|
14. Sonndeg am Joereskrees A - 8./9.7.2023
Léif Matchrëschten! Vill Mënschen wënschen sech Vakanz. Eis Kanner a Jugendlech hu lo nach just e puer Deeg an da geet d’Schouljoer op en Enn. Mä och vill Erwuessener, déi schaffe ginn, kënnen elo an deenen nächste Wochen sech Zäit huelen, fir mol eppes aneres ze maachen an ee wéineg ausspanen vun dem Stress. Allerdéngs, an mengen dat hu mir all scho mol erlieft, d’Vakanz kann och Stress maachen, da wann net alles esou geet, wéi een sech dat mat enger Rees virgestallt huet. Lo si mir um Sonndeg, an de Sonndeg sollt all Woch eng kleng Vakanz sinn. Versiche mir beim Jesus a senger Botschaft elo ee wéineg zur Rou ze kommen. Här Jesus Christus, du luets eis an, fir bäi dech ze kommen. Dagesgebiet
Baarmhäerzege Gott, duerch d’Erniddregung vun dengem Jong um Kräiz hues du eis erëm opgeriicht a vun all Schold fräi gemaach. Erfëll eis mat Freed iwwer d’Erléisung a féier eis all an deng éiweg Séilegkeet. Dorëms biede Christus, eisen Här. Amen. Dieu qui as relevé le monde par les abaissements de ton Fils, donne à tes fidèles une joie sainte; tu les as tirés de l’esclavage du péché; fais-leur connaître le bonheur impérissable. Par Jésus Christ. Gott, du hast Himmel und Erde erschaffen. Wir preisen dich und danken dir, dass du uns nahegekommen bist in Jesus, deinem Sohn. Befreie uns von allem, was uns niederdrückt, und lass uns deine Barmherzigkeit und Güte erfahren. Darum bitten wir dich durch ihn, unsern Herrn. Liesungen: Lesung: Sach 9, 9-10 / Röm 8,9.11-13 / Mt 11, 25-30 Lesung aus dem Buch Sachárja. Kv: Ich will dich erheben, meinen Gott und König. Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. Halleluja. Halleluja. Sei gepriesen, Vater, Herr des Himmels und der Erde; du hast die Geheimnisse des Reiches den Unmündigen offenbart. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. Lecture du livre du prophète Zacharie. R/ Mon Dieu, mon Roi, je bénirai ton nom toujours et à jamais! Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains. Alléluia. Alléluia. Tu es béni, Père, Seigneur du ciel et de la terre, tu as révélé aux tout-petits les mystères du Royaume! Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. Priedegt
Léif Matchrëschten! Et ass een interessant Evangelium, dat mir haut héieren / gelies hunn. “Nehmt mein Joch auf euch!” (Mt 11, 29) Mir sinn hei an eisem Eck vun der Welt jo duerchaus nach vertraut mat der Landwirtschaft. An ech denken déi meescht wëssen wat mat engem “Joch” gemengt ass. Eng schwéier hëlzen Dunn, déi engem oder zwee Déieren, meeschtens Ochsen, op d’Schëlleren geluecht gëtt, fir dass si eng grouss Laascht, ee Won oder ee Plou kënnen zéien. Dat ass natierlech eng Saach, déi haut an eise Géigenden total verschwonnen ass. Eis Baueren schaffen mat groussen a moderne Maschinnen. Mir gesinn dat awer nach haut op der Tëlee, wann aus aarme Géigenden vun der Welt beriicht gëtt. D’Déieren, déi esou fir d’Mënsche musse schaffen, dinn eis da leed. Sou ee Joch war allerdéngs och do, fir dass de Bauer seng Déieren besser konnt leeden a féieren. D’Déieren waren deemno net fräi. Si ware gezwongen fir ze follegen an dat ze maachen, wat de Bauer wollt. Op dat den Déieren wéi gedinn huet, kann ech net soen. Tatsaach ass awer, dass et fir des Déieren wuel ganz ustrengend war, fir esou ze schaffen. Si waren, fir et a mënschleche Begrëffer aus ze drécken, Sklaven, déi hu misste