Editorial aus dem Parbréif 1/24

Gott schenkt sech selwer!


Home GoBack Print Kontakt

Gott gëtt Mënsch, kënnt an eis Welt an engem klenge Baby, dat gëtt et a kenger anerer Relioun. Gott gëtt ee vun eis: Hien ass Mënsch ginn, huet als Mënsch gelieft ewéi mir a war ons gläich an allem, ausser der Sënd (IV. Héichgebiet). One of us (Joan Osborne), net weltfriem, net enthuewen, net op engem Troun, mä als klengt Kand, iwwert dee Wee, wéi all Mënsch an d’Welt kënnt… deen all Mënsch goe muss.

Den Amerikanesche Franziskaner Richard Rohr schreift: “In seinem Sohn hat Gott Ja gesagt zum Mensch-sein; er hat das Menschliche und das Göttliche – auf den ersten Blick jedenfalls – ununterscheidbar gemacht – und er hat das Menschsein zu dem Ort gemacht, wo seine Begegnung mit uns stattfindet.” All Evangelist huet säi Bléck op dee Moment, wéi de Jesus an d’Weltgeschicht agaangen ass. Eng eigentlech Gebuertsgeschicht fanne mir just beim Matthäus a beim Lukas.

De Matthäus kennt keng Krëpp a kee Stall, keng Hierten. Bei him ass de Jesus e Kinnek, deen d’Stärendeiter (mat Gold Wäirauch a Myrrhe), sou wéi et sech fir e Kinnek gehéiert. Et sinn déi Friem, déi vu wäit hier kommen, déi an deem Kand de Retter vun der Welt erkennen. E Kinnek, deem säi Kinnekräich net sou ass, wéi d’Welt et wëll (oder kennt). De richtege Kinnek ass gebuer – een dee säi Liewen hiergëtt, eng Léift déi sech total verschenkt – deen eng Därekroun droe wäert.

Beim Lukas ass et deen aarmen, deen ee vun eis gëtt – e Sans-abri ouni Wunneng – deen net mol e Steen hat, op deen e säi Kapp leeë konnt. D’Hierde sti fir déi Mënschen, déi um Rand vun der Gesellschaft liewen. Hie wëll eis soen: Gott ass ee vun eis. Deen total solidaresch mat alle Mënschen ass, bis zum Leschten.

Beim Johannes fanne mir déi kierzte Beschreiwung vun der Hl. Nuecht: “Und das Wort wurde Fleisch und wohnte unter uns”! Dat éiwegt Wuert – Logos (grieschech) – net gräifbar – de Johannes als Philosoph vun den Evangelisten. Gott ass net faassbar, hien ass deen Ondenkbaren, deen Onbegrenzten a kënnt a seng Welt (Theologie von oben).

A sengem Buch “Ist das Gott oder kann das weg? Warum Weihnachten ein merkwürdiges Fest ist” schreift de Jakob Friedrichs: “Wenn der ewige Logos tatsächlich Fleisch geworden ist, Teil des ganz normalen Wahnsinns, den wir Welt nennen, des Staubs und der Schande, dann ist damit die Vergeistigung Gottes an ihr Ende gelangt. Dann ist Gott nicht mehr ‚da oben‘ zu finden oder ‚da draußen‘ und schon gar nicht nur dort, wo es fromm oder heilig zugeht, sondern tatsächlich inmitten von allem. Nicht nur im Perfekten, sondern auch im Mittelmaß. Nicht nur wenn es gut läuft, sondern auch wenn es danebengeht. Dann gibt es keine Trennung mehr hier das Heilige, dort der Wahnsinn… Hier das Fromme, das Spirituelle, das Religiöse – dort das Alltägliche, das Unnütze, das Unbedeutende. Nein. Der christliche Glaube erzählt von einem diesseitigen Gott, der die Welt nicht bloß trotz, sondern inmitten ihrer Schwäche liebt.“

Deen eelsten Evangelist Markus fänkt mam Jesus senger Daf am Jordan un. Keng Kandheetsgeschicht, kee Prolog – deen Ablack, wou de Jesus aus dem Waasser kënnt, geet den Himmel op, an eng Stëmm seet: “Du bist mein geliebter Sohn, an dir finde ich Gefallen!” Och eng Art Geburtserzählung – eng spirituell Gebuert.

Gott kënnt an eis Welt, sou wéi se ass, net an eng Welt, wéi mir se gären hätten oder wéi se misst sinn. Gott ass e Realist an solidariséiert sech total mat eis, bis un d‘Kräiz. Et ass kee Moral-Apostel deen an eng idealiséiert Welt kënnt – och wa mir dat feiere mat all eise Chrëschtbeem an Dekoratioun. Hie wëll an eiser Realitéit doheem sinn, ee vun eis.

Kuerz viru Chrëschtdag hunn ech d’lescht Joer d’Kanner gefrot: wat schenkt eis den Härgott op Chrëschtdag? Als Äntwert koum: Léift… Fridden… e Fest… e Kand… a villes méi. Ee Kand huet geäntwert : sech selwer! An domadder war alles gesot.
E besënnlecht a geseentent Fest vu Chrëschtdag!

Francis Erasmy

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement