23. Sonndeg am Joereskrees A - 5./6.9.2020


Home Back Print Kontakt

Aféierung an d’Mass

Léif Matchrëschten! D’Welt ass schonn zimmlech komplizéiert. Villes leeft schif. Mir gesinn dat jo och an eiser Zäit. De Mënsch ass u Villem schold. A senger Gurmangsegkeet a Récksiichtslosegkeet mécht hien Villes falsch an zerstéiert d’Natur, vläicht esouguer um Enn sech selwer. An awer huet de Mënsch och ee Geescht, deen hien denke léist, deen him och Asiicht gëtt an säin Handelen. De Mënsch ass doduerch och fäeg, fir sech selwer ze änneren. Als Chrëschte gleewe mir, dass Gott genee dowéinst och Vertrauen an eis setzt. Mir kënnen dës Welt zum Gudden hin veränneren. Just mir mussen et och maachen an net nëmmen alles esou lafe loossen. Loosse mir eis vu Gott opruffen eis ze veränneren an eis u seng Geboter ze halen. Froe mir ëm säin Erbaarmen:

Här Jesus Christus,
- du bass komm, fir eis mat Gott ze versönen. Här, erbaarm dech eiser.
- du hues eis opgedroen eis och ee mat deem aneren ze versönen. Christus, erbaarm dech eiser.
- du selwer bass eise Fridden an eis Versönung. Här, erbaarm dech eiser.

Eisen Här soll sech eiser erbaarmen. Hien soll eis d’Kraaft schenken, fir eis vun gewinntem Feelverhalen ofzekéieren, fir esou op de Wee vun senger Botschaft zeréckzefannen. Amen.

Dagesgebiet

Gudde Gott, du hues eis duerch déi Jong Jesus Christus erléist
an als deng Kanner ugeholl.
Kuck voll Guttheet op all, déi u Christus gleewen,
a schenk hinnen déi echt Freed an déi éiweg Ierfschaft.
Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här. Amen.

Dieu qui as envoyé ton Fils pour nous sauver
et pour faire de nous tes enfants d’adoption,
regarde avec bonté ceux que tu aimes comme un père ;
puisque nous croyons au Christ,
accorde-nous la vraie liberté et la vie éternelle. Par Jésus Christ.

Gott und Vater, unseres Herrn Jesus Christus,
wir sind im Namen deines Sohnes versammelt. Er ist mitten unter uns.
Lass uns aus der Freude des Evangeliums leben.
Darum bitten wir dich durch Jesus Christus, deinen Sohn und unseren Bruder,
der mit dir und dem Heiligen Geist in unserer Mitte lebt jetzt und in Ewigkeit.

Liesungen: Lesung: Ez 33,7-9 / Röm 13, 8-10 Evangelium: Mt 18, 15-20

Lesung aus dem Buch Ezéchiel.
So spricht der Herr:
Du Menschensohn, ich habe dich dem Haus Israel als Wächter gegeben;
wenn du ein Wort aus meinem Mund hörst, musst du sie vor mir warnen.
Wenn ich zum Schuldigen sage: Schuldiger, du musst sterben!
und wenn du nicht redest, um den Schuldigen vor seinem Weg zu warnen,
dann wird dieser Schuldige seiner Sünde wegen sterben;
sein Blut aber fordere ich aus deiner Hand zurück.
Du aber, wenn du einen Schuldigen vor seinem Weg gewarnt hast,
damit er umkehrt, und er sich nicht abkehrt von seinem Weg,
dann wird er seiner Sünde wegen sterben; du aber hast dein Leben gerettet.

