notre salut. Par Jésus. Hochgebet – „Du Gott der Menschen I“
Sanctus Du kommst, uns zu befreien, Gott, du bist gekommen in Jesus. Wir danken dir für ihn, der Frauen und Männer Darum bitten wir dich, Gott, unser Vater, Am Abend vor seinem Leiden nahm er Brot in seine Hände, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens! Darum setzen wir hier dieses Zeichen unseres Glaubens Sende deinen Geist, Gott, in unsere Mitte – Gib uns allen, die an diesem Mahl teilnehmen, den Geist der Liebe, Gedenke auch all unserer Schwestern und Brüder, Stärke uns mit deinem Geist, der den Frieden wirkt. Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Fäert net, dat seet eis eisen Här Jesus. Eigentlech brauche mir keng Angscht ze hunn. Gott gëtt eis alles, wat mir brauchen. Loosse mir dofir elo esou bieden, wéi eisen Här Jesus eis et geléiert huet: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
Eis Welt ass dacks zimmlech duercherneen. Mir kënnen et do scho mat der Angscht ze di kréien. Awer wa mir selwer eis ëmmer nees asetzen fir Fridden a Gerechtegkeet, da brauche mir och an deem Punkt wéineg Angscht ze hunn. Dofir biede mir: Här Jesus Christus, kuck net op eis Schwaachheet mä op eise gudde Wëllen a schenk eis ëmmer erëm däi Fridden. Schlussgebiet
Baarmhäerzege Gott, mir hunn de Läif an d’Blutt vun dengem Jong empfaangen. Dat hellegt Sakrament soll eis Heel bréngen, et soll eis an der Wourecht erhalen an et soll eis Liicht an der Däischtert sinn. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Gütiger Gott, in Dankbarkeit haben wir empfangen, was Du uns geschenkt hast in der Liebe deines Sohnes zu uns Menschen. Lass diesen Schatz in uns sich mehren und alle Menschen an ihm Anteil haben. Das erbitten wir in der Kraft des Heiligen Geistes durch Christus, unseren Freund und Bruder. Que cette communion à ton sacrement, Seigneur, soit notre délivrance et nous enracine dans ta vétité. Par Jésus.
|