Andeem dir dësen Internetsite benotzt, sidd Dir mat Cookien d'accord, déi äert Surfe verbesseren an eng Statistik iwwert d'Kucke vun de Säiten erstellen. Méi Informatioun.
D’Sonndesmass vum 5. Juni gouf vun Hemstel iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Hemstel séngt d’Mass. Dirigent ass den Thomas P. Osborne, Organistin ass d’Libby Kramer.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée
Komm, Heil’ger Geist
Johann Pachelbel
Agangslidd
Komm, heilger Geist, der Leben schafft
greg., J.F. Doppelbauer, Ingo Bredenbach
Kyrie
gebiet
Gloria
Gloria, Ehre sei Gott
Kathi Stimmer-Salzeder
Tëschegesank
Veni Sancte Spiritus
Magn 243
Alleluja
Alleluia, Esprit donnée pour la vie
Charles Singer, Michel Wackenheim
Credo
gebiet
Offertoire
Fratelli tutti
Claude Bernard, Michel Wackenheim
Sanctus
Missa tertia 1944
Lajos Bárdos
Anamnes
Magn 360,5
Agnus Dei
Missa tertia 1944
Lajos Bárdos
Kommioun
Spirit Blowing through Creation
Marty Haugen
Danksagung
Souffle de Dieu
Michel Scouarnec, Jo Akespimas
Schlusslidd
Send down the fire of your Spirit
Marty Haugen
Sortie
Komm, Heiliger Geist, Herre Gott
Georg Philipp Telemann
Et séngt d’Chorale Sainte-Cécile Hemstel
Direktioun: Thomas P. Osborne
Organistin: d’Libby Kramer
D’Chorale Sainte-Cécile Hemstel
Déi lescht Joren ware sécher net einfach, och nët fir d’Kierchechéier : Covid-19, Alter, Krankheet a Krich sinn net spuerlos laanscht gaangen. Déi Botschaft vun onsem Glawen gëtt ons trotzallem ëmmer nees nei Hoffnung a verlangt, datt mir Chéier am Déngscht vun der chrëschtlecher Gemeinschaft stinn an do zesummen nei Weeër sichen. Fir dat grousst Fest vu Péngschten hunn d’Sängerinnen an d’Sänger vun Hemstel mat hire Frënn vu Biwer nei Harmonien, nei Rythmen a nei Lidder erausgesicht fir klor an däitlech ze proklaméieren, datt mir am Geescht vum Jesus alleguer Bridder a Schwester (Fratelli tutti laut dem Popst Franziskus) sinn an datt mir ons engagéieren fir d’Liewen vun de Menschen iwwerall an onser bedrohter Welt.