Kv.: Hört auf die Stimme des Herrn; verhärtet nicht euer Herz!
Kommt, lasst uns jubeln dem Herrn, *
jauchzen dem Fels unsres Heiles!
Lasst uns mit Dank seinem Angesicht nahen, *
ihm jauchzen mit Liedern! – (Kv)
Kommt, wir wollen uns niederwerfen, uns vor ihm verneigen, *
lasst uns niederknien vor dem Herrn, unserm Schöpfer!
Denn er ist unser Gott, / wir sind das Volk seiner Weide, *
die Herde, von seiner Hand geführt. – (Kv)
Würdet ihr doch heute auf seine Stimme hören! /
Verhärtet euer Herz nicht wie in Meríba, *
wie in der Wüste am Tag von Massa!
Dort haben eure Väter mich versucht, *
sie stellten mich auf die Probe und hatten doch mein Tun gesehen. – Kv

Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom.
Schwestern und Brüder!
Niemandem bleibt etwas schuldig, außer der gegenseitigen Liebe!
Wer den andern liebt, hat das Gesetz erfüllt.
Denn die Gebote: Du sollst nicht die Ehe brechen,
du sollst nicht töten, du sollst nicht stehlen,
du sollst nicht begehren! und alle anderen Gebote
sind in dem einen Satz zusammengefasst:
Du sollst deinen Nächsten lieben wie dich selbst.
Die Liebe tut dem Nächsten nichts Böses.
Also ist die Liebe die Erfüllung des Gesetzes.

Halleluja. Halleluja. Gott hat in Christus die Welt mit sich versöhnt
und uns das Wort von der Versöhnung anvertraut. Halleluja.

Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus.
In jener Zeit sprach Jesus zu seinen Jüngern:
Wenn dein Bruder gegen dich sündigt,
dann geh und weise ihn unter vier Augen zurecht!
Hört er auf dich, so hast du deinen Bruder zurückgewonnen.
Hört er aber nicht auf dich, dann nimm einen oder zwei mit dir,
damit die ganze Sache durch die Aussage von zwei oder drei Zeugen entschieden werde.
Hört er auch auf sie nicht, dann sag es der Gemeinde!
Hört er aber auch auf die Gemeinde nicht,
dann sei er für dich wie ein Heide oder ein Zöllner.
Amen, ich sage euch: Alles, was ihr auf Erden binden werdet,
das wird auch im Himmel gebunden sein,
und alles, was ihr auf Erden lösen werdet,
das wird auch im Himmel gelöst sein.
Weiter sage ich euch: Was auch immer zwei von euch auf Erden einmütig erbitten,
werden sie von meinem himmlischen Vater erhalten.
Denn wo zwei oder drei in meinem Namen versammelt sind,
da bin ich mitten unter ihnen.

Lecture du livre du prophète Ézékiel.
La parole du Seigneur me fut adressée :
« Fils d’homme, je fais de toi un guetteur
pour la maison d’Israël.
Lorsque tu entendras une parole de ma bouche,
tu les avertiras de ma part.
Si je dis au méchant : ‘Tu vas mourir’,
et que tu ne l’avertisses pas,
si tu ne lui dis pas d’abandonner sa conduite mauvaise,
lui, le méchant, mourra de son péché,
mais à toi, je demanderai compte de son sang.
Au contraire, si tu avertis le méchant d’abandonner sa conduite,
et qu’il ne s’en détourne pas,
lui mourra de son péché,
mais toi, tu auras sauvé ta vie. »

PSAUME: (Ps 94 (95), 1-2, 6-7ab, 7d-8a.9)
R/ Aujourd’hui, ne fermez pas votre cœur,
mais écoutez la voix du Seigneur !
(cf. Ps 94, 8a.7d)
Venez, crions de joie pour le Seigneur,
acclamons notre Rocher, notre salut !
Allons jusqu’à lui en rendant grâce,
par nos hymnes de fête acclamons-le !
Entrez, inclinez-vous, prosternez-vous,
adorons le Seigneur qui nous a faits.
Oui, il est notre Dieu ;
nous sommes le peuple qu’il conduit.
Aujourd’hui écouterez-vous sa parole ?
« Ne fermez pas votre cœur comme au désert,
où vos pères m’ont tenté et provoqué,
et pourtant ils avaient vu mon exploit. »

Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains.
Frères,
n’ayez de dette envers personne, sauf celle de l’amour mutuel,
car celui qui aime les autres a pleinement accompli la Loi.
La Loi dit :
Tu ne commettras pas d’adultère,
tu ne commettras pas de meurtre,
tu ne commettras pas de vol,
tu ne convoiteras pas.