schaffen, sou wéi eben den Här et wollt a kommandéiert huet. Nach haut schwätze mir dofir am Bild dervun, dass Mënschen “ënnerjocht” ginn, wa si gezwonge ginn eppes ze maachen fir anerer oder wat si einfach net wëlle maachen. Mënschen, déi “ënnerjocht” sinn, hu keng Fräiheet. Lo gëtt an eisem Evangelientext vun haut ebe vun esou engem Joch geschwat. Iergendwéi ass mir dat Bild schonn a menger Kannerzäit e wéineg eegenaarteg virkomm. Wat soll un sou engem Joch liicht sinn? Wat soll do net drécken, wéi de Jesus seet? Mäi Bild, dat ech perséinlech vu Gott oder Jesus Christus hunn, meng Virstellung vun deem gudde Papp, kann ech iergendwéi net esou richteg mat dësem Bild vun engem Joch a Verbindung bréngen, och wann et nach esou liicht soll sinn. “Nehmt mein Joch auf euch!” Ech wëll mech jo och net vum Jesus “ënnerjoche” loossen. Ech wëll fräi sinn, absolutt fräi sinn, an dat eben och a mengen reliéisen Iwwerzeegungen. Grad haut si mir Mënschen an der moderner Gesellschaft net méi bereet eis iergendwelleche Reegelen ze “ënnerjochen”. Do sinn dann och reliéis oder kierchlech Reegelen net méi an eisem Programm dran. Wie wëll sech haut nach soe loossen, hie misst all Sonndeg an eng Mass goen? Mä wéi elo dëst Bild aus dem Evangelium vun haut verstoen? Wéi soll ech et interpretéieren? Ass et also iwwerflësseg an net méi eiser Zäit ugepasst? Solle mir et also si loossen? Wat wëll de Jesus hei undeiten? Am Fong geet et drëm, fir dem Jesus an eisem Alldag, an eisem alldeeglechen Liewen no ze follegen. Mä wéi? A fréieren Zäiten an eiser Kierch gouf et eng grouss Mass u Reegelen a Geboter. Du muss hei an du muss do. Du muss Sonndes an d’Mass goen. Du muss reegelméisseg beichte goen. Du muss an du muss! Dat ware schonn zimmlech schwéier Laaschten, déi d’Gemeinschaft vun der Relioun deem Eenzelen am Laf vun der Zäit operluecht hat. Am Juddentum war dat och esou. An de Jesus huet ebe just och dogéint geschwat. Hien huet a sengem Schwätzen an Handelen andauernd domat gestridden. Hie wollt, dass de Mënsch fräi wier vun all deenen Reegelen, déi hien wéi esou ee schwéiert Joch ugestréckt hunn. An do si mir da beim Evangelium vun haut. Säi Joch ass net schwéier. Et ass ee liicht Joch, dat eis am Liewe soll leeden. D’Fro ass, op mir gesinn, wéi et ausgesäit? D’Fro ass, op eis Kierch och an der Vergaangenheet dat esou gesinn huet? Haut hu mir am Evangelium am Fong schonn eng Léisung fir eis Fro héieren: “Kommt alle zu mir, die ihr mühselig und beladen seid! Ich will euch erquicken.” (Mt 11, 28) De Jesus wëll eis fräi maachen vun all deene Reegelen a Gesetzer, déi eis nëmmen ustrécken an déi eis net als fräi Mënsche liewe loossen. Säi Joch, déi eenzeg Reegel am Fong ass déi, dass mir eis géigesäiteg solle gär hunn. Säi Joch kéint ee mat dem Wuert vun der léift erëm ginn. An eisem Liewen begéinen eis ëmmer nees eng Partie Saachen, déi eis zimmlech schwéier nidder drécken. Krankheeten, Suergen, Stierwen vu léiwe Mënschen, d’Eleng-Sinn, dass mir verlooss gi vu Partner an esou weider. Ech denke jiddereen kennt der Fäll, wou et schwéier war oder ass am Liewen. Awer all des Konflikter a Suergen kënne mir zum groussen Deel doduerch léisen, dass mir eis dem Jesus säi Joch vun der Léift opleeën an een deen aneren gär hunn. Dat Eenzegt also, wat hien vun eis wëll a verlaangt, dat ass des grouss Léift. An dat Joch ass eigentlech net schwéier. Léift, déi mir schenken, gëtt eis och erëm zeréck geschenkt. Fürbitten