Ces commandements et tous les autres
se résument dans cette parole :
Tu aimeras ton prochain comme toi-même.
L’amour ne fait rien de mal au prochain.
Donc, le plein accomplissement de la Loi, c’est l’amour.

Alléluia. Alléluia. Dans le Christ, Dieu réconciliait le monde avec lui :
il a mis dans notre bouche la parole de la réconciliation. Alléluia.

Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu.
En ce temps-là, Jésus disait à ses disciples :
« Si ton frère a commis un péché contre toi,
va lui faire des reproches seul à seul.
S’il t’écoute, tu as gagné ton frère.
S’il ne t’écoute pas, prends en plus avec toi une ou deux personnes
afin que toute l’affaire soit réglée
sur la parole de deux ou trois témoins.
S’il refuse de les écouter, dis-le à l’assemblée de l’Église ;
s’il refuse encore d’écouter l’Église,
considère-le comme un païen et un publicain.
Amen, je vous le dis : tout ce que vous aurez lié sur la terre
sera lié dans le ciel, et tout ce que vous aurez délié sur la terre sera délié dans le ciel.
Et pareillement, amen, je vous le dis, si deux d’entre vous sur la terre
se mettent d’accord pour demander quoi que ce soit,
ils l’obtiendront de mon Père qui est aux cieux.
En effet, quand deux ou trois sont réunis en mon nom,
je suis là, au milieu d’eux. »

Priedegt (2020)

Léif Matchrëschten! Ee ganz schéinen Liesungstext hu mir haut vum Paulus héieren. Engersäits ass en einfach ze verstoen an anerersäits wuel awer net ganz esou einfach ze erfëllen. Gi mir mol zesummen dem Paulus an dësen puer Zeilen no.

„Niemandem bleibt etwas schuldig“, sou fänkt hien haut un. Wat genee hei gemengt ass, ass net onbedéngt kloer. Sinn et real Scholden, déi een soll deem aneren erëm bezuelen oder ass eppes aneres hei gemengt? Wa mir an eis mënschlech Relatiounen kucken, da sinn et ganz dacks genee déi kleng a banal materiell Saachen, déi ëmmer nees zum Sträit féieren. Wann alles an deem Beräich wierklech korrekt gereegelt wier, da géif et wuel kaum Grond zu Diskussiounen ginn. An deem Sënn kéint een schonn emol zoustëmmen a soen, et wier gutt, wa jiddereen am Rengen mat sengem Matmënsch wier. Vläicht misst een och an der Gesellschaft natierlech derfir suergen, dass all Mënsch dat zoukënnt, wat hie liewe léist. An eiser Gesellschaft gëtt et deelweis een horrenden Ënnerscheed an de Besëtzverhältnisser an an de Ressourcen, déi deenen engen an deenen aneren zur Verfügung stinn. Do si ganz einfach déi wéineg Superräicher, déi quasi alles hunn an déi absolut Aarm, déi kaum hier Liewen kënnen liewen, well si all Dag drëm kämpfe mussen. „Niemandem bleibt etwas schuldig“ wier a mengen Aen hei vläicht eben och esou ze interpretéieren, dass mir wierklech all Mënsch an der Welt dat zoukomme loossen, wat hien fir ee würdegt Liewe brauch. Mir, déi Räich, sinn deenen Aarmen schonn eppes schëlleg. Also sollte mir duerchaus versichen, déi Scholden ofzedroen.

Mä de Paulus bleift net dobäi stoen. „Niemandem bleibt etwas schuldig, außer der gegenseitigen Liebe!“ Mat deem zweeten Niewesaz kënnt eng ganz wichteg a bedeitend Nuance an d’Spill. D’Léift ass eng Dimensioun, déi sech net einfach um materielle Plang ofspillt. Ech kann materiell gesinn alle Mënschen déi Ressourcen ginn, déi si fir ee Liewe brauchen, well ech ee Gespier fir Gerechtegkeet hunn. Dofir awer muss ech dës Mënschen nach guer net gär hunn. Dat einfacht Gefill fir e gerecht Verdeelen vu Gidder ass nach keng Léift. Et seet just, dass ech éierlech sinn a jidderengem säi Liewen a Wuelergoen zougestinn.

Léift dogéint geet wesentlech méi wäit. Léift gesäit an deem aneren sech selwer. „Du sollst deinen Nächsten lieben wie dich selbst.“ Heescht et jo och dofir hei beim Paulus. Léift huet eppes mat déiwem Respekt, mat Unerkennung, mat Gemeinschaft ze dinn. Deen aneren ass net een aneren, dat sinn ech eigentlech mat selwer. Léift gesäit ee Matmënsch, dee Partner a Liewensgefährten ass. Ech liewen an der Léift net niewent engem Friemen. Ech liewen mat him zesummen an dëser Welt an deelen dat gemeinsaamt Liewen.

Am Lukasevangelium (Lk 10, 25-37) gëtt déi wonnerbar Geschicht vum baarmhäerzege Samariter vum Jesus erzielt. De Jesus weist hei, dass Nächsteléift duerch d’Nout vun deem aneren Mënsch definéiert gëtt an net duerch dat, wat ech als meng Schëllegkeet fir eng gerecht Welt als mäi „Sollen“ gesinn. Natierlech steet ëmmer nees d’Fro am Raum, wien dann deen Nächsten ass, deen ech soll gär hunn. Ass dat just de Matmënsch a menger Famill, a mengem Frëndeskrees, a mengem Land?

Am Kapitel 12 vum Réimerbréif an de Versen 9 bis 21, déi an eiser Liesuerdnung um Sonndeg net gelies ginn, erkläert de Paulus, wie gemengt ass. Vläicht ginn als Resumée déi hei puer Sätz aus deenen Ausféierungen duer. Do heescht et: „Seid allen Menschen gegenüber auf Gutes bedacht! Soweit es euch möglich ist, haltet mit allen Menschen Frieden!“ (Röm 12, 17b.18) Wierklech an echt: all Mënschen an der Welt si wuel gemengt, wann de Paulus iwwert d’Léift schwätzt, déi mir enaner schëlleg sinn. Den Nächsten ass deen anere Mënsch, dee meng Léift brauch. Dat kann mol dee sinn, dee bluddeg um Rand vun der Strooss läit. Dat kann och mol dee sinn, deen am Büro niewent mir sëtzt. Dat kann awer eben och dee sinn, deen zu enger anerer Relioun gehéiert, deen aus engem frieme Land komm ass, deen no Hëllef sicht, deen eng Heemecht brauch.

„Wer den andern liebt, hat das Gesetz erfüllt.“ Mir kennen alleguer déi Geboter, déi de Paulus elo an eiser Liesung opzielt, „und alle anderen Gebote“. Si sinn Spillreegelen am mënschlechen Zesummeliewen. Mir wëssen all, dass mir déi eng oder aner Reegel brauchen als Riichtschnouer fir ee friddlecht Zesummeliewen. Mä eigentlech, wa mir ëmmer an iwwerall aus Léift géifen handelen, da géife mir echt ee fir deen aneren do sinn a kengem eppes Béises dinn oder a Gefor bréngen. Ee klengt aktuellt Beispill ass jo a ville Länner d’Diskussioun ëm d’Ofstandsreegelen an d’Masken wéinst der Covid19-Krankheet. Et ka sinn, dass et lästeg ass. Et kann och deem engen oder aneren net gefalen. Et kann och sinn, dass all dat kee richtegen Sënn oder Erfolleg huet. Awer wéi wier et, wa mir et emol ënnert dem Paulus sengem Bléckwénkel vun der Léift géife kucken an eis einfach géife soen, dass dat elo mol ee Versuch a Beitrag ass fir eis gemeinsam géigesäiteg ze respektéieren. Aus Léift zum Matmënsch maachen ech dat. Aus Léift zu mir maachen meng Matmënschen do mat.Dat wier eng ganz konkret Uwendung vun dem Saz: „Die Liebe tut dem Nächsten nichts Böses.“