Loosse mir zu Jesus Christus bieden, deen en Häerz fir d’Nout an d’Suerge vun de Mënschen huet:
Well du, Här, bass gutt a voller Demut. Du schenks eis Rou a Gebuergenheet bäi dir. Dofir soe mir Merci elo an an all Éiwegkeet. Amen. II
«Venez à moi, vous tous qui peinez sous le poids du fardeau», nous invite Jésus. Et prenons dans notre prière tous nos frères et sœurs qui cherchent aussi un lieu de réconfort. Gowegebiet
Härgott, zu denger Éier feiere mir dës Eucharistie. Si soll eis fräi maache vun allem Béisen an eis hëllefen, Dag fir Dag dat neit Liewen, dat mir vun dir geschenkt kritt hunn, siichtbar ze maachen. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Unser Gott, wir haben den Tisch bereitet für die Feier des heiligen Mahles. Du selbst machst uns fähig, diese Feier würdig zu begehen durch Christus, unsern Herrn. Puissions-nous être purifiés, Seigneur, par l’offrande qui t’est consacrée: qu’elle nous conduise, jour après jour, au Royaume où nous vivrons avec toi. Par Jésus. Hochgebet – „Jesus, der Befreier“
Präfation Sanctus Gott, du bist heilig, So bitten wir dich jetzt, guter Gott: Denn am Abend vor seinem Leiden NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er den Kelch mit Wein, dankte wiederum, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens Vater, wir danken dir für Jesus, der unter uns ist. Um diesen Geist bitten wir für unsere Kirche, Um diesen Geist bitten wir für unsere Welt, Wir legen dir auch die Geschichte all derer in die Hand, Guter Gott, rufe uns immer neu auf den Weg, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
An der Nofolleg vum Jesus lieft kee fir sech eleng. An der Gemeinschaft vun de Frënn vum Jesus soll et normal sinn, een Aen fir d’Schwëster oder de Brudder ze hunn an si oder hien erëm mat allem Respekt op de gudde Wee ze begleeden. Biede mir zesummen zu eisem Papp, dass wierklech säi Wëlle soll geschéien an eiser Welt. Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
Fridde kann nëmme do entstoen, wou mir eis Verantwortung géigeniwwer vun eise Matmënschen iwwerhuelen. Datt dat eis awer esou munches ofverlaangt, ass jidder-engem kloer. Dofir biede mir: Här Jesus Christus looss eis ëmmer nees wéi gutt Brid-der a Schwëstere sinn a schenk eis dofir däi grousse Fridden. Schlussgebiet
Härgott, du hues eis mat räiche Gowe beschenkt. Looss eis ëmmer erëm Merci soen fir all dat Gutt an eisem Liewen, wat mir geschenkt kréien, a looss eis all eng Kéier béi dir doheem sinn. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Liewege Gott, mir hunn dierfen Gemeinschaft mat dir erliewen. Dofir soe mir Merci. Begleet eis elo, wa mir an eisen Alldag zeréckginn. Looss däi Wuert an däi Brout an eis hir Kraaft entfalen, fir datt mir deng Presenz an deng Léift zu de Mënsche bréngen - an dat am Schwätzen wéi am Maachen. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Gott der Barmherzigkeit und Liebe, wir haben das Gedächtnis des Leidens und der Auferstehung Christi gefeiert und das heilige Sakrament empfangen. Was uns dein Sohn in unergründlicher Liebe geschenkt hat, das werde uns nicht zum Gericht, sondern helfe uns zum ewigen Heil, durch ihn, Christus, unsern Herrn. Comblés d’un si grand bien, nous te supplions, Seigneur: fais que nous en retirions des fruits pour notre salut, et que jamais nous ne cessions de chanter ta louange. Par Jésus.
|