A wa mir da schonn emol dobäi sinn, fanne mir mat Sécherheet nach vill aner Beispiller, wou mir esou aus Léift zum Matmënsch eist Verhalen betruechten an dann och hoffentlech änneren. Déi sougenannten „Drëtt Welt“, déi äermste Géigenden vun der Welt mat all hire villen materiellen a sozialen, mat hiren politeschen Problemer sinn heiansdo an eisem Denken wäit ewech. Mä och do kënne mir duerch eist Verhalen Afloss hunn. Aus Léift misste mir ganz dacks aneschters handelen an aneschters liewen. „Du sollst nicht töten, du sollst nicht stehlen, du sollst nicht begehren.“ Dës Geboter kucke mir ëmmer nees just an eisem klengen begrenzten Ëmfeld. Mä si gëllen och vis-à-vis vun deene ville Mënschen an der Welt, déi mir an eisem Konsumrausch bestielen an och ëmbréngen. D’Gesetzer a Reegelen erfëlle mir net nëmmen an eisem direkten Ëmfeld, wa mir Léift an eis droen, mä op Niveau vun der ganzer Welt, am Bléck op all Mënschen. Eréischt dann, wa mir eis Léift esou universal gesinn an och ausüben, hu mir d’Gesetz erfëllt. Amen.

Fürbitten

D’Welt ass voll vu Problemer, déi mir net léise kennen. Mir froen den Härgott em seng Hëllef:

1) Mir biede fir d’Mënschen, déi an der Ëffentlechkeet d’Soen hunn a d’Meenung vu villen Zäitgenosse bilden, datt hiert Wierken ëmmer geleet ass vum Respekt virun der Würd vu jidder Mënsch. Härgott, héier eis.

2) Mir bieden fir all Vertrieder vun der Kierch, déi dagdeeglech am Rampeliicht stinn, datt si déi richteg Wieder fannen an ee glafwürdeg Zeechen ginn.

3) Mir bieden fir all Mënschen, déi op hirer Platz am Alldag versichen hir chrëschtlech Iwwerzeegung zum Ausdrock ze bréngen, datt si d’Kraaft an de Mutt dozou net verléieren.

4) Mir bieden fir all déi Mënschen, déi ee schwéiert Lous ze droen hunn, déi Krank a Behënnert, déi Enttäuscht an Ausgestoussen vun der Gesellschaft, datt si duerch gutt Mënsche getréischt ginn an nei Liewensfreed fannen.

5) Mir bieden fir all verfeint Mënschegruppen, datt si de Wee zum Fridden a Respekt fannen.

6) Mir bieden fir déi jonk Mënschen, déi nach op der Sich no engem eegene Liewenswee sinn, datt si Hëllef a gudde Rot fannen.

7) Mir bieden fir all eis Verstuerwen, datt si béi dir Härgott gutt opgehuewe sinn.

Gudde Gott, duerch déi Jong Jesus Christus, hues du eis ee gudden Wee duerch d’Liewe gewisen. Dofir soe mir dir Merci a luewen an éieren dech elo an an all Éiwegkeet. Amen.

Dieu promet une réponse à nos requêtes lorsque nous nous mettons d’accord sur ce que nous voulons demander. Forts de cette promesse, osons lui présenter nos intentions au sujet des besoins universels de nos frères et sœurs. Seigneur, réponds à notre requête.

  • Prions pour l’Église; animée du souffle de la charité et de la force de l’Esprit, qu’elle continue à dénoncer les injustices et les incohérences humaines.
  • Prions les personnes qui nous gouvernent; qu’elles le fassent avec sagesse et amour, dans le souci de garder l’unité, la justice et la paix.
  • Prions pour les gens qui ne connaissent pas l’Évangile; qu’ils soient touchés par l’amour du Père et qu’ils puissent en être transformés.
  • Prions pour notre communauté chrétienne; que la grâce de l’Évangile du Christ la soutienne dans ses démarches et relations fraternelles.

Dieu notre Père, toi qui as manifesté ton amour universel en nous donnant le Christ et son Esprit, écoute nos prières et daigne les exaucer, par le Christ, notre Seigneur. Amen. (vieliturgique.ca)

Gowegebiet

Här, eise Gott, du schenks eis de Fridden
an du gëss eis d’Kraaft, fir dir opriichteg ze dengen.
Looss eis dech duerch eis Gowen éieren
a looss eis duerch d’Deelhuelen un deem enge Brout an deem enge Kellech
och eng eenzeg grouss Gemeinschaft ginn.
Dorëms biede mir duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

Dieu qui donnes la grâce de te servir avec droiture et de chercher la paix,
fais que cette offrande puisse te glorifier,
et que notre participation à l’eucharistie renforce les liens de notre unité. Par Jésus.

Guter Gott, du hast dein Volk in der Wüste mit Manna gespeist
und Wasser fließen lassen aus dem Felsen.
Du willst auch uns speisen am Tisch deines Sohnes.
Nimm die Gaben an, die wir für dieses Mahl bereitet haben.
Durch Christus, unsern Herrn.

Präfation – „Du verlässt uns nie“

Gott und Vater, wir wenden uns an dich,
weil wir durch Jesus, deinen geliebten Sohn, wissen,
dass du der Gott bist, der sich verschenkt,
der mit uns ein Fest feiern will,
der uns durch einen Bund Frieden und Wahrheit zusichert.
An dich wenden wir uns, weil du uns nie verlässt,
weil du immer zur Barmherzigkeit bereit bist
und uns so annimmst, wie wir sind.
Du überhäufst uns mit deiner Liebe, du bewahrst uns und lädst uns ein,
voranzuschreiten auf dem Weg der Solidarität mit allen Menschen,
wie es uns unser Herr Jesus Christus vorgelebt hat.
Durch ihn preisen wir dich jetzt und in Ewigkeit
und singen voll Freude das Lob deiner Herrlichkeit:

Sanctus

Hochgebet – „Versöhnung IV“

(Nach dem Sanctus fährt der Priester fort)
Herr, unser Gott, wir wollen versuchen,
zu dir zu beten, dir zu danken,
weil es bei uns nicht ganz finster ist, weil wir ein Stück Sonne,
einen Silberstreif Versöhnung gesehen haben in deinem Sohn Jesus Christus.

Wir sehnen uns nach Versöhnung, nach Sonne, nach Licht,
wie die Völker vieler Kulturen die Sonne gesucht haben
in Freude und Furcht, mit lautem Lobpreis und ehrfürchtigem Schweigen.

Wir danken dir für Jesus, der uns einen Weg gezeigt hat,
wie wir unser Leben erhellen können,
wie wir füreinander Sonne sein können,
wie wir Frieden machen und Versöhnung stiften können.

Wir wissen, dass noch viel Dunkelheit,
viel Unversöhnlichkeit auf der Erde lastet,
dass Menschen keine Sonne sehen, weil Angst und Misstrauen,
Egoismus und Machtgier ihr Leben verdunkeln.

Darum bitten wir um den Geist Jesu,
dass er uns freimache, damit wir offen werden füreinander,
damit wir zu Strahlen der Liebe werden.

Dieser Geist Jesu soll, so bitten wir, unter uns und
über Brot und Wein + lebendig werden,
wenn wir jetzt tun, wie er, Jesus, damals getan hat.

Da er die Seinen liebte, die in der Welt waren,
liebte er sie bis zur Vollendung.
Und als die Stunde kam, dass er von dir verherrlicht werde,
nahm er beim Mahl das Brot und sprach den Segen, brach es
und reichte es seinen Jüngern mit den Worten:

NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
DAS IST MEIN LEIB,
DER FÜR EUCH HINGEGEBEN WIRD.

Ebenso nahm er den Kelch mit Wein,
dankte und reichte ihn seinen Jüngern mit den Worten:

NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS:
DAS IST DER KELCH
DES NEUEN UND EWIGEN BUNDES.
MEIN BLUT, DAS FÜR EUCH
UND FÜR ALLE VERGOSSEN WIRD
ZUR VERGEBUNG DER SÜNDEN.
TUT DIES ZU MEINEM GEDÄCHTNIS.

Darum verkünden wir hier und jetzt
das Geheimnis des Glaubens ...
Akklamation

An ihn, deinen Sohn, unseren Bruder, Jesus Christus, denken wir,
aber auch an alle Menschen, die uns nahe sind, weil sie unser Leben erhellen.
Wir bitten für alle Menschen, besonders für jene,
die in ihrer Dunkelheit und Unversöhntheit allein gelassen werden,
damit wir alle spüren, dass die Dunkelheit keine Chance hat
gegen das Licht der Liebe und Versöhnung.

Wir bitten dich für die Kirche - insbesondere bitten wir
für unseren Papst Franziskus und die Gemeinschaft der Bischöfe -,
lass uns alle dein Evangelium in der Welt verkünden.

Treuer Gott, deinem Herzen vertrauen wir die Menschen an,
die wir geliebt haben und die gestorben sind.
Sei du ihnen die Heimat, nach der wir uns sehnen.
Breite bergend die Flügel deiner Gegenwart über die Sterbenden.

Zusammen mit der Gottesmutter Maria
und allen Heiligen loben und preisen wir dich:
Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater,
in der Einheit des Heiligen Geistes alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit.

Vaterunser

Mat de Wierder vun eisem Här Jesus selwer wëll mir all Uleies vun eiser Zäit viru Gott, eise Papp bréngen: Vater unser im Himmel, …

Friddensgebiet

Fridden kann nëmmen di entstoen, wou mir eis Verantwortung vis-à-vis vun eise Matmënschen iwwerhuelen. Dat dat eis awer och munches ofverlaangt, ass eis allen Kloer. Dofir biede mir: Här Jesus, kuck net op eis Feeler, mä op eise gudde Wëllen a schenk eis all däi Fridden.

Schlussgebiet

Här, eise Gott, an dengem Wuert a Sakrament gëss du eis Nahrung a Liewen.
Looss eis duerch dës grouss Gowen an der Léift wuessen
an zur éiweger Gemeinschaft mat dengem Jong Jesus Christus kommen,
hien, dee mat dir lieft a regéiert an all Éiwegkeet. Amen.

Par ta parole et ton pain, Seigneur, tu nourris et fortifies tes fidéles:
accorde-nous de si bien profiter de ces dons
que nous soyons associés pour toujours à la vie de ton Fils. Lui qui règne.

Guter und treuer Gott,
im Mahl deines Sohnes lässt du uns immer neu teilnehmen am Leben der kommenden Welt.
Dafür danken wir dir und bitten dich:
Der Geist, den wir empfangen haben, halte in uns die Hoffnung lebendig
und leite uns an zu Taten der Liebe,
bis du deine Schöpfung vollenden wirst durch Christus, unsern Herrn.


Mass vum 30 August
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!
Mass vum 13 September

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement